EPISODE 4 – TREFFEN MAT ORBITIA

EPISODE 4 – TREFFEN MAT ORBITIA

20 avr. 2022
EN COLLABORATION AVEC Esch2022

Invitéen : Béatrice Arend & Patrick Sunnen

Moderator : Célia Turmes

An dëser véierter Episode geet et em d’Roll vun der Technologie an der Educatioun: d’Béatrice Arend an den Patrick Sunnen vun der Uni Lëtzebuerg stellen hiren Projet „Orbitia“ fir, en interaktiven Dësch den Technologie an zesummen léieren mat eneen verbënnt. Den Projet ass fir den Public vum 18ten Mäi bis den 2ten Juni am SKIP disponibel.

Orbitia

Konstruktiv Zesummenaarbecht ka schwéier sinn. Dofir huet en interdisziplinärt Fuerschungsteam eng Aktivitéit op engem interaktiven Dësch implementéiert a studéiert, déi als Zil hutt d'Zesummenaarbecht tëscht de Participanten unzereegen. Déi doraus resultéierend Aktivitéit, "Orbitia", ass entworf als "eescht" Spill an riicht sech op 3 Participanten pro Ronn mat der Aufgab als Space-Mining-Crew ze handelen a Missiounen op engem imaginäre Planéit ofzeschléissen.

Béatrice Arend

Béatrice Arend, PhD Social Psychology. D’Béatrice ass Senior Lecturer op der Uni Lëtzebuerg. An der Fuerschung analyséiert si Kommunikatioun an Interaktiounen tëschent Mënschen an kuckt wéi Mënschen mat techneschen Artefakten interagéieren.

Béatrice Arend (uni.lu)

Patrick Sunnen

Patrick Sunnen, PhD Education. Hien ass Associate Professor op der Uni Lëtzebuerg. Säin Fuerschungsschwéierpunkt ass um Gemeinsame Léieren an op ICT médiéierten Aktivitéiten. De Patrick ass Chef de Projet vun ORBIT (FNR funded project).

Patrick Sunnen (uni.lu)

Célia Turmes

D’Célia Turmes ass d’Responsabel vun der Mediatioun bei Esch2022. Virun senger Participatioun bei der Kulturhaaptstad Esch2022, hutt d’Célia als Freelance Mediatrice am MUDAM geschafft an als Freelance Redactrice Artikelen fir Culture.lu geschriwwen. Hatt hat an deem Kontext d’Méiglechkeet virun allem déi lëtzebuergesch Konschtszene ze entdecken an ervir ze hiewen. Interviewen mam Martine Glod, Chantal Maquet souwéi mam CNCI sinn just e puer Beispiller vun sengem Interessi un der Konscht an un der lëtzebuergescher Kreatioun.

Esch2022 ART, TECHNOLOGY & DIGITAL CULTURE PODCAST

Den Esch2022 ART, TECHNOLOGY & DIGITAL CULTURE Podcast erfuerscht verschidden Themen am Zesummenhang mat Konscht, Wëssenschaft, Technologie an Digitaler Kultur. Lauschtert Kënschtleren, Curateuren, Wëssenschaftleren an eisen Visiteuren op eng informell an zougänglech Manéier no, wie si iwwert hir Projeten an hir Impressioune vun den Ausstellungen an Eventer, déi am Kader vun Esch2022 – Europäescher Kulturhaaptstad organiséiert ginn, diskutéieren.

An Kollaboratioun matt culture.lu an Radio ARA

Opgeholl den 4ten Abrëll 2022 an Esch-Uelzecht

Jingle : Andrea Mancini (aka Cleveland) andreamancini.cc

Visuelle Identitéit : Cropmark cropmark.lu

ARTICLES