Lynn Kelders - Vum Studium zum...

17 mai. 2021
Lynn Kelders - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Lynn Kelders, 23 Joer
  • Studium? Bachelor an Däitsch a Konschtgeschicht
  • Institutioun/Uni? Humboldt-Universität zu Berlin, Däitschland
  • Momentan? Siwent Semester Studentin a fräi schaffend Illustratorin
  • Lafend Projeten? Illustréieren vun Comics a Kannerbicher; Engagéiert am Kënschtlerkollektiv Richtung22; Kampagne am Kader vum Weltfraendag; Aktivistin fir intersektionellen Feminismus

Kanns du e bësse méi vun denge lafende Projeten zielen?

Am Moment sinn ech als frei schaffend Illustratorin aktiv, wou ech Comics e bësse fir mech selwer maachen, mee och zum Beispill Bicher setzen. Ech sinn nämlech grad am Gaang e Kannerbuch vun engem Kolleeg ze illustréieren. Virun allem sinn ech awer am Grafikberäich an an der visueller Kommunikatioun aktiv.

Do niewebäi hunn ech awer och elo an der Coronazäit ugefaangen un Ueleg Molerei an un e bësse méi skulpturelle Saachen ze schaffen. Ech wëll einfach déi vill Zäit, déi mir momentan hunn, notze fir verschidde Beräicher auszeprobéieren a mech wéiderzeentwéckelen. Och wann ech nach keng konkret Nisch fonnt hunn, kann ech awer sécher soen datt meng Konscht oft duerch d’Faarwe wéi rosa, pink, giel an all grellem a faarwege charakteriséiert ass. Am Fong gëtt alles wat ech upake rosa a giel.

Och wann grell a frou Faarwen ze gesi sinn, enthält deng Konscht alt mol méi déif Messagen. Wéi kënnt et dozou?

Genau. Ech beschäftege mech momentan vill mat mir selwer a menger mentaler Gesondheet, virun allem wärend der Pandemie. Esou kënnt et dass ech Konscht deelweis als eng Aart „Coping Mechanism“ ugesinn, mat där ech meng Depressioun kënschtleresch ausdrécke kann.

Dann setzen ech mech och immens vill mat intersektionellem Feminismus auserneen a probéieren dat an Illustratiounen iergendwéi duerzestellen. Zum Beispill hunn ech mech och rëm dëst Joer fir de Fraendag am Mäerz engagéiert, fir deen ech zesummen mat Richtung22 un enger Sensibiliséierungscampagne geschafft hunn, déi op d’Fraen an der Lëtzebuerger Konschtwelt opmierksam maache soll. Och d‘läscht Joer hu mir scho gefuerdert dass de Programm vun der Première E (Section des Arts Plastiques) aus 50% Net-cis-Männer zesumme gesat sollt ginn; momentan léie mir nämlech bei just 5,4% Fraen.

A wéi engem Ausmooss kanns du dësem Interessi och a dengem Studium nogoen?

Also ech studéieren Däitsch am Haaptfach a Konschtgeschicht am Niewefach. Well een awer seng Fächer zimmlech selwer erauspicke kann, probéieren ech esou vill wéi méiglech vu Gender Studies a mengem Studium ze integréieren. Esou behandele mir an eise Coursen éischter weiblech Autorinnen a Kënschtlerinnen, a déi Probleemer déi si an hirem Beruff a Liewe konfrontéieren. Op dat elo de Phänome vum „Female Gaze“ an der Literatur ass oder de Fakt datt net vill grouss weiblech Kënschtlerinne bekannt sinn, dës Thematik huet e grousse Spektrum. Leider gi Coursë momentan all online gehale mee fir gewéinlech loossen si vill Raum fir méiglech Diskussiounen oppen.

I said No. © Lynn Kelders 

Wéi geet et dann no dësem Bachelor fir dech weider?

