KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM KATHARINA BINTZ

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM KATHARINA BINTZ

13 fév. 2023

Zu Gaascht an dëser Episode ass d’multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz. Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen:

  • Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken
  • Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well
  • Schicksalsschlag: Multipel Sklerose
  • Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg?
  • Erzielung: Valley Girl 

Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn:

14:15 Laikipia – Down Down

36:02 Sasha Ley – In Between

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.

ARTICLES