KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Chaild

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Chaild

06 sep. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir éis eeleft Emissioun hate mir d’Chance den Adriano Lopes Da Silva oder besser bekannt ennert dem Numm Chaild béi eis am Studio ze hunn.

Mat extravagante Museksvideoen a styleschem Optrieden huet den Chaild sech als jonk Electro-Pop Ikon zu Lëtzebuerg en Numm gemaach. Fir de gebiertegen Adriano Lopes Da Silva war Musek vu klengem un en Outlet fir sech auszedrécken. No ville perséinlechen a professionellen Up and Downs, huet de Chaild séin Wee fonnt an steet mëttlerweil net nëmmen zu Lëtzebuerg op der Bün mee och op internationale Festivallen wéi dem Great Escape zu Brighton oder dem MS Dockville zu Hamburg.

Wéi et dem Chaild um Liverpool Institute of Performing Art ergaangen ass an un wéi enge Projeten hie momentan schafft, gitt dir hei gewuer!

Méi Informatiounen zum Chaild an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Caravaggio

De Barock Kënschtler Caravaggio (29.10.1571-18.07.1610) ass virun allem fir seng grujeleg Biller wéi "Judith Beheading Holofernes" berühmt. Et ware par contre net nëmmen seng Biller déi brutal a gewalteg waren. Am fréie 17. Joerhonnert ass de Caravaggio op d'mannst 11 Mol viru Geriicht gaangen. Hien huet skandaléis Gedichter geschriwwen, huet sech an der Ëffentlechkeet donieft beholl a Léit mat Schwäerter Iwwerfall. Hien ass schlussendlech vu Roum geflücht fir enger Strof ze entkomme well hien e Mann embruet huet. Spéider ass hien dunn am Exil ënner mysteriéisen Ëmstänn gestuerwen. Seng Biller sinn en Kombinatioun aus realisteschen Observatioune vum mënschlechen Zoustand, souwuel kierperlech wéi emotional, mat dramatescher Beliichtung.

  • LIPA  

De Liverpool Institute for Performing Arts ass eng Héichschoul fir Perfromancekonscht zu Liverpool. Sie ass 1996 vum Sir Paul McCartney a Mark Featherstone-Witty gegrënnt gi. Héi kann ee vun Danzen, Schauspill, Film Making, Theater, Musek iwwert Sound Technologie bis hin zu Design Technology alles am Beräich Performing Arts studéieren. Bekannten Alumni si beispillsweis d’Schauspillerin Liz White (Life on Mars), d’Indie-Rock Band The Wombats oder de Muséksproducer Jan Burton.

  • Sophie Garlinskas

Déi certifiéiert Make-Up and Special Effects Artistin Sophie Garlinskas huet no hirem Bachelor Studium an Konschtgeschicht an Design op der Cinema Makeup School zu Los Angeles studéiert. Haut ass d’Sophie a verschidde Beräicher wéi dem Theater, Filmsetter, Beautyshoots oder Fernsee täteg.

  • Screaming Fields    

Beim Screaming Fields handelt et sech em Förderungsprogramm vum Rocklab deen 1 mol d’Joer an der Rockhal stattfënnt. D’Ziel vum Festival ass et jonk Kënschtler an hiren éischte Schrëtt an der Museks Welt ze encouragéieren, ze begleeden an ze promovéieren. De Song Contest ass soumadder déi perfekt Ulafstell fir talentéiert Songwriter, Beatmaker a Schlofzëmmerproduzenten.

  • Great Escape Festival

De Great Escape Festival ass en Dréi Deegleche Museksfestival den all Joer am Mee zu Brighton an Hove an England stattfënnt an néi Musek aus den verschiddenste Genrë virstellt.De Festival gouf 2006 gegrënnt a presentéiert ronn 300 Bands op 30 Plazen duerch d’Stad.

  • MS Dockville

Séit 14 Joer fënnt op der gréisster Flossinsel vun Euopa, am Hamburger Distrikt Wilhemsburg de Museks- a Konschtfestival MS Dockville statt. Charakteristesch fir dëse Festival ass d’Kombinatioun vu Musek a visueller Konscht.

