De Skibi iwwert Onofhängegkeet an Image-Rapper

21 fév. 2022
De Skibi iwwert Onofhängegkeet an Image-Rapper

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

Et ass zwou Auer mëttes. Ech sëtzen am Independent a waarden op de Skibi, liesen eng weider Kéier meng Notizzen a Froen. De lëtzebuerger Wuertschmadd huet viru Kuerzem, ouni Ukënnegung, ouni Reklamm, ouni Rambazamba, eng EP erausbruecht. EPz heescht d’Stéck, gelies: ee Peez. Iwwert dräi Beats vum Danny Epstein, och bekannt als Fuza, erzielt de Skibi vun der Hip-Hop-Zeen, senge Problemer mat Image-Rapper an der Lëtzebuerg-Kris vun 1867. Mäin Handy schellt; de Skibi rifft un, et deet him Leed, hien huet Verspéidung. Den Indie mécht fir den Nomëtten zou, also bréngt den Här mech op säi Büro, De Gudde Wëllen, wou hien als Barmann täteg ass. Seng Schicht fänkt um véier un, bis dohin huet hien Zäit fir mech. Hie leed de Wee an de Backstage, uewen um zweete Stack.

An dësem spiert een sech op den éischte Coup wéi op engem anere Planéit. D’Loft ass méi dënn, d’Suele vu menge Schong pechen um Bueden, trëppelen ass méi schwéier. Dat läit net un enger alternativer Gravitatiounskraaft; den hëlzene Parquet huet Generatioune vu Vir- an Afterpartyen a verschotte Béier nëmmen hallef verkraaft. Fir de Rescht ass de Sall wéi geleckt an an engem Retro-Stil ageriicht. Vill Luucht vun der Rue du saint esprit schéngt duerch déi grouss Fënsteren op Tapéite mat exotesche Vullen. Mir beweegen eis – skritsch, skratsch – un den Dësch. De Skibi kippt eng Fënster a fëscht aus sengem Zigarettepak de Peez vu gëschter eraus. Et ka lassgoen.

Éier dass mer op EPz ze schwätze kommen: Déi, déi dech nach ni live erlieft hunn, wëssen net, dass de och en exzellente Freestyler bass. Dat kann een och beim Bobby Bieles nolauschtere goen. Wat ass d’Roll vu Freestyle hautdesdaags am Rap?

D’Roll vu Freestyle? Ech mengen am Terme Rap ass schonn am Fong den Terme Freestyle mat dran involvéiert. Den Torch hat eng Kéier eng Virliesung an hie sot: “Rap ass dee Moment, wou s de ee Rhythmus héiers an däi Gehier konstruéiert d’Reimer op eng Art a Weis, wou s du net wierklech conscient méchs. Du schwätz méi séier wéi s de denks.” An dat wär am Fong Rap. Dat heescht Freestyle ass rappen. Hautzedaags ass et mengen ech einfach sou ee Skill oder een Handwierk, dat richteg gutt Rapper kënne benotzen, oder krank Villercher op der Strooss, déi einfach een Don dono hunn, ze freestylen. Si kënnen dat och gutt. Dat heescht jo net, dass dat Rapper sinn oder dass se vollwärteg Texter schreiwen. Mee d’Roll vu Freestyle ass fräi sinn, ass net de Studiorap, ass live op der Bün stoen an d’Energie, déi een huet, rausloosse mam Beat. Dat ass d’Roll vu Freestyle mol bei mir. Net ze haart ze decidéieren, wat ech lo soen a wat ech net soen, an einfach drop lassfléissen. Jo.

Interessant, dass de dat och par Rapport zur Bün sees, well ech hunn dech och scho mol erlieft wou s de den offiziellen Text net am Kapp has, an awer abgaange bass mat engem Freestyle.

