KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM SARAH VERMEULEN

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM SARAH VERMEULEN

28 nov. 2022

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d’Graphikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d’Insights vun der Aarbecht als Freelancerin. Folgend Theme schwätze mir ënner anerem un:

  • Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d’Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Plattform?
  • Wéi a wou mécht ee richteg Pub fir sech als Kënschtler:in z’etabléieren?
  • Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eens?
  • Wéi een Afloss huet d’Politik op d’Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!

 

Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:

10:09 Luk – Traureg Mee Et Geet

21:33 Sixo ft. Irem – Gold

31:58 Turnup Tun ft. Lilou – De Gudden

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.

ARTICLES