Dany Cage - Tëschent peace a love

08 aoû. 2023
Dany Cage - Tëschent peace a love

Zeen aus der fiktiver Partie vum 'Dany Cage', Foto vum Marc Pavone, © Canopée Production a.s.b.l.
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Zeen aus der fiktiver Partie vum 'Dany Cage', Foto vum Marc Pavone, © Canopée Production a.s.b.l.

Peace and Love. Een Esprit, deen eng Generatioun geformt huet. Den Dany Cage war fir eng kuerz Zäit déi Plaz, wou en zu Lëtzebuerg gelieft gouf wéi néirens anescht. E Bericht iwwert e Film, deen sech dësem wéineg bekannten Deel vun eiser Geschicht widmet. An der Stiffche vun engem aalen Paschtouerhaus am Pafendall treffen ech op d’Tessy Fritz an de François Baldassare vun der Canopée a.s.b.l.

An der Botanik bezeechent de Begrëff „Canopée“ d’Gesamtheet vun alle Bamkrounen am Bësch, déi sech wéi e Schierm iwwert d’Vegetatioun dorënner spaant. Effektiv ëmschléisst och d’Canopée a.s.b.l. eng ganz Rëtsch verschidden Tâchen, déi querbeet all méiglech Beräicher vun der Konscht beréieren. Als eng Aart Neioplo vum inoffizielle Virgänger, dee virdrun zu Berlin als Kënschterkollektiv existéiert huet, gouf d’Associatioun 2015 zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff.

Säit der Grënnung developpéieren si Film- an Theaterprojeten an zënter 2019 empfänken si an hierer Kënschtlerresidenz Gäscht aus aller Welt, déi wärend hirem Openthalt zesumme mat der Equipe vu Canopée ënnert engem Daach liewen. Wärend der Corona-Pandemie huet sech zudeem eng weider Aktiviéitsspart dobäigesellt, wéi d’Tessy mir erzielt. „On a beaucoup travaillé au jardin, et donc on s'est dit, c'est le moment maintenant d’essayer de rattacher les deux arts, la pratique artistique et la pratique potagère.“

En Uleies vu Canopée ass et, duerch d’Abanne vu verschiddenste kulturellen Acteuren/Actricen a Spectateuren/Spectatricen e sozialen Zesummenhalt an eng diszipliniwwergräifend Kuriositéit fir Konscht a Kultur ze schafen. An hirem Esprit knäppt d’Associatioun domat ganz enk un de Sujet vun hirem neisten Dokumentarfilm un.

Den 'Dany Cage', Foto vum Noel Gauny, © Canopée Production a.s.b.l.
Den 'Dany Cage', Foto vum Noel Gauny, © Canopée Production a.s.b.l.

"Ils avaient envie que la société s'émancipe, que la société bouge et que les choses changent."

Am Ufank stoung eng Begéignung. Eng Formatioun féiert de François Baldassare, Regisseur vum Film, 2018 op Paräis, wou hien enges Owes e Concert lauschtere geet. Et spillt den Danilo Gauny. Nom Concert koumen déi zwee an d’Gespréich an de Museker erzielt him d’Geschicht vum Opstig a Fall vun engem berüümt-berüchtegte Club, deem seng Geschäfter hien an den Enn 1960er/Ufank 1970er Joren zu Lëtzebuerg gefouert huet, dem Dany Cage. Fir de François war kloer: D’Story ass filmräif.

Den Dany Cage war e Club, dee vun 1969 bis 1971 an der Rue Beaumont 1 an der Haute-Ville vun der Stad existéiert huet, direkt nieft der Église Saint-Alphonse. Et war kee Lokal wéi en anert zu Lëtzebuerg. Zwar huet den Dany Cage, ganz harmlos, als Restaurant opgemaach, seng Transformatioun zum méi ‚rauen‘ psychedelic-rock-Club huet awer net laang op sech waarde gelooss.

