Literaturpräis vun der Europäescher Unioun 2020 – Shortlëscht Lëtzebuerg

16 avr. 2020
Literaturpräis vun der Europäescher Unioun 2020 – Shortlëscht Lëtzebuerg

Auteur: Centre national de littérature

De Jury vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun (EUPL) fir Lëtzebuerg freet sech, d’Shortlëscht mat de Buchtitelen ze verëffentlechen:

  • Samuel HAMEN, V wéi vreckt, W wéi Vitess. Erzielung, Éditions Guy Binsfeld, 2018.
  • Francis KIRPS, Die Mutationen. 7 Geschichten und ein Gedicht, Hydre Éditions, 2019.
  • Jeff SCHINKER, Sabotage, Hydre Éditions, 2018.

De Laureat gëtt Enn Mee am Kader vun der kroatescher EU-Rotspresidenz vun der Kulturministerin, der Madamm Nina Obuljen Koržinek, annoncéiert.

De Jury ass zesummegesat aus dem Jeanne E. Glesener (Presidentin – Universitéit Lëtzebuerg), dem Jean Back (Auteur), dem Claude D. Conter (Centre national de littérature), dem Jean-Claude Henkes (Librairie Ernster) an dem Jérôme Jaminet (Literaturkritiker).

2020 ass Lëtzebuerg, nieft der Belsch, Bosnien-Herzegowina, Däitschland, Dänemark, Estland, Kroatien, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Kosovo, Spuenien an Zypern an der Selektioun fir de Literaturpräis vun der Europäescher Unioun (EUPL).

Den EUPL gëtt all Joer vum Europäesche Schrëftstellerverband, der Europäescher Editeursfederatioun an der Europäesche Librairesfederatioun an Zesummenaarbecht mat der Europäescher Kommissioun organiséiert an zeechent literaresch jonk Auteuren am Beräich vun der zäitgenëssescher Fiktioun aus. Den EUPL gëtt un Auteuren aus Länner verginn, déi um Creative Europe Programm deelhuelen.

De Präis fërdert déi international Visibilitéit vun Auteuren, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn. D’Zil vum Präis ass d’Vermëttlung vun de Gewënnertexter un e breede Public, fir esou op déi literaresch a sproochlech Villfältegkeet vun an an Europa hinzeweisen. De Präis ënnerstëtzt d’Iwwersetzung an d’Zirkulatioun vun Texter duerch d’Zesummenaarbecht mat europäeschen Iwwersetzer an der Publikatioun vun enger järlecher Anthologie mat Extraiten aus den ausgezeechente Bicher.

Den EUPL ass mat 5000 Euro dotéiert.

Viregt Laureate vum EUPL fir Lëtzebuerg:

  • 2010 – Jean Back, Amateur (iwwersat op Ungaresch, Albanesch, Tschechesch, Serbesch, Mazedonesch a Bulgaresch)
  • 2013 – Tullio Forgiarini, Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik (iwwersat op Däitsch an op Serbesch)
  • 2016 – Gast Groeber, All Dag verstoppt een aneren (iwwersat op Bulgaresch an op Serbesch)
  • 2018 – Am Kader vum EUPL – Literaturwettbewerb „European Stories“ hunn de Jean Back an de Gast Groeber ex aequo de Präis vun den Europäesche Parlamentarier kritt.

ARTICLES