Kulturpur: am Gespréich mam Julie Costentin

Kulturpur: am Gespréich mam Julie Costentin

03 mai. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur - De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis zweet Emissioun hunn mir déi lëtzebuergesch Print a Surface Designerin Julie Costentin op Besuch.

No sengem Studium zu Madrid zitt et d’Julie op Barcelona wou hatt net nëmme fir international Marke wéi Oysho schafft mee och seng eege Mark „Jü Design“ grënnt.

Wéi d’Julie de Lockdown zu Barcelona erlieft huet an un wéi enge flotte Projeten hatt momentan schafft, gitt hei gläich gewuer!

Méi Informatiounen zum Julie an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Moodboard  

E Moodboard ass eng Sammlung vu visuelle Materialien déi e gewësse Stil oder Konzept ervirruffen. Designéier, Illustratoren, Fotografen, Filmmacher a soss kreativ Fachleit stelle Moodboards zesumme fir de "Feel" vun enger Iddi ze vermëttelen. Si kënnen e staarke Startpunkt an engem kreative Projet, eng visuell Referenz fir d'Team an e Sprangbriet fir nei Iddie sinn.

  • Museo Thyssen-Bornemisza  

Den Thyssen-Bornemisza Nationalmusée ass e Konschtmusée zu Madrid an ass Deel vum "Golden Triangle of Art" zu dem och de Prado an d'Nationalgalerië Reina Sofia gehéiert. Mat iwwer 1600 Biller ass den Thyssen-Bornemisza Nationalmusée no der British Royal Collection déi zweetgréisst privat Sammlung op der Welt. Hei fënnt een ënner anerem Biller vum Van Eyck, Ghirlandaio, Dürer, Titian, El Greco, Caravaggio, Rubens, Rembrandt, Canaletto, Friedrich, Monet, Renoir, Degas, Morisot, Cézanne, Van Gogh, Picasso, Kandinsky, O'Keeffe, Dalí, Hopper, Rothko.

  • Inditex

Inditex ass eng spuenesch multinational Kleederfirma mat Sëtz zu Arteixo a Spuenien. Mat iwwer 7’200 Geschäfter an 93 Länner ass Inditex déi gréisste Moudegrupp op der Welt. Zum Grupp gehéieren d’Kleedergeschäfter Zara, Zara Home, Massimo Dutti, Bershka, Oysho, Pull and Bear, Stradivarius, Uterqüe a Lefties. Inditex bedreift en eenzegaartegt Geschäftsmodell dee gréisstendeels op Feedback vum Client an engem effiziente Produktiounsnetz baséiert. Nei Stiler ginn a just 5 Deeg prototypéiert a 60% vun der Fabrikatioun geschitt lokal fir d'Leedzäiten ze verkierzen. Sou kann an engem Zara Geschäft en neit Kleedungsstéck a manner wéi 15 Deeg vum Design iwwert Produktioun am Regal léien.

  • Zoé Muse

ZOÉ MUSE ass eng lëtzebuergesch Kleedermark déi Ästhetik an ökologesche Konsum nei erfënnt a soumadder nohalteg Moud méi mainstream wëlle maachen. Mat Sëtz am 1535 Creative Hub an zu Berlin schafft dat jonkt Team mat nationalen an internationale Kënschtler um Design vun hire Kleeder. D‘Zil ass et en zäitgenëssesche Wee vun Zesummenaarbecht an der Moudindustrie ze kreéieren déi sech op ethesch Wäerter a Fräiheet vu Kreativitéit fokusséiert. 2020 huet Zoé Muse bei Success Story vun RTL matgemaach.

  • Midnight in Paris

Geschriwwe vum Woody Allen geet et a Midnight in Paris (2011) em en Dréibuchauteur, dee gezwonge gëtt d’Mängel vu senger Bezéiung mat senger materialistescher Verloobten an hiren divergenten Ziler ze konfrontéieren. De Film exploréiert Theme wéi Nostalgie a Modernismus. Am Joer 2012 ass de Film mam Oscar fir Best Original Screenplay ausgezeechent ginn an huet de Golden Globe Award fir Best Screen Play gewonnen.

  • IED Madrid

Den Instituto Europeo di Design bitt säit 1966 Programmer a verschiddenen Disciplinne wéi Design, Fashion, visueller Kommunikatioun a Management un. Dëst op Campusse ronderëm d’ganz Welt: Mailand, Roum, Turin, Madrid, Barcelona, São Paulo, Venedeg, Florenz, Cagliari a Rio de Janeiro.

E puer vum Julie senge Projeten

  • Union Creativa – Illustration, Timout x Fiu Barcelona
  • Mr Crab – Social Network Design, Buvette Luxembourg
  • Fashion Collaboration, Zoé Muse x Jü Design
  • Fashion Facemaks, Evabochdesign x Jü Design
  • Tropical Wallpaper Design, Paname Bar
  • Bloom – Scarf Collection
  • Genesis – Digiital Scarf Designs
  • Spring Collection 2019 – Print Design, Oysho, Inditex
  • Summer Collection 2018 – Graphic Textile Design, Oysho, Inditex
  • Digital printing, embroidery, screen printing, knit simulatioin– Print design Project, La casita de Wendy x IED Madrid

Wëll dir méi iwwert d’Julie an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

 

 

ARTICLES