Dat ass Standard. Ech wëll ni choken. Ech si keen, deen seng Texter permanent léiert. Ech maachen dat zwee, dräi Mol. A wann ech dann ee vun deenen, keng Anung wéi vill Wierder ech sou hunn, vergiessen oder mech vertuddelen, sinn ech jo direkt eraus. Da loossen ech mech einfach goen, wat heiansdo fir mech de schéinste Moment ass, well ech net ëmmer déi selwecht Concerten hunn. Et sinn ëmmer aner Saachen, déi geschéien. Freestyle ass de Moment, wou ech – ah, ech si raus aus dem Text, sou, lo schwätzen ech direkt zu iech. Kee Choken, freestylet weider, dat ass mäin Tipp fir MCs, déi live wëlle sinn.

© Valentin Dufour

© Valentin Dufour

Du hues och raptechnesch immens vill Progrès a relativ kuerzer Zäit gemaach. Wéi erkläers de dir dat, an hues de nach weider Tipps fir jonk Rapper, déi besser wëlle ginn?

Ech hu Progrès gemaach. Awer fir mech ass dat déck laang, muss de bedenken. Well ech awer mat siwwenzéng ugefaangenen hu mat schreiwen. Wann ech dat lo lauschteren, soen ech mer och: wat ech elo maachen ass vill besser. Trotzdeem wëll ech awer ëmmer weiderevoluéieren. Dat ass nach iergendwéi dat Coolsten um ganzen Rap: z’evoluéieren. Ze progresséieren. Besser Flows ze hunn. Firwat ass warscheinlech well ech et permanent gemaach hunn. Ech hu geschriwwen, wann ech Loscht hat, an ech hu geschriwwen, wann ech keng Loscht hat. Dat ass e bësschen wéi beim Sport. Wann s de Fussballspiller gëss an du wëlls gutt ginn, da gees de och trainéiere wann s de keng Loscht hues. An du spills mega vill wann s de Bock hues. Dowéinst sinn ech progresséiert. Well ech wollt besser ginn, an ech hunn et vill gemaach. 

Meng Tipps u jonk Rapper … Et hänkt vum jonke Rapper of. Sou, ech hunn d’Gefill, Rap ass haut zu eppes aneschtes ginn. Et ass méi normal ginn. Dat heescht vill Leit kënne rappen, kënnen doheem ophuelen. Dat heescht, wann een dat mécht, géing ech em soen: sto wierklech hannendrun. Maach et net nëmmen fir sozial recognition. Maach et net nëmme fir Respekt vun iergendengem. Maach et fir dech. Well wann s de dat lo zwee, dräi Joer méchs an du bass wierklech dran an du wëlls et net wierklech maachen, da gëss de eng Kéier op, wat der net gutt wäert doen. Oder du bass identifizéiert mat enger Rapperoll, déi s de net brauchs an dengem Liewen. Da bleif léiwer fir dech. Sou, da schreif léiwer doheem. Ech hunn d’Gefill, haut ass jiddereen direkt no baussen: ech hunn dat gemaach, ech hunn dat geschriwwen. Marketing maachen an een Image kréien an … ‘t ass sou vill. Jonk Rapper, fannt emol raus, ween dir wierklech sidd, aplaz een Image z’iwwerhuele vu Leit, déi iech äert Liewe laang wäerte veränneren.

Zu dësem Thema: Geet d’Lidd iMetsch ëm ee spezifesche Rapper oder Image-Rapper allgemeng?

Ech hu bei e puer Punches Image-Rapper am Kapp gehat, mee awer … Ech weess et net … Ech hunn an engem Lidd ee Rapper genannt, jo, mee vill vun deene sinn et mer och net derwäert, de Numm an een Text ze maachen. Dann héieren ech dat Lidd an drësseg Joer an ech hu säin Numm do am Text gesot wou ech mech froe wäert: firwat hunn ech dee genannt? Ech denke vill un aner Rapper an ech huelen se dann als Beispill, mee ech probéiere se net perséinlech fäerdeg ze maachen. Ech wëll einfach soen: “dat wat s du do méchs ass e bëssche whack, weess de, et ass e bëssche schäiss. Just saying, sou.” Net: “Dat ass mega mies” riicht an d’Fress. Nee, et ass esou niewebäi: “Ou, mir fannen dat all schiel, wat s de méchs. Ech wollt der dat nëmme soen. Cu.” Dat si sou meng Punches. Ech hunn e puer Rapper am Kapp gehat, awer keng vu menge Kolleegen. (Laacht) Dat ass schonn eemol eppes.

