Vum Engel zum Casino

31 mar. 2021
Vum Engel zum Casino

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter

D’Kultur- a Konschtzeen zu Lëtzebuerg ass eppes fir jiddereen; och fir déi Jonk. Dës Devise huet de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain mat Hëllef vun hirem neie Lieu “Casino Display”, deen an der fréierer Konschtgalerie “Beim Engel” ze fannen ass, och ëmgesat. Am Februar 2021 sinn Diere vun desem neien Espace opgaangen, deen sech zwar an engem vun den eelsten Haiser an der Stat befënnt, mee dofir awer Innovatioun grouss schreift. D’Christine Walentiny a Nadina Faljic vum Casino Display hu mat eis iwwert hir Pläng fir dës nei Venue geschwat.

De Programm vum Display dréint sech haaptsächlech ëm Echangen, Experimenter, Recherche an Orientatioun. Dës Pilieren si vun immenser Wichtegkeet fir jonk an ugoend Kënschtler*innen, déi sech zu Lëtzebuerg mat der Knappheet u Konschthéichschoulen an dem Choix vun institutionelle Kadere mussen debrouilléieren. Fir dësem Probleem entgéint ze wierken, organiséiert de Casino Display verschidden Eventer, Expositiounen a Workshops, déi de Jonken d’Méiglechkeet gi fir sech ze renseignéieren an sech mat deenen auszetauschen, déi sech an enger ähnlecher Situatioun befannen.

Casino Display © Nola

Esou fënnt den 1. Abrëll 2021 eng digital Versioun vun der zweeter “Journée d’orientation et de découverte des métiers créatifs au Luxembourg” mam Numm “Display.ed” statt. Wärend dëser virtueller Foire gi vun 8h15 bis 15h siwe verschidde Konschthéichschoulen an Uni’en virgestallt, zwee Atelieren organiséiert an d’Konzept vum Casino Display präsentéiert. Op déi Manéier kënnen sech déi jonk Participanten*innen aus verschidde Lycéeën informéieren an d’Méiglechkeet ergräife fir konkret Froen un déi jeeweileg Schoulen a Presentateuren*ricen ze stellen.

Deen direkte Kontakt mat jonke Leit gesäit d’Nadina Faljic, Commissaire Associée vum Casino Display, als immens wichteg hei zu Lëtzebuerg un. Dobäi schwätzt hatt de Mangel vu Konschthéichschoulen am Land un, deen d’Schüler*innen dozou bréngt an der Groussregioun no engem Konschtstudium ze sichen. Fir dëse Schüler*innen bei hirer Bewerbung ënnert d’Ärem ze gräifen, ginn ab dem 1. Abrëll Portfolio Views vun him ugebueden. Dëst ass entweder per Rendez-vous am Display oder och virtuell méiglech. Heibäi betount d’Christine Walentiny, Coordinatrice vum Casino Display, datt et net drëm geet, Meenungen zu engem Portfolio mat eranzebréngen, mee éischter fir de Jonken hëllefräich Berodung a nëtzlech Kontakter mat op de Wee ze ginn.

© Nola

Déi aner Piliere vum Casino Display, Experimenter & Recherche, gi momentan sous forme vun enger Résidence d’Artiste ëmgesat. Dës Résidence dauert sechs Méint a bitt dem*r Kënschtler*in net nëmme Logement, e Budget mee och en Espace un, an deem een u senge Projete schaffen a sech gläichzäiteg an aner Aktivitéite mat abanne kann. Esou hëlleft den därzäitegen interdisziplinären artiste de résidence, Andrea Mancini, bei der Foire “Display.ed” mat andeem hien vu sengem eegene Parcours schwätzt an Deeler vu senge Recherchë präsentéiert. Dësen Abléck encouragéiert déi jonk an ugoend Kënschtler*innen an hëlleft esou och d’Missioun vum Display ze verwierklechen.

Wéi een sech fir eng Résidence d’Artiste bewerbe kann ass momentan nach net vu strikte Critèrën encadréiert. D’Christine Walentiny recommandéiert awer fir e Projet an eng Kandidatur eranzeschécke mat där gekuckt gëtt op Synergië mat den anere lafenden Aktivitéite vum Display entstoe kënnen.

Vu lénks no riets: Andrea Mancini, Christine Walentiny, Nadina Faljic © Lydia Uhres 

Op d’Nofro vu zukünftege Projeten am Casino Display äntwert d’Christine mat engem hoffnungsvolle Laachen an ziëlt eng ganz Reih vu Pläng op. Enner anerem gëtt am Kader vun de “Displayers” a “Scol’art” en Audioguide mat Jonken aus dem drëtte Schouljoer opgeholl, déi iwwer fënnef Wierker aus der Triennale schwätzen. Weiderhin ass fir de Summer eng Expo an der Vitrinn a fir den Hierscht eng Ausstellung an Zesummenaarbecht mat Héichschoule geplangt. Zil ass et fir mat verschiddenen Evenementer d’Gebai och fir de Public opzemaachen - sou wäit et déi momentan Mesuren erlaben.

Am Moment kann een awer sämtlech Aktioune vum Casino Display op hierer Websäit oder op dem Instagram Account @casino_display verfollegen a sech weider renseignéieren.

Eng nei époque deemno fir dest venerabelt Haus!

ARTICLES