Kulturpass

22 mai. 2023
Kulturpass

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

All Mënsch huet d’Recht op Kultur. Et huet awer nach laang net all Mënsch Zougang zu all Form vu Kultur.

Dëst gëllt och zu Lëtzebuerg, wou d’Aarmut kee Randphänomen ass. Am Joer 2020 louch den Taux de risque de pauvreté bei 18,1 %, d’Joer drop bei 19,2 % (STATEC). Dëst war virun dem Krich an der Ukrain an der Inflatioun, déi mer aktuell erliewen.

Den Trend ass kloer: D’Liewe gëtt ëmmer méi deier an d’Aarmut wiisst. Ween all Cent zweemol ëmdréine muss, fir iwwert d’Ronnen ze kommen, iwwerleet dohier net laang, wann e sech tëschent sengem Wochenakaaf an engem Ticket fir e Concert entscheede muss.

Géint d‘Ausgrenzung vu Leit mat geréngem Akommes aus dem ëffentleche kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg setzt sech säit 2008 d’Cultur’All a.s.b.l. an. Am Gespréich mam Luis Santiago, Médiateur socio-culturel, an dem Marianne David, zoustänneg fir d’Kommunikatioun, d’Finanzen an d’Administratioun, sinn ech net nëmme villes iwwert déi aktuell Situatioun hei zu Land gewuer ginn, ma och iwwert de Kulturpass als Mëttel, fir den Accès zur Kultur méi oppen ze gestalten.

10 Joer Kulturpass, 2020, © Cultur'All
10 Joer Kulturpass, 2020, © Cultur'All

„Mir hunn Temoignage vu Leit, déi expriméieren, datt de Kulturpass hinne rëm Loscht ginn huet ze liewen.“

De Kulturpass erméiglecht Leit a prekäre finanzielle Situatiounen, ma awer och Refugiéen a Leit, déi e Refuge beuntraagt hunn, vill kulturell Angeboter wouerzehuelen, fir déi de Portemonnaie soss ze kleng wier. E bitt fräien Entrée an all Partnermuséeën an zum Präis vun 1,5 € kann een un Evenementer vun de verschiddenste kulturelle Partner deelhuelen. Wéi een de Pass beantraage kann a wou, dat léisst sech op kulturpass.lu noliesen. D’Panoplie u Veranstaltungen, déi ee mam Pass ka besichen, kann een op echo.lu entdecken.

D’Nofro nom Kulturpass war 2022 sou héich wéi nach ni, erzielt d’Marianne. Dat wier ënnert anerem op déi grouss Präiserhéijungen zeréckzeféieren, déi d’Zuel vun den Empfänger vun der Allocation de la vie chère erhéicht hätten. Dës ass nämlech den Haaptcritère fir den Usproch op de Kulturpass.

„D'Aarmut mëscht, datt een net en Deel vun der Gesellschaft ka sinn, well een aus finanzielle Grënn net matmaache kann,“ erzielt de Luis. Dës finanziell Barrière hëlleft de Kulturpass ofzebauen, mee et existéieren donieft och aner Barrière, wéi en Handicap oder mental Hemmschwellen, déi d’Leit dovunner ofhale géifen um kulturelle Liewen deelzehuelen. Duerch hir Sensibiliséierungsaarbecht bei de Partner wéi och de Beneficiairen dréit Cultur’All zu enger Integratioun vu finanziell oder anerwäerteg benodeelegte Leit an d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg bäi.

Ee grousst Uleies vu Cultur’All ass dobäi d’Visibilitéit vum Kulturpass. Mir schwätzen hei engersäits vun enger Visibilitéit op Säite vun de kulturellen a sozialen Acteuren, déi et als verléisslech Partner ze gewanne gëllt, an an der Suite vun der Visibilitéit vun den Angeboter, déi d’Beneficiaire mat hirem Kulturpass kënne wouerhuelen.

An de leschten zwee Joer konnten, sou d‘Marianne, 36 nei Partner gewonne ginn, dat heescht souvill wéi et der virun 10 Joer insgesamt goufen, wat als e grousse Fortschrëtt ze verbuche wier. Mat Partner sinn dobäi souwuel Kulturinstitutioune gemengt, déi Evenementer ubidden, déi ee mam Kulturpass ka fir e klenge Präis besichen, wéi och sozial Ariichtungen oder Associatiounen, déi de Kulturpass un d‘Leit, déi si betreien, weidervermëttelen.

Wärend d’Bereetschaft fir eng Kooperatioun an den allermeeschte Fäll do ass, hapert et oftmools awer nach un der interner Implementéierung vum Kulturpass bei de Partner. Et wier hei nämlech och wichteg, de Kulturpass aktiv ze promouvéieren, dat heescht zum Beispill en um Internetsite vun engem Theater méi visibel ze maachen oder d’Leit an engem Foyer ëmmer rëm dozou ze animéieren, e Kulturpass unzefroen oder och am Grupp mat engem sougenannte Kulturpass associatif op Evenementer ze fueren.

Heifir bräicht et en Automatismus. De Kulturpass géif bei de Partner nach oft als eppes Externes ugesi ginn an dowéinst och schonn emol vergiess. Wann awer weder um Internetsite nach op engem Flyer op de Kulturpass higewise gëtt, da wéissten d’Beneficiaire net, datt se wëllkomm sinn. Hei misst dohier nach vill dorunner geschafft ginn, datt de Kulturpass an d’Struktur vun de Kultur- a Sozialhaiser integréiert gëtt.

„Mir géifen eis wierklech wënschen, datt et vu Säite vun der Politik e wierkleche Wëlle géif ginn, fir de ganze Projet méi ze ënnerstëtzen an och no vir ze bréngen.“

Wat et dofir a fir aner Mesure braucht, ass eng finanziell a personell Ënnerstëtzung. „De Projet ass national. Ech weess net op d‘Leit sech kënne virstellen, wat dat heescht,“ stellt de Luis fest. Cultur’All zielt 100 kulturell Partner a 40 Sozialpartner, déi hirersäits ongeféier 350 bis 400 Haiser repräsentéiere, souwéi ronn 4.500 aktiv Beneficiairen.

„Mir hunn souvill Iddien, déi mer wëllen ëmsetzen,“ seet d’Marianne. Eng vun dësen Iddien ass et, iwwert déi finanziell Barrière erauszegräifen an och aner Forme vu Barrièren, wéi den Handicap, ze adresséieren, déi eng breet Accessibilitéit fir d‘Participatioun um ëffentleche kulturelle Liewe verhënneren. Och eng Zesummenaarbecht mat de Jugendhaiser wier envisagéiert, soubal d’Ressourcen dofir zur Verfügung stinn.

Eng weider Demarche, déi Cultur’All envisagéiert, ass e Sportpass, deen, analog zum Kulturpass, sportlech Evenementer finanziell méi accessibel soll maachen. De Besoin wier nämlech do, wéi een um Beispill vun der Escher Schwemm gesäit. Dës ass fir d’Beneficiaire vum Kulturpass opgemaach ginn, déi säitdem a groussem Moossstaf vun der Offer profitéieren.

Déi vill Iddien an dat enormt Engagement vun der Equipe vu Cultur’All ginn also en Ausbléck op dat, wat mat der néideger Ënnerstëtzung an Zukunft um Niveau vun der Accessibilitéit an der Kultur nach alles kéint erreecht ginn. De Besoin nom Kulturpass ass jiddefalls do, an e wiisst vun Dag zu Dag.

ARTICLES