KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM LUCIE MAJERUS

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM LUCIE MAJERUS

02 nov. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeene? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gidd dir béi KulturPur gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir an kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis fofzéngt Emissioun hunn mir de hunn mir  d’Produktdesignerin Lucie Majerus bei eis am Studio.

Op gedréchent Orangëschuelen, wech geheiten Deckelen oder mënschlech Zänn, d’Lucie huet eng Faszinatioun fir ongewéinlech Materialien. Scho wärend sengem Design Studium zu Eindhoven huet déi jonk Lëtzebuergerin de Besoin fir néi Saachen ze kreéieren extrem a Fro gestallt. Wéi gudden Design fir d’Lucie ausgesäit a wéi een dëst op eng nohalteg Aart a Wéis ëmsetze kann, gitt dir gläich gewuer.   

Mir hunn eis mam Lucie zesumme gesat fir méi iwwert de Beruff vum Designer an seng neiste Projeten eraus ze fannen.

Méi Informatiounen zum Thema an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Triennale jeune création

Triennale Jeune Création ass eng Plattforme fir opkommend Kënschtler mam Ziel jonk zäitgenëssesch Kreatiounen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze ënnerstëtzen. Thema « Brave New World » vun der leschter Editioun soll de Millenials (d’Generatioun déi mam Internet opgewuess ass) d’Méiglechkeet ginn hier Vue vun eiser Gesellschaft an der Zukunft aus ze drécken. Triennale Jeune Création ass vun de Rotondes organiséiert, déi sech fir dëst 5. Editioun mam Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain zesumme gedoen hunn.

  • Dutch Design

Wann ee vun Dutch Design schwätzt, bezitt een sech informell op eng kënschtleresch Schoul fir Design an Holland. E staarke Schoulsystem fir Designer huet d’Opkomme vum Dutch Design no den 80er Joren immens gefërdert. Sou hunn vill bekannten Designer Design Academy zu Eindhoven gemaach. En zweete Faktor virwa Dutch design un Popularitéit gewonnen huet war d’Ennertëtzung vum Staat déi Designstudente krute fir sech no hirem Ofschloss selbstänneg ze maachen. Och eng wichteg Roll spillt d'Tatsaach datt Design en integralen Deel vun der Produktentwécklung an Holland ginn ass. Designer sinn an de fréie Phasen vum Innovatiounsprozess an dem Produktiounsentwécklungszyklus abegraff. Déi hollännesch Elektronikfirma Philips, zum Beispill, huet ongeféier 450 Leit, déi an iwwert 12 Büroe weltwäit um Design schaffen.

Déi hollännesch Design Awards ginn all Joer wärend der hollännescher Designwoch zu Eindhoven ausgezeechent.

  • Wabi-Sabi

An der traditioneller japanescher Ästhetik ass de wabi-sabi Weltbild dat op Akzeptanz vun der Vergänglechkeet an der Onvollkommenheet baséiert. D’Wäertschätzung vun der Schéinheet léit villméi an der « Imperfektioun, der Vergänglechkeet an der Onvollstännegkeet ». De wabi-sabi ass e Konzept wat vun der buddhistescher Léier vun den dréi Existenzzeeche Vergänglechkeet, Leed, an Eidelkeet ofgeleet gëtt. Kuerz ausgedréckt, wabi-sabi ass d’Schéinheet vun der Imperfektioun.

  • Hella Jongerius

Déi hollännesch Designerin Hella Jongerius (1963) huet Industrial Design op der Design Academy zu Eindhoven studéiert. No hirem Ofschloss huet si e puer Projete fir den Designbüro Droog Design zu Rotterdam gemaach éier si sech 1993 mat hirem eegenen Designlabel Jongeriuslab zu Rotterdam selbstänneg gemaach huet. Si design haaptsächlech Textilien, Geschier a Miwwelen. Hieren Design zeechnet sech duerch eng Mëschung vun traditionell an zäitgenëssesch aus an ass weltwäit a grouss Muséeën wei dem MoMa zu new York ze gesinn. Mat Jongerius huet si ënner anerem fir grouss Firme wéi Vitra, Artek, Kvadrat an Ikea geschafft.

  • Lët’z Refashion

Den néie Pop-Up Store « Made by Caritas » um Hamilius ass Deel vun der « Rethink Your Clothes » Compagne déi 2018 vun der Coopération Luxembourgeoise lancéiert gouf. D’Ziel vun dëser Campagne ass et viru méi jonke Léit zu Lëtzebuerg de Konzept vun engem méi nohaltegen a raisonnabele Konsum vun der Moud méi no ze bréngen. Lët’z Refashion informéiert sou iwwer sozial and ökologesch Problemer vun der Moud a – Textilindustrie, versicht Fair Fashion ze promouvéieren an de Léit kreativ Bitze méi no ze bréngen.

  • Annelys de Vet

D’Annelys de Vet (1974) ass eng hollännesch Designerin, Enseignante a Fuerscherin déi hiren eegenen Designbüro mam Numm DEVET huet. Vun 2009 bis 2019 huet si de den Design Master am « Think tank for Visual Strategies » am Sandberg Instituut zu Amsterdam geleet wou si vun 20020-2022 den temporäre Master Cours « Disarming Design » gehalen huet/hale wäert.

Ee vun hire bekanntste Projeten ass de Label « Disarming Design from Palenstine » deen si 2012 an Zesummenaarbecht mat der der « International Academy of Art Palestina » an d’Liewe geruff huet.

E puer vum Lucie senge Projeten

  • Human Ivory, jewellery
  • Tasty Expressions, art prints
  • Paintbal / prêt-à-jouer, Rotondes (2018)
  • The Portrait of the city, installation at Cercle Cité (2018) 
  • Glühschwengschen, scenorgraphy and costume design (2017)
  • The neverending pattern, Triennale Jeune Création (2016)
  • TopodoT (2016)
  • Momento (2016)
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert d’Lucie an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.instagram.com/majeruslucie/

https://www.facebook.com/lucie.majerus

https://majeruslucie.eu/

https://www.demainsdemaitres.lu/lucie-majerus.html

ARTICLES