D’Bezéiung zwësche Produzent a Rapper ass de Crux vun all Rap-Lidd. Kanns de mer déng Bezéiung mam Fuza wannechgelift beschreiwen?

Uh. Fou Fro. Bah, du muss bedenken, wann ech ophuele ginn, ginn ech bei ee Produzent, an ech si kee Museker. Ech kann e bëssche Beats maachen op menger MPC, net bis zur Perfektioun. Ech sinn nëmmen de Rapper. Dat heescht fir mech ass et, wéi wann ech op engem säi Boot géif klammen, an hien ass sou: “Ja, du muss mäi Boot lo lenken. Ech maachen, dass d’Maschinn geet.” Beim Crux … De Crux huet mech duerchgepeitscht. Beim Crux war et Hardcore Hip Hop, e bëssche méi hardcore wéi ech et virdrun erlieft hunn. An de Fuza ass ee Punkrocker am Häerzen. Awer och ee mega Eminem-, Hip-Hop-Fan vun der 2000er Era. Hie war musikalesch op engem anere Level an hien huet mech och krass gepushed, bei menger leschter EP zum Beispill, laang Parts ze maachen.

Dat lescht Lidd, ech mengen, do ass ee Part, dann eng Hook, déi nëmmen ugedeit a rëm ofgebrach gëtt, da kënnt nach ee Part, an da kënnt d’Hook, an dann nach eng Kéier ee Part, wéi wann d’Hook géif kommen. Dat ass dem Fuza seng Influenz gewiecht, ëmmer nach weider, a mäi Storytelling auszebauen. An och a menger Craziness, ech selwer ze sinn. Sou, doranner war hie gutt. Perséinlech, mir och ze soen: “Ou, du bass cool, man.” Zimmlech musikalesch a perséinlech ass et mam Danny gewiecht. Ech kennen hie vum Läbbel. Hien huet och dem VIC säin Album produzéiert. An dem VIC säin Album war ee vun de beschten Albume vum lëtzebuergeschen Hip Hop.

An deem Album hues du och ee mega Part am Lidd Rullen.

Mam Ragga, ja, dat ass richteg. De VIC hat eis bei den Danny invitéiert. Ech hat dee Moment och schonn ee Lidd mam Danny ugefaange fir déi EP, déi elo erauskënnt. Dat war virun zwee Joer. Ech sinn dohinner komm, de Fuza hat schonn de Beat an ech hunn ugefaangen, mäi Part ze schreiwen, e puer Punchlines. Do koum de VIC. De VIC hat eng Bar iwwert duerch d’Land fueren. De Ragga war en plus ze spéit.

© Gilles Kayser

© Gilles Kayser

Sou wéi s du haut.

Jo, genau, sou wéi ech haut. Pénktlechkeet a Rapper ass net ëmmer gutt am allgemengen. De Ragga hat och Schwéngereie gemaach, den Owend virdrun. Ech mengen, Rullen huet eng vun de Liblingshooks, déi ech je gemaach hunn. A live ass et ee vun de beschte Lidder ever. Mir waren um eLake an et war esou cool. De fënnefte Mäerz ass d’Release vum VIC hei, am Gudde Wëllen. Da sinn ech Virband an de Ragga och. “Rulle Ronne wärend Stonnen/ënnerwee mat de Jongen.”

Am Lidd Säit 1867 referenzéiers de wichtege, weidere Schratt zur lëtzebuergescher Onofhängegkeet. D’Lidd geet, sou wéi ech et verstinn, awer och ëm deng eegen Onofhängegkeet. Wat bedeit fir dech Onofhängegkeet a Fräiheet?

