Reouverture - Musée National de la Résistance et des Droits Humains

01 mar. 2024
Reouverture - Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer, 2024
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

Spéitstens säit der Covid-Pandemie dierft „Resistenz“ deene meeschte Leit e Begrëff sinn. An der Medezin bezeechent si de Widderstand vun engem Organismus géint schiedlech Ëmweltaflëss. Am historesche Sënn, sou den Direkter vum Musée National de la Résistance et des Droits Humains (MNR), Frank Schroeder, ass d’Definitioun oft net sou kloer.

Eng historesch an zäitgenëssesch – jo zäitlos – Anuerdnung vum Begrëff ënnerhëlt den Escher Musée, deen ab dem 1. Mäerz 2024 erëm seng Dieren opmécht. E bléckt zeréck op d’Geschicht vun der Resistenz zu Lëtzebuerg a schléit, doriwwer eraus, de Bou op haut.

Am Hal vum fréiere Monument aux Morts, dem Häerzstéck vum Resistenzmusée, trëfft culture.lu op den Direkter, Frank Schroeder, an den Historiker a Pedagog, Jérôme Courtoy.

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
De Frank Schroeder a Jérôme Courtoy am Hal, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

„Do gëtt et keng Gudder a keng Béiser.“

Resistenz géint wat? „Resistenz ass eppes, wat net géint näischt passéiert. [...] Fir eis am Musée ass et eng individuell oder kollektiv Handlung géint eng tatsächlech oder gefillte Bedrohung“, erkläert de Frank. Et wier dohier wichteg, d’Kontexter ze beliichten, an deene Resistenz stattfënnt.

Fir ze verstoen, wat Resistenz ass, muss ee verstoen, wat d’Ursaach ass. Erzielt gëtt an der Expo dohier iwwert d’Liewe vun de Lëtzebuerger Bierger*innen ënnert dem repressive Regime vun der nationalsozialistescher Besatzungsmuecht. An der Suite ginn déi villfälteg Reaktioune vun der Populatioun ënnert d’Lupp geholl. Dës loungen op engem breede Spektrum iergendwou tëschent Resistenz a Kollaboratioun, net sielen an der Ontätegkeet.

D’Thema wier also e lëtzebuergescht, sou den Direkter. Haut wier d’Gesellschaft awer eng ganz aner wéi deemools. „Mir hunn dohier missen eng Approche fannen, fir dës Geschicht och fir déi Leit kënnen ze erzielen, déi keng Lëtzebuerger Geschicht hunn.“ 

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
Hal, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

Repressioun kann ënnerschiddlechste Formen unhuelen, am Kär ziilt se awer op eng gewaltsam Kontroll vu Mënschen. Si existéiert deemools wéi haut, op verschiddenste Plazen op der Welt. An der Expo ginn dohier net nëmme vergaange Geschichte vun Ënnerdréckung a Widderstand erzielt, mee et ginn och Parallellen op haiteg Konflikter gezunn.

Sou wéi d’Repressioun, huet och d’Resistenz vill Gesiichter. „Do gëtt et keng Gudder a keng Béiser, Resistenz einfach ass Widderstand,“ erkläert den Direkter. „Ob riets oder lénks, jiddweree mécht Resistenz. Wann ech wierklech gleewen, géint eng real Bedrohung Resistenz ze maachen, dann ass dee Begrëff net falsch benotzt.“ Et misst een en awer kontextualiséieren, sou de Frank. De Musée wot domadden en differenzéierte, multiperspektivesche Bléck op d‘Resistenz.

D’Ausstellung: vu 1919 bis 1961 – an haut

Eng systematesche Rapprochement un d’Thema fënnt am Aganksberäich vun der Expo statt. Mat Hëllef vu beschrëften Holzbléck kënnen d’Leit sech hei hier eegen Definitioun vu „Resistenz“ selwer zesummebastelen. Viséiert gëtt hei also eng Ëffnung vum Begrëff.

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
Den Direkter Frank Schroeder, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

Weider féiert de Wee an den Hal vum Musée, deen no senger Aweiung 1956 als Gedenkstätt zu Éiere vun den Affer vum Nationalsozialismus a vun de Minnen a Fabrécken gedéngt huet. Haut awer fënnt een do eng ganz Rëtsch Bildschiermer, déi d'Biographië vun Affer an Täter weise, vu Resistenzler a Kollaborateuren, awer och vu Leit, déi iergendwou dotëschent stoungen. Hei soll den Ëmgang vun Eenzelnen mat der Repressioun am Besatzungsalldag an all senger Villfalt gewise ginn, ouni bestëmmte Gruppen auszeschléissen. „Mir versichen der Komplexitéit vun der deemoleger Gesellschaft Rechnung ze droen“, sou de Jérôme. „Du has all Form vu Reaktiounen, déi et haut nach ëmmer gëtt.

