KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM STEVE GERGES - PART 2

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM STEVE GERGES - PART 2

24 jan. 2022
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gitt dir béi KulturPur gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen. Schéin dass dir mat dobai sidd!

An éiser leschter Emissioun hun mir mam Motion Designer Steve Gerges iwwert seng Ufäng als Visual Jockey an seng Fascinatioun vum Universum geschwat. Wéi dem Steve séin Alldag am Coworking Space Bamhaus ausgeséit a wat hien zu NFT’en denkt gidd dir hei gewuer!

Méi Informatiounen zum Thema an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Artaban

Déi lëtzebuergesch Elektroband Artaban gouf 2006 vun de Bridder Charles a Max Nilles gegrënnt. De Steve Gerges huet eng Zäit als Visuel Jockey an der Band mat gewierkt.

  • Multiplica

Beim Multiplica Festival deen all 2 Joers an de Rotondes zu Bouneweg stattfënnt dréit sech alles em Digital Konscht. Kënschtleresch Installatiounen an audiovisuell Performancë sollen dem Public d’Potenzial weise wat een alles mat digitaler Konscht maache kann.

  • Yves Conrardy

Den Yves Conrardy ass Programmateur vum soziokulturellen Departement an de Rotondes an coordinéiert ënnert anerem de Festival des Arts et Réalités Numériques Multiplica.

  • Bamhaus Dummeldeng

D’Bamhaus ass eng kreativ Agence an e co-working Space zu Dummeldeng. Hei gi kreativ Konzepter kreéiert an audiovisuell Produktioune vun A bis Z gemanaged. Am Bamhaus fannt dir eng Gemeinschaft vun onofhängege Kreativschafende mee et fannen och kulturell Evenementer, Projektiounen, Konschtausstellungen a villes méi statt.

E puer vum Steve a senge Projeten:

New Media

  • Spectrum, Kufa’s urban Art, Esch, 2021
  • Futur is now, Design Decameron, Cercle Cité, 2020
  • One, Bourse Focuna, galerie indépendante de la BIL, 2019
  • Fields, CeCils’s Box. Cercle Cité, 2019
  • Rise of the Machines – Multuplica, Rotondes, 2017
  • LAN 1.0, Carré Rotondes, 2014

Commercial

  • Nei Revue, 2019
  • Arch Summit, 2019
  • Unesco – Man and biosphere, 2019
  • Radio 100,7, 2018
  • Tango 20 ans, 2018

Wëll dir méi iwwert de Steve an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

http://www.stevegerges.com/

https://www.facebook.com/steve.gerges

https://www.kufasurbanartesch.lu/event/intervention-steve-gerges

https://www.artworkcircle.lu/awc/steve-gerges/

ARTICLES