Freelance Archivist RTL
RTL Télé Lëtzebuerg sicht e(ng) Freelance-Mataarbechter(in) fir d’Archiven fir 20 Stonnen d’Woch.
Är Tâchen / Aufgaben:
- Indexéieren, Klasséieren a Beschreiwe vu Video-Dokumenter
- Handling vum Video-Material
- Archivrecherchen vun Reportagen
- Beäntwere vun Ufroe vu Clienten a Journalisten
Äre Profil :
Dir hutt:
- Rigueur an Interessi fir d’Aktualitéit
- Gutt Lëtzebuergeschkenntnisser (Verständnes)
- Gutt Franséischkenntnisser (geschriwwe Sprooch)
- Gutt Allgemengbildung
- Kenntnisser a Politik, Kultur an/oder Sport
- Min. Diplôme de fin d’études secondaires
Mir bidden attraktiv a flexibel Aarbechtskonditiounen an enger sympathescher Ekipp an engem renomméierte Medienhaus.
Den Ufank vum Kontrakt ass fir August 2025 virgesinn.
Falls Dir interesséiert sidd, schéckt eis Ären CV mat Motivatiounsbréif op kandidatur@rtl.lu
Document
Articles
Articles
13 mai. 2026Flamenco Festival Esch
Articles
14 mai. 2026Luxembourg Museum Days 2026
Articles
13 mai. 2026Dix ans de regards partagés
Light Leaks Festival 2026,