Un den originale Kär vum Musée schléisst sech en Neibau un, deen d‘Ausstellungsfläch signifikativ op 600m2 erweidert. Um Rez-de-chaussée, ginn d’Visiteure/-teusë méi iwwert déi institutionell Strukture gewuer, déi den NS-Ënnerdréckungsapparat um Lafe gehalen hunn. Déi thematesch Bléck gi vun de Verwaltungsstrukture vun der NSDAP iwwert d’Staatspropaganda bis hin zu de verschiddenste Forme vu Repressioun, déi op d’Populatioun ausgeüübt gouf. Beschriwwe gëtt e Liewen am totalitäre Staat. D’Erklärunge gi flankéiert vun enger Timeline, déi sech um zweete Stack fortféiert an d’Zäit vun 1919, direkt nom Éischte Weltkrich, bis zum Eichmann-Prozess 1961 couvréiert. 

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
D'Timeline, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

Uewenop gi verschidden Zorte vu Reaktiounen op d’Repressioun beliicht, déi aus der Zäit vun 1940 bis 1944/45 iwwerliwwert sinn: Sabotage, Géigepropaganda, Streik, Desertéierung asw. Och bis elo zu Lëtzebuerg wéineg betruechten Aspekter wéi d’Geschicht vun de Fraen an der Resistenz fannen hei eng Bün. Besonnesch an d’An stécht déi erëm opgebauten original Barack aus dem Hinzerter Konzentratiounslager, wou vill Lëtzebuerger*innen – dorënner eng jett Resistenzler – hiert d’Liewe gelooss hunn. Um Enn vum historeschen Deel vun der Expo riicht sech de Bléck op d’Nokrichszäit an d’Gebuertsstonn vum Nationalmythos iwwert ee Lëtzebuerg, „dat gëeent géint de Feind ugetrueden ass“, sou de Jérôme. Medailen, Pokaler a Parzeläinstasen zieren d’Wänn. Dem Nationalnarrativ, wat bis haut nowierkt, hält den MNR an der neier Expo en differenzéierte Panorama vu verschiddenste Reaktiounen op d’Repressioun entgéint.

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
D'Hinzerter Barack, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

D’Ausstellung leet vill Wäert op eng biografesch Approche. Déi perséinlech Schicksaler vermënschlechen, sou de Jérôme, déi strukturell Geschicht a maachen se esou méi zougänglech. Sou ginn am Schlussdeel op en neits perséinlech Biographë mat Zitater am Originaltoun gewisen. Am Géigesaz zum Pendant um Stack drënner, sinn et dës Kéier Mënsche vun haut. Trotzdeem doen sech hei Parallellen op. Wéi d’Zäitzeien aus der Besatzungszäit, gesinn si sech och mat der Verletzung vun hire Mënscherechter konfrontéiert. Den Ofschloss vun der Expo informéiert iwwert d’Origine vun de Mënscherechter als direkt Folleg vum Zweete Weltkrich an erkläert wat et mat dësen op sech huet. Fir de Frank steet d’Resistenz nämlech an onmëttelbarer Relatioun zu de Mënscherechter. Si ziilt op hir Verteidegung. „D’Haaptiddi vun der Ausstellung ass et fir ze weisen, wat ka passéieren, wa mir net oppassen.“

Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer
D'Allgemeng Deklaratioun vun de Mënscherechter, Musée National de la Résistance et des Droits Humains © Ben Kraemer

Reouverture

Museographesch komplett iwwerschafft an dräimol sou grouss wéi virdrun, mellt sech de Musée National de la Résistance et des Droits Humains ab haut mat enger neier Dauerausstellung zeréck. Dës féiert, no um aktuelle Fuerschungsstand an a modernem Look, duerch d’Geschicht vun der NS-Besatzungszäit zu Lëtzebuerg a beliicht d’Theme „Resistenz“ a „Mënscherechter“ ënner historesche wéi géigewäertege Gesiichtspunkten.

D’feierlech Erëffnung fir de Grand Public fënnt haut um 1. Mäerz ab 18 Auer statt a gëtt musikalesch begleet vum André Mergenthaler. Iwwert de ganze Weekend vum 2. an 3. Mäerz gi bei fräiem Entrée vun 10 bis 18 Auer guidéiert Visitten a Konferenzen ugebueden. Och en neie Katalog zur Ausstellung ass ab haut erhältlech.