Catherine Duboutay - Vum Studium zum...

29 avr. 2021
Catherine Duboutay - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Catherine Duboutay, 25 Joer
  • Studium? Master of Fine Arts
  • Uni/Institutioun? Zürcher Hochschule der Künste (Zhdk)
  • Momentan? Master Ofschlossaarbecht
  • Lafend Projeten? Schreiwen vun Thees, Residence d’Artiste zu Mexiko City an zu Winterthur

Du bass momentan mat engem gréissere Projet, denger Masteraarbecht, beschäftegt. Ëm wat geet et an denger Thees?

Bei menger Masteraarbecht beschäftegen ech mech mat der westlecher Usiicht déi de mënschlechen Kierper als eng Hüls oder eng ofgeschlossen Eenheet gesäit. An menger theoretescher Aarbecht geet et drëms dës Grenz opzebriechen an ze weisen datt de Mënsch Deel vun deem ass wat mir “Ëmwelt” nennen.

Ech erklären dat Ganzt unhand vum Wuerm, also engem bilateralem Déier wat Basis vun all aner Déier a Mënsch ass. Fir dëst hunn ech während menger Residence zu Mexiko City Wierm bei mir opgeholl déi virum Ausstierwe bedreet sinn. Wärend deem Prozess, wou ech mat hinnen zesummen am Atelier gewunnt hunn, ass e Video wéi och Skulpture fir si entstanen.

Wat kann een sech genau ënnert enger Residence d'Artiste virstellen?

Also eng Residence ass ee Konzept wat engem erlaabt iergendwou aneschters hin ze goen, aus sengem Alldag auszebriechen an an engem neien Ëmfeld ze schaffen. Zu Mexiko City hunn ech een Atelier fir 5 Woche kritt an deem ech all Dag schaffe konnt. Ech hunn dohanne vill mat der Kultur zesumme geschafft andeems ech mech mat neie Theme beschäftegt a mech mat anere Leit ausgetosch hunn. Doduercher konnt ech och nei Materialie kenneléieren a meng Praxis weiderentwéckelen. Een anert Beispill vun enger Residence war zu Winterthur an der Schwäiz. Do hunn eng Frëndin an ech een Haus fir eng Woch zur Verfügung gestallt kritt. Et ginn also verschidden Aarte vu Residencë mee d’Grondiddi ass déi datt een an engem neien Ëmfeld liewen a schaffe kann.

Living Sculptures © Catherine Duboutay

Wéi eng Etappen hunn dech vum Lycée bis hin ze dëse Residencë geleet?

Ech hunn am Arts et Métiers Divisioun artistique gemaach; dat heescht ech hun do schonn eng artistesch Direktioun gewielt. Am Ufank wollt ech Grafik Designerin gi mee no engem Stage hei zu Lëtzebuerg hunn ech gemierkt datt ech net déi ganzen Zäite virum Computer setze wéilt. Ee Moment laang wosst ech net wat ech maache wéilt an hunn verschidde Saache wéi Germanistik a Geschicht ausprobéiert.

Wou ech dunn Bildungswëssenschafte mat Däitsch a Konscht studéiert hunn war ech deels op der Konschthéichschoul zu Saarbrécken. Do hunn ech gemierkt datt ech just nach dat maache wéilt a sinn doropshi ganz op Konscht gewiesselt. Ech mengen ech sinn dësen Ëmwee gaange well ech mir einfach selwer net agestoe wollt dass ech Konscht wollt maachen.

Fir elo dëse Master hunn ech no mengem Bachelor mäin Portfolio an ee Motivatiounsschreiwes op der Zürcher Hochschule der Künste agereecht. Wou ech fir den Interview op Zürech ageluede gouf hunn si mir méi detailléiert Froen iwwer verschidde Konschtwierker gestallt an och scho konstruktiv Kritik ginn. Doropshi krut ech iergendwann eng Mail a konnt mech fir de Master of Fine Arts umellen.

Ofgesi vun de Residencë, wéi kann een sech den Alldag vun enger Konschtstudentin virstellen?

Also am Moment sinn ech vill am Gaang un menger Thees ze schreiwen. Mee vue datt d’Ateliere vun eiser Schoul trotz Corona nach op si ginn ech normalerweis all Dag vu moies bis owes dohinner. Et ass ëmmer ënnerschiddlech wat ech grad am Atelier maachen. Ech hunn elo zum Beispill mat zeechnen a molen ugefaangen. Dat hëlleft mir vill fir meng Gedanken ze sortéieren an zäitgläich eppes Produktives ze schaffen. Wann ech méi ee grousse Projet maache wëll, wéi zum Beispill ee Video, da kann ech an der Schoul eng Kamera ausléinen an ee Fotostudio buchen; also e Raum mat speziellem Background a Luuchten. An soss schaffen ech awer och zimmlech vill um Computer fir Recherche ze maachen. 

Hülle 2019 © Joas Strecker

Kléngt wierklech ofwiesslungsräich! An wéi gesäit et spéider no denger Masteraarbecht fir dech aus?

Majo dat ass momentan och e grousst Thema vue datt mäin Ofschloss jo ëmmer méi no kënnt. Ech hunn awer schonn e puer Iddien: Ech wëll op jiddefalls Konscht als fräi Kënschtlerin an als eege Praxis weidermaachen. Een Dram vu mir ass et awer och een Offspace ze grënnen; dat wier een Ausstellungsraum kombinéiert mat enger Libraire, enger Kichen an engem Communityraum. D’Zil ass et Leit zesummen ze brénge fir sech auszetauschen a fir Workshops a Reading Groups ze organiséieren. An als Konzept géif ech gäre Science Fiction mat LGBTQ+ Theme verbannen.

Géifs du dës Iddien da weiderhin am Ausland oder rëm zréck zu Lëtzebuerg ëmsetze wëllen?

Och wann ech momentan tëscht ville Saache sti, wëll ech no mengem Master gäeren een Atelier fannen. Dës Basis wäert vläicht weiderhin hei zu Zürech sinn oder mech iergendwou anescht hin zéien, ech weess dat nach net sou genau. Ech géif mir gären déi Méiglechkeet ophale fir ëmmer rëm an aner Stied ze plënneren an nei Leit a Kulture kennenzeléieren. Well et ass genau dëse Prozess dee mir an der Weiderentwécklung vu menger praktescher Aarbecht vill bruecht huet. Wärend ech mir déi Optioun ophale sinn ech awer och nach ëmmer mat engem Fouss zu Lëtzebuerg. Konscht gëtt do vill wäertgeschat an ënnerstëtzt an dat fannen ech een immens grousse Pluspunkt fir esou ee kléngt Land. Doduercher gëtt Kultur och als ee wichtegt Kommunikatiounsmëttel ugesi wat eis hëlleft an der Gesellschaft weider ze kommen. Et ass eng Denkmethod mat där mir gesellschaftlech Themen uschwätze kënnen an dat fannen ech schéin esou.

Wanns du an iergendenger anerer Epoch liewe kéints, wéi eng wier dat?

Ech hätt elo gesot an engem Paralleluniversum, iergendwou an der Zukunft. Ech mengen ech hunn einfach esou Idealer a mengem Kapp déi ech gären duerchgesat hätt. Iergendwou wou et einfach ëm Inclusioun geet an ee Grenzen opbrieche kann; wou een sech selwer als Deel an net als Zentrum vum Liewe gesäit.

Fir méi Informatiounen:

 

ARTICLES