Als éischten DJ vum Haus hat de Men Maas, ee Kolleeg vum Danilo, vun Ufank un den ‚Toun‘ uginn. Déi neisten Disken huet en nach virum RTL Radio Lëtzebuerg aus Paräis beschafe kënnen. Op Frank Zappa, Joe Cocker oder Janis Joplin, d‘experimentell Kläng, déi vu sengem éischten Optrëtt un am Dany Cage gelaaf sinn, haten eng Clientèle ugezunn, déi es genuch hate vum x-ten thé dansant am Costume mat Krawatt an déi eppes erliewe wollten. Et war eng Jugend am Ëmbroch, déi de Club frequentéiert huet, inspiréiert vun den Entwécklungen ëm de Paräisser Mee 1968 an dem Hippie-Esprit, deen allmählech aus den USA eriwwer geschwappt ass.

Zeen aus der fiktiver Partie vum 'Dany Cage', Foto vum Marc Pavone, © Canopée Production a.s.b.l.
Zeen aus der fiktiver Partie vum 'Dany Cage', Foto vum Marc Pavone, © Canopée Production a.s.b.l.

„Cette jeunesse avait le besoin de s’émanciper d’une morale très pesante, d’une éducation extrêmement rigide. Elle avait le besoin de respirer.“ Fir de François erzielt de Film deemno net d‘Geschicht vun engem Club, mee d’Geschicht vun engem Esprit, deen sech an dësem Club manifestéiere konnt, ma awer wäit doriwwer eraus goung. Den Dany Cage war de villen Temoignagen no, déi am Film gewise ginn, eng Plaz, wou ee konnt ee-selwer sinn an eng gewëss Fräiheet genéissen, fir déi anzwousch anescht zu där Zäit kee Raum war.

„C‘est pas forcément des révolutionnaires qui veulent tout foutre en l’air. C’est ni les anarchistes du 19e siècle, ni les communistes du 20e.“ Et ware fir de Realisateur Leit, déi eis sozial a kulturell Ëmgangsforme verännere wollten, déi bis dato duerch streng gesellschaftlech Reegelen definéiert waren. Vun enger politescher, organiséierter Beweegung léisst sech dem François no dobäi awer net schwätzen, mee ebe vill éischter vun engem Esprit, dee Beweegunge wéi den Hippien oder den 68er wuel zu Gronn louch, am Kär awer en universalistescht Ideal vun der Emanzipatioun aus dem moralesche Korsett vun der deemoleger Gesellschaft ugestrieft hätt. D’Zil wier et gewiescht d’Separatioun tëschent de Leit an d’Atomisatioun vum Eenzelen ze iwwerwannen an d’sozial Barrièren ze sprengen. De Realisateur stellt dohier fest: „Dans ce film, ce qui m’intéresse, c'est bien sûr de parler du fait qu'il y a des gens qui sont réunis dans un lieu particulier, pour vivre quelque chose de particulier, mais qui n‘avaient envie non pas de vivre entre eux en communauté dans ce lieu, ils avaient envie que la société s'émancipe, que la société bouge et que les choses changent.“

Avant-Première 'Dany Cage', Photo Laure Rousset Constans, © Canopée Produktion a.s.b.l.
Avant-Première vum 'Dany Cage', virum Ciné Waasserhaus zu Munneref, Foto vum Laure Rousset Constans, © Canopée Produktion a.s.b.l.

Am Joer 1971 koum déi kuerz awer prägend Ära vum Dany Cage schliisslech duerch eng geriichtlech Decisioun op en Enn. No der Schléissung gouf et kee vergläichbart Lokal méi, an domat och kee vergläichbaren Treffpunkt méi zu Lëtzebuerg. Villäicht awer, sou zitt ee vun den Zäitzeien am Film déi batterséiss Konklusioun, hätt de Club schlussendlech jo seng Missioun erfëllt. „[Après tout], l’esprit était dans l’air, les idées étaient dans l’air et elles ont été adoptées et acceptées,“ sou d’Tessy Fritz, d‘Produzentin vum Film.

