✨Wéi den Zoufall et wëll. – D’Kulturshow mam Ben & Ceci ✨
Een Hutt, ee Gaascht an eng gutt Portioun Chance. All Mount féiert Iech culture.lu an en anert Kulturhaus uechter d’Land a stellt iech kulturschafend Leit vu Lëtzebuerg op déi bëssen aner Aart a Weis vir. 🎩🪄
***
Wéi den Zoufall et wëll, verschléit et d’Ceci an de Ben dës Kéier an d’Pomhouse vum Centre national d’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng. Hei treffen si op de jonke Realisateur an Dréibuchauteur Kiyan Agadjani. Hien verzielt eis vu senger neister Produktioun „LINDA, LINDA!“, hëlt eis mat hannert d’Kulisse vum Dréi vu sengem éischte Museksvideo mam Oke a verréit eis ënnert anerem, wéi ee Buch hien am léifsten inzenéiere géif.
Säin Oscar-qualifizéierte Kuerzfilm „Arman & Elisa“ leeft aktuell an de Kinoe vu Cinextdoor am Virprogramm vun „D’Land am Schiet“ vum Lukas Grevis. 📽️
Gaascht: Kiyan Agadjani
Produktioun: Cecilia Said Vieira & Ben Kraemer (culture.lu)
Edit: Cecilia Said Vieira
Musek: Jamal Wilson
Lieu: Pomhouse, Centre national d’audiovisuel
Ablendung aus dem Museksvideo vum Oke & Meynberg hierem neie Lidd „Lonely (Forget About You)”.🎵
***
E grousse Merci un de CNA, dien eis seng Räim am Pomhouse zur Verfügung gestallt huet. 🙏
Kuckt Iech onbedéngt d’Ausstellung „Traces of Time“ vum Kay Walkowiak un. Dës leeft nach bis de 24. November 2024! 🕰️
***
Entdeck méi op culture.lu! 🔥
Artistes
Auteurs
Institutions
Les plus populaires
- 11 déc. 2024
- 26 sep. 2024
- 26 sep. 2024
- 25 sep. 2024
ARTICLES
Videos
15 jan. 2025Wéi den Zoufall et wëll. with Aïda Sghiri
Videos
20 déc. 2024TAPAGE avec Naomi Ayé
Articles
11 déc. 2024