TRICK vum Ian de Toffoli

09 mai. 2024
TRICK vum Ian de Toffoli

Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu

Et ass Kiermes op der Bün vum Kasemattentheater: ofgetrennte Gliddmoossen, Draachen, eng Zauberin. De Moritz Schönecker presentéiert eng Fantasiewelt wéi aus engem verdréinte Kannerdram.

Vum 8. bis 17. Mee 2024 fléien am Kasemattentheater d’Fatzen, oder besser d‘Fonken. Gebuede gëtt en Zauberspektakel aus der Fieder vum Ian de Toffoli. Gelonge Charaktere vollféiere gelonge Konschtstécker a brénge mat hire fulminante Wuertgefechter en Diskurstheater op d‘Bün, deen een esou zu Lëtzebuerg nach net gesinn huet. E Gespréich mam Auteur iwwert säin neisten TRICK.

Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho
Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu

„Den Theater, deen ech maache wëll“

Klassesch, sou de Ian de Toffoli, si seng Stécker meeschtens net. „Ech probéiere ganz geziilt, déi véiert Mauer ze duerchbriechen.“ A sengem Theater sicht hien ee „Kommuniounsakt“ tëschent den Zuschauer*innen an de Schauspiller*innen. Seng Stécker solle, wéi hie seet, méi sinn, wéi just e Stéck: „D‘Bierger kommen an den Theater, well do eng Fro diskutéiert gëtt, déi si wëlle matdiskutéieren. Dat ass den Theater, deen ech maache wëll.“

D‘Objete, déi hien am Theater traitéiert, fënnt hien an der politescher Aktualitéit. No sengem leschte gesellschaftskritesche Stéck, Léa et la théorie des systèmes complexes, wollt hien awer eng Auszäit vum Recherchentheater. „Dës Kéier wollt ech eng komplett affichéiert Topegkeet“, sou den Auteur.

Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho
Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu

„Sou, lo knallt et, lo knallt et, lo knallt et.“

D’Stéck erzielt d‘Geschicht vun enger Zauberin „aus engem frieme Land, wäit ewech, wou d’Leit net méi matenee schwätzen a laang Schieter sech iwwert alles geluecht hunn.“ Et ass e Land, wat vu Krich a Leed gezeechent ass, e Land, an deem Laache, Loscht a Witz well laang verluer gaange sinn. Fréier, ass d’Animatrix duerch d’Dierfer gezunn an huet mat hiren Zaubertricker begeeschtert Publikumsmassen an hire Bann gezunn. Dunn war op eemol Schluss. 

Elo wëll si et nach eng Kéier wëssen a versicht et mat enger neier Trupp an engem neie Land. De Problem ass just, datt si et mat enger „Band vun hoffnungslose Gestalten ze dinn huet, déi schonn un der Aufgab scheiteren, e Witz ze erzielen“, sou de Ian de Toffoli. Zesumme stellen si eng nei Show op d’Been – oder sou de Plang – an de Public ass live mat dobäi.

Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho
Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu

D’Zaubershow liwwert de lëschtege Prätext, an deem de Ian de Toffoli seng Discoursen openee pralle léisst. Och dës Kéier hëlt hien nees den Zäitgeescht beim Schlawittchen. A Form vu Réckblenden erzielen déi namenlos Figuren op der Bün nämlech vun hiren Ängschten, déi bei aller emotionaler Iwwerspëtztheet iergendwou dann awer ganz novollzéibar bleiwen. Den Ian de Toffoli veraarbescht am Stéck eng gesellschaftlech Suerg virum imminenten Ënnergang, „e Gefill vun engem konstante Sou, lo knallt et, lo knallt et, lo knallt.“ Et wierkt wéi ee vertraute Stëmmungsbild – ëmmerhin: „D’Apokalyps ass zurzäit jo ganz in, gell?“

„Wéi bréngt een et fäerdeg d’Laachen net ze verléieren an der Apokalyps?“

Am TRICK beschwiert de Ian de Toffoli „eng Welt erop, déi sech guer net méi op Recht an Uerdnung opbaut, mee eng Welt, an där deen, dee méi staark ass, deen anere vreckt schléit, an dann ass et fäerdeg, sou.“ Et ass eng Welt, déi op den zweete Bléck guer net méi sou onvertraut wierkt. 

Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho
Foto: TRICK, Kasemattentheater, 2024 © Alex Carvalho, nola.lu

Dem Ian de Toffoli säin neiste Wierk ass awer keen Trauerspill. Ganz am Géigendeel, et ass e grousse Klamauk am fantastesche Setting mat ville surrealen a komesche Momenter. „Ech wëll, datt gelaacht gëtt“, sou den Auteur. 

De schwaarz-humoregen Zauberspektakel leeft nach bis de 17. Mee am Kasemattentheater a stellt de Public virun déi wichteg Fro: „Wéi bréngt een et fäerdeg d’Laachen net ze verléieren an der Apokalyps?“ Eng Äntwert bitt de Ian de Toffoli zwar net, dofir awer ee chaotescht Feierwierk vun engem Stéck.

ARTICLES