Guide am Kulturhuef Musée
Hätt Dir Freed un enger Niewebeschäftegung oder Studentenjob an engem
Musée, Loscht geleeëntlech sonndes, un eenzele Feierdeeg oder op Ufro eng
guidéiert Visite am Lëtzebuerger Drock-a Spillkaartemusée ze halen?
Da sidd Dir déi richteg Persoun fir eis kleng, dynamesch an enthusiastesch Ekipp
ze ënnerstëtzen.
Sidd Dir:
- kulturell an/oder edukativ interesséiert?
- flexibel bei Ufroen?
- méisproocheg?
Mir bidden Iech:
Eng Formatioun fir guidéiert Visite an deenen zwee Expoen (Ufanks Juni, entweder 5 Owender oder 2 Deeg, jee no Disponibilitéit)
Een Dossier mat Informatiounen zu den Expoen
- Remuneratioun pro guidéiert Visite
Coaching bei äre Guidagen
Schéckt eis Äre Liewenslaf op:
mediation@kulturhuef.lu
oder
Kulturhuef
54, rte de Trèves
L-6793 Grevenmacher
Uspriechpartner fir weider Froen:
Célia Turmes, erreechbar méindes bis freides vun 10:00-16:00
Auer um +352 26 74 64 26 oder um mediation@kulturhuef.lu
Articles
Articles
13 mai. 2026Flamenco Festival Esch
Articles
14 mai. 2026Luxembourg Museum Days 2026
Articles
13 mai. 2026Dix ans de regards partagés
Light Leaks Festival 2026,