Aurore Ries - Vum Studium zum...

07 mai. 2021
Aurore Ries - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Aurore Ries, aka “Lilly”, 25 Joer
  • Studium? Bachelor & Master of Fine Arts
  • Institutioun/Uni? Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschaft, Däitschland
  • Momentan? Preparatioun fir Proffeconcours zu Lëtzebuerg
  • Lafend Projeten? Drockgrafik Projeten & Molerei

Wanns du vun dengem Studium erziels, straals du richteg! Kanns du méi vun denger Erfarung op der Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschaft zielen?  

Jo gären! Éischtens hunn ech et immens schéi fonnt datt d’Uni eigentlech een erhalene Bauerenhaff ass, deen an engem klengen Duerf no beim Bësch läit. Deen Site besteet aus zwee Campuser: een uewen am Bësch wou d’Kënschtler, d’Schauspiller an d’Eurythmisten hier Atelieren hunn an dann nach een ënne wou Coursë fir d’Architekten, d’Philosophen an d’BWLer stattfannen.

Zweetens hunn ech den Opbau vun eisen Ateliere richteg flott fonnt. Et ass esou datt een seng Klass/Atelier, also och seng Richtung an déi ee goe wëll, schonn am zweete Joer fräi wiele kann. An dëser Klass bleift een da bis zum Schluss vu sengem Studium. Deen System hunn ech immens schéi fonnt well doduerch all d’Altersgruppe matenee gemëscht goufen. Dat huet zum Virdeel datt eng richteg Gemeinschaft ënnert de Student*innen entsteet, wëll jiddereen hëllefsbereet ass an ee motivéiert gëtt de ganzen Dag un senge Wierker wëllen ze schaffen. Drëttens kann een och seng Coursen, déi ausserhalb vun den Ateliere stattfannen, selwer wielen. Do hat ech dann zum Beispill Konschtgeschicht a Philosophie ausgesicht, wat e bëssen Ofwiesslung mat rabruecht huet.

Kléngt no engem flotte Programm! Wéi huet dann däi perséinleche Wee augesinn, deen dech op dës kënschtleresch Schinn bruecht huet?

Majo ech kommen aus enger Famill déi kënschtleresch zimmlech motivéiert ass. Zum Beispill ass eng Tatta vu mir Konschtproff an déi aner huet eng Töpferei. Dat hunn ech scho vu klengem un flott fonnt an hunn hier dofir ëfters gehollef am Leem ze schaffen. An obwuel e puer Familljememberen Enseignantë sinn, wollt ech selwer ni Proff ginn. Wou ech dunn awer op d’Sektioun E am LCD komm sinn hunn ech séier gemierkt datt et mir immens Spaass mëscht mäin Wëssen an der Konscht, am techneschen Zeechnen oder an der Konschtgeschicht mat aneren ze deelen. Nom Lycée hunn ech dunn mäin Bachelor am Arts plastiques zu Metz ugefaangen. Dat hat mir leider net esou gutt gefall, dofir sinn ech dunn fir d’zweet Joer an Däitschland op Alfter gaangen. Well ee mat enger E oder mat engem Ofschloss vum Arts et Métiers gutt virbereet ass, am Verglach zu eisen Nopeschlänner, huet een do keng gréisser Problemer fir vun enger Uni zur anerer ze wiesselen.

Wéi huet dann eng typesch Woch vun dir als Fine Arts Studentin ausgesinn?

Vue datt een seng Woch zum gréissten Deel fräi gestalte konnt, hunn ech mir meng Coursen esou geluecht datt ech Freides-Sonndes Zäit hat fir am Atelier ze schaffen. Déi aner Deeg waren da gefëllt mat 2-3 Coursen pro Dag. Dat waren net nëmmen theoretesch mee och praktesch Coursen, wéi zum Beispill Aktzeechnen, u Skulpture schaffen oder méi handwierklech Saache maache wéi e Bronzeguss. Wat ech un deenen immens flott fonnt hunn war datt eis Proffen do och selwer täteg Kënschtler*inne waren. Dat heescht si hunn vill vum Konschtmaart kannt, wosste Bescheed wéi et “an der richteger Welt” leeft a konnten engem deementspriechend och nieft oder no dem Studium weiderhëllefen.

Eng Woch konnt scho ganz ofwiesslungsräich ausgesinn. Fir gewéinlech ass een a senger Klass bliwwen, déi entweder op Molerei & Drockgrafik, Medien & Film oder Installatioun vu Projete fokusséiert war. Wann een awer zum Beispill un engem interdisziplinäre Projet schaffe wëll, kann een och wärend sengem Studium mol ee Semester an eng aner Klass wiesselen an do de Proff ëm Rot froen.

Wéi geet et dann elo mam Diplom an der Täsch weider? Wéilts du zréck op Lëtzebuerg kommen oder weiderhin am Ausland bleiwen?

Et ass schwiereg. Op der enger Säit feelt mir zu Lëtzebuerg dat “Neit” an “Opreegend” ze entdecken, wat een an enger Groussstad vläicht méi einfach a séier fënnt. Op der anerer Säit sinn ech een extrem familjebezunne Mënsch a géif mech och freeën an engem klenge Land kënnen ze liewen. Ausserdeem léie mir gutt am Mëttelpunkt, sou datt een och séier bei noe Kulturstied kënnt falls een do kënschtleresch täteg wéilt sinn.

Ech fannen awer och datt Lëtzebuerg selwer immens vill ze bidden huet, op dat lo an der Konschtzeen oder generell am kulturelle Beräich ass. Wann een dann  e puer Nimm erwäänt wéi “Edward Steichen” mierkt ee schonn datt een net gezwongenermoossen an enger "hiper" Stad muss liewe fir eppes kënnen ze erreechen; et muss vun engem selwer aus kommen, egal wou een sech grad befënnt. Momentan preparéieren ech mech also op d’Exame vum Proffeconcours hei am Land fir, well ech mengen datt Lëtzebuerg engem méi ze bidden huet wéi een dat ëmmer gesot oder gewise kritt.

Wat géifs du dann dengem 16jährege “Ech” mat op de Wee gi?

Ech mengen dat éischt wier: “Maach dat, wat deng Passioun ass!”. Ech hunn mir selwer bewisen datt een seng Iddie soll a kann duerchzéien, och wann esou vill aner Leit behaapten datt et net wäert klappen oder datt ee keng Chance hätt. Dat zweet wier datt ech méi oppe soll sinn a méi ëm mech kucken soll. Heiansdo ass een nämlech esou fixéiert op seng eege Projeten datt ee vergësst wat déi verschidde Kulturen hei an Europa an allgemeng d’Baussewelt engem bidde kënnen. An dat virun allem an der Studentenzäit wann een dës Zäit nach zur Verfügung huet.

Wanns du an enger anerer Epoche kéints liewen, wéi eng wier dat?

Also wat Konscht ugeet ass mäin absolutte Favorit de Jugendstil. Dofir hätt ech scho gären ëm d’Joerhonnertwenn gelieft wëll do och alles esou spannend war mat der Entwécklung vun der Industrie an den Autoen asw. Ech bewonneren nämlech och déi Faszinatioun mat där d’Leit an där Zäit gelieft hunn. Si ware begeeschtert a motivéiert vun der Zukunft a vun deem wat op si wäert duer kommen; dëst vermëssen ech hautzedaags vill. Well genau dës Astellungen huet sech deemools nämlech och an de Konschtrichtungen erëmgespigelt, wat ech immens flott fannen.

Weider Informatiounen:

ARTICLES