  • Reeperbahn Festival   

De Reeperbahn Festival zielt zum gréisste Clubfestival an Europa an ass soumadder ee vun de weltwäit wichtegste Musekstreffpunkten. Nieft Concerts gëtt och en extensive Konschtprogramm ugebuede souwéi eng Plattform fir Firmen an Organisatiounen aus der internationaler Museks- an Digitalwirtschaft. De Reeperbahn Festival leet grousse Wäert fir Newcomer aus der ganzer Welt ze ënnerstëtzen. De Museksprogramm deckt eng breet Palette vu Museksstiler vun Indie iwwert Pop, Rock, Folk, Singer-Songwriter, Elektronesch, Hip-Hop, Soul bis hin zu Jazz a Klassik. Laang virun hirem groussen Duerchbroch hu Kënschtler wéi de Bon Iver, Cro a Kraftklub, Biffy Clyro oder Chilly Gonzales an den Ed Sheeran um Reeperbahn Festival gespillt. Alles wat mat Musek ka verbonne gi (visuell an urban Konscht, Literatur oder Film) ass an de leschte Joren immens ausgebaut ginn. Soumadder bitt de Reeperbahn Festival jonke Kënschtler eng Plattform a fërdert Interdisciplinaritéit, Entwécklung a Vernetzung vun diverse Museks a Konschtzeenen.

  • Future Echoes (UK)

De Future Echoes Festival ass en néie Showcase Festival zu Norrköping a Schweden deen all Joers am Februar 2022 statt fanne wäert. Iwwert 100 Kënschtler aus der ganzer Welt wäerte fir dëst Event zesumme kommen. Nieft Concerte wäerten och Musekskonferenze mat internationale Spriecher ugebuede ginn.

  • Max Hochmut

De Max Hochmuth ass en Museker, Direkter a kreativen Entrepreneur. Hien ass e Grënnungsmember vun Unison Studios zu Déifferdeng, en Opname-, Produktiouns- a Mediakompositiounsstudio. Hien ass och Matgrënner a artisteschen Direkter vum Siren's Call. De Max ass och nach bekannt ënnert dem Museker Numm Max Roger.

  • Tom Gatti

Den Tom Gatti ass e Songwriter a Rekordproduzent am Unison Studio zu Déifferdeng. Hien schafft mat verschidde Museksstiler, vun Indierock iwert EDM, bis hin zu Hip Hop a modernem Pop. Zu senge Produktioune gehéiere beispillsweis One Day vum Angel Cara (2021), The Tame And The Wild vu Just A Young Heart (2021), Anna vu Mad Fox (2020) oder Artificial vum Chaild (2019).

E puer vum Chaild senge Projeten:

  • MS Dockville, Hamburg, Déitschland (2021) 
  • Last Summer Dance, Diekirch, Luxembourg (2021)
  • Festival des Francofolies, Esch-sur-Aézette, Luxembourg (2021)
  • Hannert dem Rido, Kinneksbond, Lëtzbuerg (2021)
  • The Great Escape Festival, UK (2021)
  • Rocklab Pop-Up Session, esch-sur-Alzette, Lëtzebuerg (2021)
  • Amplifiy:LX, Esch-sur-Alzette, Lëtzebuerg (2020)
  • Reeperbahn Festival, Hamburg, Déitschland (2020)
  • Rotondes, Luxembourg (2019)
  • Sonic Visions Festival, Esch-sur-Alzette (2019)
  • Chaild with Dean Lewis, Den Atelier, Lëtzebuergu (2019)
  • Fête de la Musique, Diddeleng, Lëtzebuerg (2019)
  • Gewënner vum Screaming Fields Festival (2018) 
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert dem Chaild an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.iamchaild.com/about

https://sonicvisions.lu/artists/chaild/

https://www.youtube.com/channel/UCHHGuy_TBEuooBX9JRciaQA

https://www.instagram.com/iamchaild/

https://www.facebook.com/iamchaild

ARTICLES