KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Julie Wagener

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Julie Wagener

28 juin. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur - De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis sechst Emissioun hunn mir déi Lëtzebuergesch Kënschtlerin Julie Wagener op Besuch.

No senge Studien an Illustratioun an Arts Plastiques zu Bréissel, huet d’Julie sech séit e puer Joer als Fräischaffend Kënschtlerin am 1535 zu Déifferdeng nidder gelooss. Déi jonk Lëtzebuergerin ass awer net nëmmen an der Illustratioun doheem mee dréckt sech och an der Molerei an an der Sérigraphie aus. Och wann d’Julie net selwer gleeweg ass, beschäftegt hatt sech immens vill mam Thema Relioun a bënnt gäre mysteriéis a folkloristesch Elementer an seng Konscht an.

Mir hunn eis mat der begeeschterter Illustratorin a Molerin zesumme gesat fir iwwert seng Léift fir d’Mëttelalter an dat heiansdo bësse Makabert ze poteren.

Méi Informatiounen zum Julie an dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Gravur

De Begrëff Gravur bezitt sech op all kënschtleresch, handwierklech oder industriell Technik déi e Relief oder eng Verdéiwung an engem Material hannerléisst.

  • Lithographie

D'Wuert "Lithographie" heescht "Steendrock". D'Lithographie funktionéiert nom einfache Prinzip datt Ueleg a Waasser sech net vermëschen. Dës Technik gouf fir d'éischt ëm 1798 benotzt. Kalleksteen ass déi heefegst Uewerfläch fir Lithograpgie unzewenden. D'Bild gëtt mat fettege Faarwen als Negativ op de Stee gezeechent. Duerno gëtt de Stee mat Waasser ugefiicht, wat da vum fettege Medium ofgeworf gëtt, do wou de Kënschtler gezeechent huet. Da gëtt de Stee mat Tënt iwwermoolt. Op de fettege Beräicher vum Stee bléift Tënt drop, op deenen naasse Beräicher gëtt Tënt ofgestouss. De Pabeier gëtt dann op de Stee gedréckt an d'Tënt gëtt op de Pabeier iwwerdroen. An enger Faarflithographie gëtt fir all Faarf en anere Stee benotzt. De Stee muss all Kéier nei mat Tënt bemoolt gi wann d'Bild op de Pabeier gedréckt gëtt.

  • Andy Warhol

Den Andy Warhol (06.08.1928 - 22.02.1987) war en amerikanesche Kënschtler, Filmregisseur a Produzent, deen eng féierend Figur an der visueller Konschtbeweegung war, déi als Popart bekannt gouf. Seng Wierker sinn eng Mëschung aus kënschtlereschem Ausdrock, Reklammen a Promi Kultur déi an den 1960er Joren opgebléit ass. Dofir huet den amerikanesche Kënschtler verschidde Medie benotzt wéi Molerei, Silkscreening, Fotografie, Film a Skulptur.

Gebuer an opgewuess ass de Warhol zu Pittsburgh, wou hien eng erfollegräich Karriär als kommerziellen Illustrator verfollegt huet. Nodeem hien an de spéiden 1950er Joren a verschiddene Galerien ausgestallt huet, huet hien ugefaangen Unerkennung als aflossräichen a kontroverse Kënschtler ze kréien. Säin Studio, The Factory, zu New York ass zu enger bekannte Versammlungsplatz fir Intellektueller, Drag Queens, Dramatiker, Bohemian Street Leit, an Hollywood Promie gin. Hien huet eng Réi vu Perséinlechkeete gefërdert déi als Warhol Superstars bekannt waren, an ass fir de wäit benotzten Ausdrock "15 minutes of fame" bekannt. Enn vun den 1960er Joren huet hien déi experimentell Rockband The Velvet Underground gemanaged an de Magazin Interview gegrënnt. Niewebäi huet de Warholl eng Rei Bicher geschriwwen, dorënner The Philosophy of Andy Warhol and Popism: The Warhol Sixties. Hien huet offen als homosexuelle Mann virun der homosexueller Befreiungsbewegung gelieft.

  •  1535 Creative Hub  

Den 1535 Creative Hub ass en co-woorking Space an den alen Ateliere vun der Arcelor Mittal Fabrick zu Déifferdeng. Op enger Gesamtfläch vu 16.000m2 sinn hei fräischaffend Kënschtler a kleng Strukturen aus deene verschiddensten Disciplinnen ze fannen. Dëst innovatiivt an eenzegaartegt Konzept vun engem kreativen Hub ass 2011 op Nofro vun enger ëmmer méi grousser Demande vun Designeren zu Lëtzebuerg entstanen déi no engem adaptéierte Schaffraum gesicht hunn. Mëttlerweil accueilléiert den co-working Space iwwert 60 Kënschtler an Entreprisen. Den 1535 bitt senge Locatairen net nëmmen en 24h/7j Accès op hier Ateliere mee erlaabt hinnen Deel vun enger grousser Gemeinschaft vu Kreativen ze sinn, sech zesummen auszetauschen an ënnert engem Daach ze schaffen.

  • Triennale Jeune Création

D'Triennale Jeune Création ass d'Haaptevent fir nei Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun. Initiéiert wärenddeem Lëtzebuerg europäesch Kulturhaaptstad 2007 war, gëtt d'Triennale dëst Joer fir d'fënnefte Kéier ofgehalen. Ënnert dem Titel Brave New World Order riicht d'Thema vum Curator Kevin Muhlen, Direkter vum Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain, sech speziell un "millennial" Artisten. Brave New World Order soll hir Visioun vun den Erausfuerderunge vun der haiteger Gesellschaft weisen an hir Beméiunge fir d'Zukunft (nei) ze bauen. Dëst op Grondlagen a Systemer déi et heescht néi ze definéieren.

E puer vum Julie sengen Projete

  • Pillars of the Earth, CeCiL’s Box, 2020
  • Spheres of Silence an der Galerie Nei Liicht, 2020
  • Ee Bësch aus Fändelen zu Esch-Alzette, 2019
  • Gruppenexpositioun ‘INTRO_illustration & dessin’ am Konschthaus Beim Engel & Kataloge Design fir d’Rotondes, 2017
  • Gruppenexpositioun ‘The Open End II’ an der Kulturfabrik & Gruppenexpositioun ‘All them beautiful pictures’ am Konschthaus Beim Engel, 2016
  • L’art en marche (LAC) an der Galerie Spiren & Gruppenexpositioun ‘The Open End’ an der Kulturfabrik, 2015

Wëll dir méi iwwert dem Julie seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laanscht:

ARTICLES