Mäin Plang ass et fir no dësem Bachelor ee Joer zu Lëtzebuerg ze verbréngen a mech aktiv am Kënschtlerkollektiv Richtung22 ze engagéieren. Well mir fir d’Kulturjoer 2022 mat engem gréissere Projet ugeholl goufen, géif ech dës Zäit gären notze fir si ze ënnerstëtze mee och un menger Mapp ze schaffen. No dëser „Paus“ wéilt ech nämlech dann nach en anere Bachelor am Grafikdesign an Illustratioun hei zu Berlin maachen. Wat duerno kënnt weess ech nach net genau. Wann ech elo zum Beispill weiderhin als Freelancerin schaffe wéilt, da kann ech mir scho virstellen datt een zu Lëtzebuerg manner an och net esou divers Opportunitéiten huet.

Duerch wat kënnt dat, denger Meenung no?

Also ech fannen datt et schonn interessant alternativ Strukturen zu Lëtzebuerg ginn, wéi lo zum Beispill d’Richtung22 oder Maskénada. Och verschidde lénk Festivaller wéi de Kolla oder Last Summer Dance ginn organiséiert, mee leider net esou vill finanzéiert wéi aner, méi „mainstream“ Saachen. Et ass einfach extrem frustréierend wann engem ëmmer rëm dat Gefill vermëttelt gëtt, datt d’Konscht zu Lëtzebuerg nëmmen dann akzeptéiert gëtt, wann se renomméiert ass. D‘Konscht gëtt zu Lëtzebuerg oft genotzt fir sech no baussen hin besser duerzestellen a fir zum Beispill zu Dubai op enger Weltausstellung ausgestallt ze ginn an iergendeng gutt Business Deals ofzeschléissen; dat ass alles wat ech mat Lëtzebuerg a Konscht verbannen a leider ass dës Usiicht net ganz positiv.

A mengen Ae muss een sech also als Kënschtler beméie fir an ee Kader vun der Philharmonie oder vum Mudam ze passen; domadder kann een sech da finanziell ofsécheren a seng Konscht weidermaachen. Ech muss awer och soen datt et fir esou ee kléngt Land schonn immens vill engagéiert Leit an alternativ Strukture ginn, et feelt halt just um Finanzement vun dësen diverse Richtungen.

Hat dës Vue och een Afloss op deng Decisioun net praktesch Konscht studéieren ze goen?

Ënner anerem. Ech hunn mech awer och géint esou ee praktesche Studium entscheet well ech mech deemools einfach net getraut hunn. Ech war total decouragéiert an hunn geduecht datt ech net gutt genuch wier fir op enger Konschtuni ugeholl ze ginn. Och wann ech op enger Sektioun E war, hunn ech vun der lëtzebuergescher Gesellschaft a vun eisem Schoulsystem éischter dat Bild vum „sécheren“ Wee agetriichtert kritt. Alles wat doriwwer erausgoung, ass net wierklech propagéiert ginn an dofir hunn ech mech perséinlech net getraut dee „Risiko“ anzegoe fir lo zum Beispill Fine Arts ze studéieren.

Wat géings du dann anere Jonke mat op de Wee gi, déi momentan virun änlechen Decisioune stinn?

Virun allem dass si dat solle studéiere goe wat si gäre maachen; oder wéinstens probéiere sollen sech op enger Uni ze mellen. Well och wann een ofgeleent sollt ginn ass et net schlëmm, da kann een nach ëmmer een anere Studium ufänken an sech nach eng Kéier op en Neits mellen. Och wann dëse Konschtgeschichtstudium mir perséinlech eppes bruecht huet, géif ech trotzdeem anere mat op de Wee gi fir hiren Dram duerchzezéieren, egal wat lo zum Beispill aner Leit dovunner denken.

Wéi eng Kënschtler*innen inspiréieren dech dengem Dram nozegoen?

Oh dat ass schwéier ze soen…mee ech géif op alle Fall mol d‘Niki de Saint Phalle soen. Dat war tatsächlech och eng vun den interessantste Kënschtlerinnen, déi jeemools bei eis um E Programm stoung. An dann definitiv nach d’Judy Chicago; eng extrem faszinéierend Kënschtlerin, déi sech vill mat feministescher Konschtgeschicht ausernaner gesat huet an dës Thematik an de 70er Joren sou richteg an d’Rulle bruecht huet. Dofir eng richteg Inspirationsquell fir mech.

Fir méi Informatiounen: