Cosimo Suglia - Vum Studium zum...

06 mai. 2021
Cosimo Suglia - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Cosimo Suglia, 25 Joer
  • Studium? Master am Enseignement Secondaire-Luxemburgistik            
  • Uni/Institutioun? Universitéit Lëtzebuerg
  • Momentan? Éischt Joer Master
  • Lafend Projeten? D’Schreiwen vu Kuerzgeschichten, engem Buch an dem Blog “d’Bichermouk” ewéi Freelance Schrëftsteller.

Et kënnt zimmlech seele vir datt een enger Persoun begéint déi Lëtzebuergesch studéiert... Wéi bass du doropper komm fir dëse Wee anzeschloen?

Richteg. Datt dëse Studiegang rar ass mierkt een och un den Zuele vu Student*innen: wärend sech déi läscht Joren ëmmer nëmmen ëm déi 4-5 Leit gemellt hunn, hunn mir an dësem Joergang zu 18 am Master ugefaangen. Ech hunn a mengem leschte Joer Bachelor an englescher Literatur, deen ech och op der Uni Lëtzebuerg gemaach hunn, selwer net gewosst datt een effektiv Lëtzebuergesch studéiere kann... Wou ech dëst awer rausfonnt hunn, weiderhin am Land bleiwe wollt an ëmmer méi Gefalen un der lëtzebuergescher Sprooch duerch meng Bacheloraarbecht fonnt hunn, hunn ech dunn decidéiert mat dësem Master weiderzemaachen.

An wat kann een sech ënnert engem Master mat dem Titel "Langue et Littérature Luxembourgeoise" genau virstellen?

Den Deel  “Langue” befaasst sech méi mat Linguistik a Sozio-Linguistik, dat heescht d’Wëssenschaft vun der Sprooch. Anerersäits hunn mir awer och Literatur oder kulturgeschichtlech Coursen. Vue datt ee mat dësem Master spéider Proff am Lycée ka ginn, kommen dann do nach Pedagogik an didaktesch Coursen, wéi och dreiwöcheg Stagen derbäi. Am Ganze musse mir zwee Stagen an deenen zwee Joer vun eisem Master maachen, déi eis op déi offiziell Stagezäit vun engem Proff virbereeden.

Wéi gesäit dann esou den Alldag vun engem aus dee Lëtzebuergesch studéiert?

Zumools an der Pandemie muss een Essays, Hausaarbechten an Exercicer schreiwe well elo alles online leeft. Mee vill dovunner ass och liesen, nosichen a Recherche maachen. Dann hunn mir awer och Workshops an der Pedagogik an Didaktik, an deenen een déi geléiert Theorien a senger eegener Aart a Weis ëmsetzen a säi Cours mat Hëllef vu senge perséinlechen Interesse gestalte kann. Soziolinguistik mécht mir och immens vill Spaass well et vill mat Eventer hei am Land ze dinn huet, vun deenen ech virdrunner nach näischt héieren hunn.

© Sandy Heep

Dat kléngt jo ofwiesslungsräich! Wéi wëlls du da spéider Gebrauch vun dësem Studium a denger Virléift vir Literatur an kreativt Schreiwen maachen?

Fir mech ass Zil duerno fir an den Enseignement ze goen. Leider ass et nämlech esou datt een hei am Land vum Schreiwen eleng net liewe kann, ausser vun e puer Ausnamen. Dofir sinn ebe vill Auteuren och Enseignanten niewendrun well sech dëst och gutt verbanne léisst fir d’Literatur un anerer kënne weiderzeginn. Dat ass och genee mäin Zil; ech wëll der nächster Generatioun d’Literatur un d’Häerz leeën an déi Passioun déi ech dofir hunn mat hinnen deelen.