"On n’était pas dans la production d’un produit, on était dans la passion."

De Film ass eng Collage aus filmeschem Archivmaterial, enger fiktiver Partie, déi d‘Geschicht vum Dany Cage mat Hëllef vu Schauspiller*innen an der Beeforter Disko Flying Dutchman nostellt, souwéi Interviewen mat 18 Zäitzeie, dorënner bekannte Personnage wéi d’Lydie Polfer oder de Gaston Vogel. „Et là, c’était la surprise,“ sou d’Tessy. „Il’y avait énormément de personnes qui ont eu des yeux vraiment très brillants en disant ‚Mais oui, le Dany Cage!‘ Vraiment beaucoup, beaucoup de gens le connaissaient et il y avait beaucoup de sourires. C’était beau d’avoir des personnes de 70 ans et plus avoir ces souvenirs de jeunesse.“

Eng éischt erfollegräich Avant-Première huet de Film schonn den 23. Juli am Ciné Waasserhaus zu Munneref gefeiert. Zwar si weider Avant-Premièren zu Lëtzebuerg geplangt, op en offizielle Kino- oder Telé-Start missten sech d’Leit awer nach gedëllegen. „On espère bien que le film va avoir une vie de festivals.“ Et ass geplangt, datt een sech mam Film op déi verschiddensten national an international Filmfestivaller – dorënner de Lux Film Festival – bewerbt, déi zu engem groussen Deel viraussetzen, datt de Film virdrun nach net ëffentlech virgefouert gouf. Fir de Moment huet Canopée d’Rechter fir eng net-kommerziell Exploitatioun, ma awer nach net fir eng kommerziell. Dës géing aktuell de Budget vum Film ëm e Villfaches sprengen, een Ëmstand, deen d’Tessy bedauert: „Je trouve que c'est important de parler de budget et des moyens parce qu‘en tant qu'a.s.b.l. aussi, on a un gros problème parce qu'on essaye de faire des films, on nous donne accès à un financement qui est très limité, on essaye de faire quand même des films de qualité, mais on n'a pas les moyens après d'aller plus loin, d'acquérir les droits et de diffuser ce film.“

Tournage vum 'Dany Cage', De Realisateur François Baldassage mam Touningenieur Loïc Marissiaux, Disko 'Flying Dutchman', © Josip Nerancic, Gemeng Beaufort
Tournage vum 'Dany Cage', De Realisateur François Baldassage mam Touningenieur Loïc Marissiaux an der Disko 'Flying Dutchman' zu Beefort, © Josip Nerancic / Gemeng Beaufort

Vill Kraaft an Energie sinn an de Film gefloss, an awer stellt de François fest, „qu’on n’était pas dans la production d’un produit, on était dans la passion.“ Dëst ëmsou méi wéinst all deene beweegende Renconteren an Decouverten, déi d’Equipe wärend der Produktioun dierft maachen. Schliisslech hunn déi zwee ee Lëtzebuerg opgedeckt, wat ville Leit dierft wéineg bekannt sinn, ee Lëtzebuerg, „que j’ai découvert sous une autre perspective et d’une manière très vivante par des personnes qui ont parlé sur des choses très personnelles, mais à travers un message très universel,“ wéi d’Tessy constatéiert.

Fir de François ass kloer, datt „l’esprit hippie, c’est des arguments simples, des idées simples, qui peuvent paraître naïves, mais qui sont d’une force: C’est mieux l’amour que la guerre. C’est simple.“ An, et wieren ebe just dës simpel Ideen, déi de Wee an d‘Utopie weisen, „parce qu’en fait, ce serait pas trop difficile de vivre dans un autre monde,“ fënnt d’Tessy, „car si on était un peu plus respectueux l’un de l’autre et qu’on s’aimait un peu plus, il n’y aurait pas la guerre.“


Portfolio vum Film: https://canopee-asbl.com/portfolio/dany-cage/

Musik vum Dani Lo (Danilo Gauny, Grënner vum Dany Cage): https://bfan.link/bistro