Éischtens Mol: Cool dass de dat mat der Onofhängegkeet gecheckt hues. Den Ufank vum Lidd war, dass ech dem Fuza sot: “Ech fannen egal wat iwwert Lëtzebuerg um Internet an mir maachen doriwwer ee Lidd.” An du wollt ech ee Joer. 1867. Et ass jo am Fong 6-7-8. Ech hunn dat nogesicht an ech war sou: “Wow, do war de Fight um Territoire an …” An do hunn ech fir d’éischt emol un Hip-Hop-Onofhängegkeet geduecht, vun “se schwätzen och vun Norden a Süden, wéi wann dat déck déi Territoirë sinn, an et ass déck déi Kris iwwerall.” Et huet mer vum Vibe e bëssche gepasst an ech hunn dat Zenario sou geschriwwen.

Fir de Ragga gëtt et jo “keen Norden a kee Süden an engem Land vun 82 Kilometer”.

Genau. Obwuel Ënnerscheeder do sinn, definitiv. Zemools elo. Mee ech mengen dorops brauch ee sech net ze vill ze behaapten, well gees de hei eraus aus deem Land, da si mer all aus deem mini klenge Pott. Sou, jo, Onofhängegkeet fir mech: mega wichteg am Sënn vun der Musek hier. Wëll Musek brauch mega vill Suen, fir finanzéiert ze ginn, fir gutt Musek ze maachen an ëmmer wëlle besser ze ginn, brauchs de och ëmmer méi Suen. An ech well net, keng Anung, ech verdéngen net mega vill Suen, déi ech kann ausginn, fir Musek ze maachen. Ech wëll keen dommen Artist sinn a Suen an mega deier Museksvideoe stiechen, wéi villäicht vill aner Rapper, an dann am Fong ee mega Verloscht hunn an da behaapten, dass ech dat richteg géing maachen. Wär net real fir mech. Onofhängegkeet an der Musek ass mega wichteg. Ech wäert awer ni onofhängeg sinn, soulaang ech net an engem Studio sëtzen, wat mer selwer gehéiert. Ech wäert ëmmer vun anere Leit ofhängeg sinn. Zu Lëtzebuerg, iergendwéi, am real social life, ass finanziell Onofhängegkeet grad ee mega Konflikt. Déi Leit an eisem Alter, déi menger Meenung no hei am Land wunnen, entweder doheem bei hiren Elteren oder se sinn an enger Koppel. An dann nach, wann se an engem Apart sinn, kritt meeschtens ee vun hinnen Ënnerstëtzung vu sengen Elteren. Och do gëtt et keng Onofhängegkeet.

Ech mengen net, dass ech hei jemools kann onofhängeg liewen, eleng vun der Musek hier. Dat heescht ech wäert ëmmer aner Saache maachen. Ech ginn eens domadder. An doduerch kréien ech och meng Fräiheet. Well meng Fräiheet ass fir mech och eppes aneschtes wéi Onofhängegkeet. Eng Fräiheet ass am Mind. Eng richteg Fräiheet ass ganz schwéier z’erreechen a villäicht huet ee fënnef Sekonnen an engem Mount, wou se do ass an du bass esou: “Ech hu grad keng Ketten, näischt wat mech zitt, keen Trib, kee Besoin, kee schlechte Gedanken.” Ech mengen mir hunn genuch Fräiheeten hei, fir gutt ze liewen oder sech z’amuséieren. Déi muss de fir d’éischt sichen. An da ginn et aner Ketten, déi ech ni wäert lassginn. Mee eng Fräiheet, déi ech hunn, ass probéieren, onofhängeg ze sinn. Voilà. Putain, do gëss de mat mer philosophesch, an ëm dës Auerzait…

D’Akademiker schwätzen heiansdo vun Interdependenz aplaz vun Independenz. Am Sënn, dass de ëmmer op aner Leit ugewise bass an dass absolut Independenz eigentlech ee fälschlecht Konzept ass.

