KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Thomas Iser

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Thomas Iser

20 sep. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis zwieleft Emissioun hunn mir de franséisch-lëtzebuergesche Graffiti Artist Thomas Iser béi eis am Studio.  

Op Graffiti, Molerei oder Performance, de selbgeléierten Graffeur wëllt mat senger Konscht d'Mënschen inspiréieren hiert Leed ze notzen an ze kanaliséiere fir soumadder hier Dreem ze areechen. Trotz turbulenter Kandheet bléift den Thomas positiv a versicht mat senger Konscht anere Mutt ze maachen. Soumadder schéngt de Mënsch a sengen diverse Projeten ëmmer am Virdergrond ze stoen.

Wat et mat der japanescher Kintsugi Technik op sech huet an em wat et beim Universal Humanity Project geet, gitt dir gläich gewuer!

Méi Informatiounen zum Thomas an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Graffiti

De moderne Graffiti huet seng Wuerzelen an den USA. Et huet wuertwiertlech mat gekritzelten Nimm oder Wieder, oder sougenannte “Tags” ugefaangen, déi meeschtens vu Kanner a Jugendlecher deemools op d’Mauere geschriwwe goufen. Et kéint een et als Ënnerschreift oder als “Nicknumm” op enger Surface ugesinn. Graffiti gëtt ad-hoc gemaach an ass oft an illegal oder Gang Aktivitéite verwuerzelt. Dëst bedeit awer net dass all Graffiti schlecht ass. Graffiti kënne politesch Messagen an enger ënnerdréckter Gesellschaft enthalen oder en Tribut fir eng gewësse Saach oder Persoun leeschten. De gréissten Ënnerscheed zum Mural Art läit am Stil. Am Géigesaz zu Stroossekonscht (Street Art) ass Graffiti normalerweis textbaséiert, benotzt seelen elaboréiert Faarwen a Biller a gëtt mat enger Spraydous opgedroen.

  • Kintsugi

De Kintsugi ass d'japanesch Konscht fir gebrachene Keramikstécker erëm mat Gold zesummenzebréngen. D’Iddi ass datt Mängel an Onvollkommenheeten d’Konschtstéck nach méi staark a schéi maachen. All Rass oder Broch ass eenzegaarteg an amplaz en Artikel ze pechen geet et der 400 Joer aler Technik drëms déi "Narben" als Deel vum Design ze beliichten. Dës Method kann een och als Metapher gesinn selwer ze heelen an doduercher eng wichteg Lektioun am Liewen ze léieren.: Heiansdo am Prozess fir Saachen ze reparéieren déi gebrach sinn, kreéiere mir tatsächlech eppes méi eenzegaarteg, schéin a elastesch. Sou schaaft ee beim reparéieren heiansdo eppes Eenzegaarteges, Schéines a Belaaschtbares.

  • Economie circulaire  

An der Kreeslafwirtschaft geet et drëms Wueren a Servicer op eng nohalteg Manéier ze produzéieren, den Verbrauch an d’Verschwende vun de Ressourcen ze limitéieren an d’Offallproduktioun ze begrenzen. D’Ziel ass vun enger « wegwerf » Gesellschaft op en méi kreesfërmege wirtschaftleche Modell iwwer ze goen.

  •  Upcycling

Beim Upcycling gin « aal » Produkter an néi Produkter ëmgewandelt a kréie soumadder en néit Liewen. Op kreativem Wee gin Materialien oder Géigestänn néi ugepasst oder ëmfonctionéiert a kréien doduerch eng länger Liewensdauer.

E puer vum Thomas senge Projeten:

  • Mind the brain, Luxembourg 2019
  • Universal humanity art project
  • Thomas Iser x Jitrois – Live Perfroamnce Fiac 2019
  • Place Guillaume II, Luxembourg
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert dem Thomas an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

www.thomasiser.com

https://mindthebrain.lu/en/artists/thomas-iser

https://www.facebook.com/thomasiser

https://www.facebook.com/iserthomas

https://www.instagram.com/_thomasiser_/

https://www.instagram.com/universalhumanity/

ARTICLES