Ech sinn um Enn vun deem, wat ass

30 avr. 2024
Ech sinn um Enn vun deem, wat ass

Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, Samuel Hamen, 2024 © TNL
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, Samuel Hamen, 2024, TNL © TNL 

D’Figur vum Samuel Hamen sengem neie Bünestéck ass um Enn. Si probéiert sech eppes virzestellen, wat iwwert dat erausgeet, wat ass. Geléngt hir de Versuch?

An enger Autopsie vum „Lëtzebuerger Modell“ leet de villfach ausgezeechente Lëtzebuerger Auteur d’Zweifel an d’Suerge vun enger Persoun oppen, déi sech mam Status quo schwéier deet. 

Am Sall, en Doft vu Rindenmulch, eng Reminiszenz un d‘Kandheet vun der erzielender Figur. E kontrastéiert hir existenziell Beklemmung vun haut mat der Onbekëmmertheet vun deemools. Op der Bün vum TNL, d‘Jeanne Werner als Exiléiert am eegene Land. Zeen fir Zeen wot d’Protagonistin - oder de Protagonist - de Versuch: „Ech ka mir virstellen, dass...“ 

Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, Samuel Hamen, 2024, TNL © TNL
Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, Samuel Hamen, 2024, TNL © TNL 

„Ech ka mir virstellen, dass...“

De Monolog start mat engem Constat, dee verbattert festhält, dat eppes net stëmmt am Liewe vun der Figur, déi erzielt. Si kann sech näischt méi virstellen. Scheinbar onbeweegt an enger Schockstarre, bericht si op der Bün am Rindenmulch, wéi si do gelant ass, wou si ass.

Wat fir d’Figur, déi selwer konschtschafend ass, als kreativ Blockad ufänkt, wiisst sech schnell zu engem „generellen Zweifel un hirer Liewensweis“ aus. Kann ech mir hei zu Land och virstellen, keen Auto ze hunn, kee Virgäertchen, kee Max Mara Mantel? Fréier als Kand war dat kee Problem.

D‘Figur reift sech un enger „Lëtzebuerger Realitéit“, wou, sou den Auteur, „villes zimmlech statesch ass. Fir Leit, déi net konform mam Lëtzebuerger Mentalitéitsmodell wëlle sinn, ass et schwéier, sech Alternativen auszedenken, wéi et sech an dësem Land anescht liewe léisst.“ 

Jeanne Werner © TNL
Jeanne Werner © TNL

Lëtzebuerg, (k)ee Wonnerland?

Wourunner dat läit, dorop wëll sech den Auteur net festneele loossen. „Ech hunn ëmmer Angscht virun sou Diagnosen, déi engem da quasi nolafen“, erkläert hien. Trotzdeem wot hien eng virsichteg Ausso: „Ech mengen, datt et vill mam Frick ze dinn huet. Lëtzebuerg ass e Land, an deem et vill kascht fir sech ze realiséieren a fir Suen ze verdéngen, muss een sech u bestëmmte Reegelen halen.“

D’Ried geet vum Lëtzebuerger Dram – wann och implizit. En Haus, eng Schold, Stau. Wat fir d’Generatioun vun de Babyboomer nach e Selbstläufer war, ass fir déi Jonk vun haut kaum bis guer net méi méiglech. Um Ideal huet sech awer trotzdeem wéineg geännert. D’Resultat: Onbehagen an e Gefill vun Ausweelosegkeet.

„Ech géif soen, et ass en Text, dee realistesch d’Stëmmung, déi am Moment an der Gesellschaft herrscht, opsuckelt, fir eeben doriwwer nozedenken, wat et heescht, sech haut des Daags nach Saache virzestellen“, sou de Samuel Hamen. 

„Dräi, véier Zentimeter méi wäit“

De Samuel Hamen steet mat engem Fouss zu Dikrech a mam aneren zu Heidelberg – mat béide Stied verbënnt hien Etappen aus senger Studienzäit. Seng duebel Heemecht erlaabt him, a sengem Text mat enger noutwenneger Distanz bei gläichzäiteger Proximitéit kritesch op eng Liewensrealitéit ze blécken, déi sech ville Jonken no hirem Grand Tour an der Welt doheem am Grand-Duché opdrängt.

Samuel Hamen © Maria Mast
Samuel Hamen © Maria Mast

Domat – sou seng lues Hoffnung – versicht hien en ënnerschwellegt Gefill an der Gesellschaft opzegräifen an an d’Bewosstsi vun der Lëtzebuerger Ëffentlechkeet ze droen. Analog zu der ënnerlecher Entwécklung vun der erzielender Figur trëtt d’Stéck deemno am beschte Fall och an de Käpp vun de Leit eng Dynamik lass, déi zum Nodenken ureegt, „a sief et och just fir dräi, véier Zentimeter méi wäit ze kommen, wéi se virum Stéck waren.“

„Ech erwaarde vum Public awer net just eng Applaushaltung à la Jo, richteg, sou, dat do stëmmt: De Lëtzebuerger Modell ass schrecklech!“ Den Auteur begréisst och Stëmme vu Mënschen, deenen et hei zu Land eben dach geléngt alternativ Liewensweeër ze goen an déi senger Deitung vehement widderspriechen.

Eng zeenesch Liesung – „mat bësse Konfetti“

Ech sinn um Enn vun deem, wat ass hält méi wéi ee Kënnhoken géint déi „Lëtzebuerger Wierklechkeet“ parat. Mat sengem Monolog rëselt de Samuel Hamen um traditionelle Lëtzebuerger Erfollegsrezept a stellt net nëmmen d’Virstellungskraaft vu senger Protagonistin op d’Prouf. 

D’zeenesch Liesung – „mat bësse Konfetti“ – ënnert der kreativer Leedung vum Frank Hoffmann gëtt presentéiert vum Jeanne Werner a feiert de 5. Mee 2024 am Théatre National du Luxembourg seng Premiere. 

ARTICLES