Ok, fou. Jo, mir si jo och een soziaalt Déier. Ech hunn d’lescht Kéier nach mat engem iwwert Isolatioun an Elengsi geschwat. Wéi mer dat e bësschen ënnerschätzen oder esouguer mengen, wat an eiser Gesellschaft e bësschen normal ass: “Ech zéie mech zréck fir Kraaft ze tanken.” Ok, eng sozial Batterie opzelueden, jo. Mee heiansdo geet et enger Persoun net gutt, a si zitt sech zréck, an ech mierken dat och bei mir, a wann s de dogéint gees an awer dann deng Kolleegen trëffs oder déng Famill oder du méchs eppes Guddes, du hëllefs engem, da geet et der besser wéi wann s de dech eng Woch laang zréckzitts. Am Prisong zum Beispill, Leit maachen eng Dommheet, a wat geschitt, se ginn an d’Eenzelhaft gesat. D’Isolatioun. Eleng sinn, och nach mat der Quarantän. Dat ass net gutt fir ee Mënsch. Du muss deng Gedanken erausloossen, dech mat Leit austauschen, fir dass de net total verréckt gëss, an enger Gesellschaft déi souwisou scho mega géint eis Natur konstruéiert gouf, vun eis selwer.

©

Skibi

Wat hues un Hip Hop am mannste gären?

D’Verständnis vu Battle Rap a vu Superioritéit. Fir mech ass Battle Rap zum Beispill ee Moyen, engem negativ Gedanken iwwert een ze soen, ouni dass hien et perséinlech hëllt, engem negativ Informatiounen eriwwerginn ouni dass duerno ee Sträit entsteet, ouni dass d’Leit sech zerklappen. An och, dass Leit iwwert hier Schwäche kënne laachen oder Saachen, déi villäicht witzeg un engem selwer sinn. An et gëtt awer éischter benotzt, fir ee fäerdeg ze maachen. An haut, sou, ‘t ass vill Drill an Trap. Et ass manner share the love. Hip Hop à la base ass Community a Love a Fun a Party. Net déi aner Saachen. Net “ech sinn dee Beschten,” net “ech sinn dee Räichsten.” Natierlech ass et kompetitiv, wéi ee Sport, et ass gesond.

Mee hunn de Messi an den Ronaldo sech eng Kéier mat hiren zwanzeg beschte Kolleegen mat Messeren an der Täsch getraff, well deen een e Match gewonnen huet? Et war ëmmer Respekt-baséiert. Dat verléiert sech. Ech rappe jo vill iwwert whack MCs, iwwert Battle Rap, mee hätte mer lo ee vun mengen Kolleegen, dee mer seet: “Ech fänken elo un mat rappen” an et ass mega schäiss, sinn ech net esou: “Ah, du whack MC, hal op.” Da sinn ech esou: “Maach e bëssche weider, dat ass cool, check, sou, deng Stëmm.” Da sinn ech éischter sou: “Ja, du kanns matmaachen.” Mee du muss dat méi wéi ee Sport gesinn, a vill Leit checken dat net. Dat hunn ech net gär. An den Image-Rap halt. Ech verstinn dat net, wéi Leit wierklech totalement verschidden sinn, an hirer Musek a perséinlech. Mega Kallef an hirer Musek a privat awer déck fein. Dat fannen ech weird. Strange.

Du benotz vill Fussball-Metapheren.

Fussball kucken ech säit ëmmer. Ech hu mäi Club an esou. Ech spille gäre Fussball.

Wat fir ee Club ënnerstëtz de?

Arsenal London.

Dat sinn all meng Froen. Merci fir den Interview. Hues de nach e puer Shoutouts ze ginn?

Ja, man. Merci un den Danny fir déi lescht EP. Shoutouts un de Läbbel, stay fou, all déi Hip Hopper, all Kulturmënsch, deen eppes fir dat Land mécht. Mir mussen zesummenhalen. An et kommen nach e puer EPen dëst Joer.

Zwee Peez?

Zwee Peez a villäicht Dräi Peez. Shoutout un den William LX, StEiwesz. Merci dir.

ARTICLES