„Ons zerschloen Dierfer“ – eng Ausstellung iwwert de Widderopbau vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich

17 mar. 2021
„Ons zerschloen Dierfer“ – eng Ausstellung iwwert de Widderopbau vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich

© Louise Debugne
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Lis Hausemer

„Verwüstete Ortschaften, zerstörte Infrastrukturen, vermisste Familienangehörige, verwesende Tierkadaver, Angst vor Seuchen und scharfer Kriegsmunition...“1

Mat dëse Wieder beschreift d‘Ausstellung „‚Ons zerschloen Dierfer‘ – Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)“, eng Zesummenaarbecht tëscht dem Musée National d’Histoire Militaire an dem Musée d’Histoire(s) Diekirch, den dramateschen Zoustand zu Lëtzebuerg nom Krich. D’Grausamkeeten vum Krich hunn däitlech Spueren an de Käpp vun de Leit an am Lëtzebuergeschen Landschaftsbild hannerlooss: 18.000 Privathaiser waren no 1945 beschiedegt, vun deenen der 3.000 onbewunnbar a bal nëmme nach Ruine waren.Virun allem de Norden an den Osten vum Land ware schwéier zerstéiert. 108.000 Leit waren deemno vun den direkte Konsequenzen vum Krich betraff.Dobäi kënnt och dass vill Lëtzebuerger, déi zum Beispill zwangsrekrutéiert, geflücht oder an däitschen Konzentratiounslageren gefaange waren, 1945 hire schwéiere Wee an d’Heemescht nach net zréckfonnt haten. Mat de Wieder „Repatriierung – Wiederaufbau – Neuanfang“resuméiert d’Ausstellung déi immens Erausfuerderungen, deenen d‘Land sech nom Krich huet misse stellen. Gewise gëtt dëst unhand vun Zäitzeien-Temoignagen, Fotoen, Dokumenter a Landkaarten, déi en Iwwerbléck ginn wéi eng Deeler vum Land no 45 am meeschten zerstéiert waren oder op wéi enge Platzen d’Zuel u Krichsaffer besonnesch héich waren. Doriwwer eraus fënnt een och schematesch Visualiséierungen vum bürokratesch immens opwännegen Rekonstruktiounsprozess, dee nom Krich uechtert d’Land ugefaangen huet.

© Louise Debugne 

D’Ausstellung verdeelt sech iwwert déi zwee Muséeën: den éischten Deel, mam Fokus op de Widderopbau vu Lëtzebuerg um nationale Niveau, ass am Militärmusée ze gesinn, wärend den zweeten Deel, deen dat Ganzt unhand vum konkrete Fallbeispill Dikrech analyséiert, um Site Al Kierch Saint Laurent stattfënnt. Wéi de Benoît Niederkorn, de Curateur vun der Ausstellung, op engem Virtrag op der Uni Lëtzebuerg am Hierscht erkläert, war d’Iddi hannert der Duebelausstellung folgend: „Dem Besucher sollen hier sowohl auf der Makroebene die Rolle der staatlichen Institutionen im Wiederaufbau als auch auf der Mikroebene die Situation der lokalen Verantwortlichen und nicht zu vergessen der einzelnen Schicksale dargestellt werden.“5

Et ass déi éischte Kéier, dass dësen Deel vun der lëtzebuergescher Geschicht am Kader vun enger Muséesausstellung thematiséiert gëtt.Et ass en Thema, dat esou nach net beliicht ginn ass, an der Dauerausstellung vum Militärmusée, déi mam Enn vum Krich 1945 ophält. Fir de Benoît Niederkorn ass dat och ee vun den Grënn wéi et zu der Iddi vun enger Expo zu dësem Thema komm ass: duerch d‘Ausernanersetzen mam Archivmaterial huet sech nämlech séier erausgestallt, dass d’Thema vun de Konsequenzen vum Krich zu Lëtzebuerg wëssenschaftlech nach bal guer net opgeschafft ginn ass.7

© Louise Debugne 

D’Organisateure vun der Ausstellung hu sech fir d’éischt missen en Iwwerbléck vun de villen, deelweis immens detailléierten Informatiounen verschafen, déi zum Thema am Nationalarchiv mee och an de lokalen Gemengenarchiven ze fanne sinn. De Benoît Niederkorn seet deemno, dass eng vun de groussen Erausfuerderungen vum Projet war, dem Visiteur e koherenten Iwwerbléck vun dëse sëllegen Informatiounen ze verschafen: „Die Übersicht war auch für das Museum und das Konzept sehr schwierig, denn wir sind quasi immer wieder auf neue Aspekte des Wiederaufbaus gestoßen, und haben versucht diese so weit wie möglich zu reduzieren um dem Besucher zu ermöglichen nachher, am Ende des Besuchs, auch zu verstehen wie der Wiederaufbau denn nun tatsächlich erfolgt ist“8.

D’Ausstellung „‚Ons zerschloen Dierfer‘ – Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)“  kann ee nach bis Ugangs September 2021 zu Dikrech am Musée National d’Histoire Militaire an um Site Al Kierch vum Musée d’Histoire(s) Diekirch kucke goen.
 

1,2,3,4 Musée National d’Histoire Militaire & Musée d’Histoire(s) Diekirch, „Ons zerschloen Dierfer“ – Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960), 12.12.2020 > 5.9.2021

Benoît Niederkorn, Gastvortrag zur Nachkriegsgeschichte Luxemburgs, 21.10.2020.

Musée National d’Histoire Militaire, Ons zerschloen Dierfer, 2020

7,8 Benoît Niederkorn, Gastvortrag zur Nachkriegsgeschichte Luxemburgs, 21.10.2020.