Ech fannen nämlech datt heiansdo ganz vill Schüler*innen duerch bestëmmte Situatiounen, iwwert déi si vläicht kee Pouvoir hunn, an der Lycéeszäit “verluer” ginn. Wann ech dann déi Persoun kéint sinn déi hinnen aus schwéieren Zäiten hëlleft an d’Literatur de finale Produit dovunner ass, wier et ëmsou méi schéin! Ech sinn der Meenung datt d’Kreativitéit immens wichteg ass, a wéilt dëst dowéinst och méi am Enseignement mat abréngen.

Dat ass schéin ze héieren! Vläicht kann och genau dës Approche hëllefräich si fir net nëmmen d’Literatur mee och d’Lëtzebuerger Kultur méi no un déi Jonk ze bréngen. Wéi gesäis du dës Thematik als zukünftegen Enseignant an aktiven Acteur vun eiser Kulturzeen?

Also ech sinn ee risege Vertrieder datt Lëtzebuerg eng immens Kultur huet! Schonn nëmmen duerch eis geografesch Lag gi mir vu bausse beaflosst, wat mir dann och huele fir kënnen eist Eegen doraus ze maachen. Zum Beispill d’Sproochen: ech mengen et gëtt keen anert Land wou de Literaturmarché aus lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch besteet, a wou dann nach deelweis Texter op portugisesch an italienesch produzéiert ginn. Ech fannen dat immens faszinant!

Als Science Fiction a Fantasy Fan kënnt dann och nach d’Geschicht vun eisem Land derbäi, déi mech esou interesséiert. Ech mengen datt di mannst Bescheed wëssen ewéi grouss eise Soen-Schatz iwwert Lëtzebuerg ass. Dëst beaflosst net nëmme mäin, mee och villen aneren Auteuren hiert Schreiwen.

Wat Jonker betrëfft: ech weess net firwat mee et gëtt nach ëmmer sou ee Stigma ronderëm d’Lëtzebuerger Kulturzeen, dee verbreet datt hei “einfach näischt lass ass” oder “datt ee konstant an d’Ausland kucke muss fir Kultur kënnen ze fannen”. Mee ech hunn iergendwéi d’Gefill wéi wann lues a lues e Wandel do wier, och lo wéinst Esch2022 an de ville Saachen déi RTL oder culture.lu liwweren. Och bei der Jugend ass dëse Wandel bemierkbar. Et läit ebe lo just drun hinnen ze weisen datt een hei am Land “ka wann ee wëll”. An dat ass och dat schéinst un Lëtzebuerg: et ass ee kléngt Land a wann een eppes mécht, sech duerchsetzt, da kann een sech ganz einfach etabléieren oder Kontakter knëppen, an dat ass och cool!

Op dengem Blog “d’Bichermouk” deels du genau dës Vue och mat denge Lieser?

Genau! De Fokus vum Blog ass vir einfach de Leit ze weise wéi eng Schrëftsteller*innen mir hei am Land hunn, sief et méi eeler oder och méi jonker. Well et sech awer och ëm d'kreativt Schreiwen dréit an ech mech vill un aneren Auteuren inspiréiert hunn, gräifen ech och aner Schrëftsteller*innen an hier Wieder op oder weisen op verschidde Bicher hin.

Wat huet dann ee jonke Schrëftsteller selwer grad sou an der Hand fir ze liesen?

Momentan liesen ech um Kindle dem Andrea Levy säi “Small Island”. A deem Buch geet et nämlech iwwert d’Windrush Generation, wéi d’Jamaikaner eriwwer migréiert si fir sech een neit d’Liewen zu London oder am Rescht vun England opzebauen an sech ze etabléieren. Vue datt ech och zweet Generatioun Italiener hei zu Lëtzebuerg sinn, sinn ech immens un dësem Thema interesséiert a ka mech och gutt mat dësem Phänomen an där Tendenz identifizéieren, sech weeder zu London nach zu Jamaika oder wéi bei mir zu Lëtzebuerg/Italien net ganz doheem ze fillen. Dëst ass och schonn an der lëtzebuerger Literatur exploréiert gi mee et ass definitiv een Thema wouriwwer ech och gären eng Kéier eppes selwer schreiwe géif.

Fir méi Informatiounen:

 

ARTICLES