KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM VALERIE REDING - PART 1

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM VALERIE REDING - PART 1

13 déc. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gitt dir béi KulturPur gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen. Schéin dass dir mat dobai sidd!

Fir eis uechtzéngt Emissioun hunn mir déi multidisziplinär Kënschtlerin Valérie Reding bei eis am Studio.

Vun engem ofgebrachenen Architekturstudium op der ETH op d’Büne vum Tanzhaus Zürich. Dem Valérie Reding séin Parcours ass alles anescht wéi langweileg. Op Danz, Fotografie, Make-Up oder Drag Performance, der jonker Lëtzbeuergerin hier multimedial Aarbechte sinn an de verschiddenstente Kontexter an op de verschiddenste Platzen ze gesinn. Vun Drag-Optrëtter op enger Party, iwwert Theaterperfromancen a klengen Off Spacen, huet d’Valérie sech net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och an der Schwäiz en Numm gemaach.

Mir hunn eis mat der interdisziplinärer Kënschtlerin zesumme gesat fir méi iwwert seng Inspiratiounsquellen an seng neiste Projeten eraus ze fannen.

An well d’Valérie esou vill Intressantes ze zielen hat, gëtt dës Emissioun an 2 Folgen ausgestraalt. Déi éischt elo direkt an déi zweet kritt dir dann an 2 Wochen op d’Oueren. 

Méi Informatiounen zum Thema an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • ZHDK

Mat iwwer 2000 Studenten ass d'Züricher Hochschule der Künste déi gréisste Konschtuniversitéit an der Schwäiz. Sie gouf 2007 aus der Fusioun vun der University of Art and Design an der University of Music an Theater geschaaf. Hei kann een alles am Beräich vun Design, Film, Konscht, Medien, Musek, Danz, Theater an Transdisciplinaritéit studéieren.

  • Tanzhaus Zürich

D’Tanzhaus Zürich ass en Zentrum fir zäitgenësseschen Danz an der Schwäiz deen sech ausschliisslech op Danz, Choreographie a Performance konzentréiert. Nieft Workshops a Masterklasse fannen hei och reegelméisseg Danz Residencë statt.

  • Queer Little Lies Festival

Independent Little Lies (ILL) ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen Theaterleit, Artist*innen, Pedagog*innen a Konschtintresséierter zesummebréngt. Hier Produktiounen a Kulturevents gräifen zäitgenëssesch a sozial Themen a véier verschidde Sproochen op. All zwee Joer organiséiert de Kollektiv de queere Festival Queer Little Lies.

  • Dampfzentrale Bern

D'Dampfzentrale zu Bern an der Schwäiz ass e fréiert Industriegebai an haut e kulturellen Zentrum fir zäitgenëssesch Danz a Musek. Hei dierf experimentéiert, debattéiert an entdeckt ginn.

  • Rote Fabrik Zurich

D’Rote Fabrik ass e fréiert Fabrécksgebai zu Zürich-Wollishofen, dat elo als Kulturzentrum benotzt gëtt. Hei fannen nieft Workshoppen a Couren divers Performancen, Optrëtter, Concert a Partye statt.

  • Pauline Boudry

Dem Pauline Boudry seng inzenéiert Filmer a cineastesch Installatioune fänken dacks mat engem Lidd, enger Performance, engem Film oder engem Skript aus der Vergaangenheet un. Hir Wierker representéieren eng deelweis fiktiv an zäitiwwergréifend Zesummenaarbecht déi d'Geschicht vun der Fotografie oder der Underground (Drag) Performance weist.

D'Pauline Boudry schafft an engem Kënschtlerduo mam Renate Lorenz. Zu hieren leschte Solosstellunge gehéieren: Kunsthalle Zürich (2015), Participant New York (2017) a Centre Culturel Suisse Paris (2018).

  • Tim Walker

Den Timothy Walker (1970 gebuer) ass e brittesche Moudefotograf, dee reegelméisseg fir d’Vogue, den W Magazine an de Love Magazin schafft.

E puer vum Valérie a senge Projeten:

  • HVNGRY for more, 2021
  • La vie d’après, 2020
  • Doing her, 2017
  • Odher Portraits, 2016
  • XXXsored, 2018
  • Choreographie
  • m.a.d., 2020
  • Wild child, 2018
  • Why don’t you do it right, 2019
  • Doing her – like Hermann Haller, 2017
  • B.O.M.B.E.D – Bursting our memories by enchanting desires, 2016
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert d’Valérie an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.instagram.com/valerie.reding/

https://www.facebook.com/valerie.reding

https://www.valeriereding.com/

https://www.danse.lu/artistes/valerie-reding/

https://www.tanzhaus-zuerich.ch/kuenstler-innen/reding

ARTICLES