13 mar. 2025nu:notes: Neies fir d'FestivalkulturInterview mam David Galassi an Bob Seyler

Bild vum David Galassi an Bob Seyler : © Skandal Agency
Een neie Spiller verbreet sech iwwert d’Lëtzebuerger Festivalzeen. Den nu:notes Festival mécht dëst Joer säin éischte, groussen Optrëtt. Nu, wéi een an de coolen 90er nach new geschriwwen hat, sou wëllen sech d’Téin, déi drop waarden, getraff ze ginn. Musikalesch identifizéiert sech den nu:notes als Nu Jazz: ee breede Begrëff fir all Genre ënner Daach ze bréngen. Den Don Piano suergt den Donneschde mam DJ PC fir Soul-gedriwwenen RnB an Hip Hop. De brittesche Max Cooper spillt de Samschden eng Electronic-Show mat prägende visuelle Komponenten. D’Beatmaker Apollo Brown a Marco Polo reesen iwwert den Atlantik fir de Sonnden hier drum machines ze mëssbrauchen, sou och den däitsche Wilczynski iwwert d’Musel. Den hollännesche Multiinstrumentalist ZEP suergt de Freide fir Partystëmmung, dat mat de Lëtzebuerger vu grrrr4u (ausgeschwat “grau,” fréier Kollektiv Grau) an der alyz0 – Alyssa. Och d’Grammaire vun den Nimm vun de Performer ass nu.
Musikalesch wéi geographesch gëtt vill Terrain ofgedeckt. Fir alles ze gesi muss een déi verschidden Deeg tëschent Bouneweg an dem Kierchbierg pendelen: d’Rotonden, de Gudde Wëllen an d’Philharmonie bréngen d’Kënschtler ënner. D’Stad Lëtzebuerg an de Ministère de la culture ënnerstëtzen.

D’Kolleegen Bob Seyler – mat Rockhal a Neimënster Erfarung – an David Galassi – De Läbbel an E-Lake – organiséieren. Am Gespréich schwätzen si iwwert Nu Jazz an hir laangfristeg Ziler.
Wéi hutt dir iech kennegeléiert?
David Galassi: Mir hunn eis an der Rockhal kennegeléiert. De Bob huet deemools am Rocklab geschafft. Ech war mat De Läb an anere Projete ganz oft do.
Bob Seyler: Beim Ronderëmspannen huet sech eng Frëndschaft gebilt.
Wéi lang plangt der schonn den nu:notes Festival?
BS: Virun engem Joer hu mir konkret mat der Planung ugefaangen.
DG: D’Iddi schwieft schonn ee gutt Stéck méi laang am Raum.
Dir beschreift de Genre vum Festival als Nu Jazz. Wat ass Nu Jazz?
BS: Et geet iwwert klasseschen Jazz eraus – Hip Hop an elektronesch Musek si grouss Aflëss. Et gesäit een einfach, dass ee Besoin dofir besteet, wann een sech Stied wéi London oder Amsterdam ukuckt. An der Belsch existéiert eng enorm grouss Zeen. Den nu:notes geet nach iwwert Nu Jazz eraus: Et geet dorëm, nei Sonoritéiten, Tendenzen, Neies ze weisen, dat hei nach net sou verbreet ass.
DG: D’Basis si geléiert Jazzmuseker, déi virwëlzeg sinn an sech an nei Stiler eraschaffen. Wann een elo op d’Museksgeschicht kuckt fënnt een Jazz a sou ville Genren erëm. Ech selwer sinn aus dem Hip Hop, a wa mir Beats gemaach hunn, Samples siche gaange sinn, si mir ganz vill an den Jazz gaangen, an de Funk, an d’Soul. Funk a Soul kommen och aus dem Jazz.
A wéiwäit ënnerscheet sech d’Zesummenaarbecht mat dem Gudde Wëllen, de Rotondes an der Philharmonie?
DG: D’verschidden Approche vun de Venues kann een op déi verschidde Kapazitéite vun de Säll zréckféieren. Mam Gudde Wëllen existéiert ee ganz familiäre Lien, well mir mat de Läbbel mat hinnen am Virfeld geschafft hunn. Mir feieren dee Lieu. Dofir sinn do zwou Shows geplangt. Mat de Rotondes, engem méi grousse Sall, schaffe mir och scho säit 2010. Sou wéi de Gudde Wëllen verstinn si eisen Univers. Mat der Philharmonie hate mir eng aner Approche. Mir hunn hinne Propose gemaach a mat hirem Booker zesummen d’Decisioun geholl, de Max Cooper ze programméieren. Si produzéieren, mir kollaboréieren.

Spillt de Festival op verschidde Locations aus praktesche Grënn, oder war dat vun Ufank u sou gewollt?
BS: Dat war vun Ufank u sou gewollt. D’Iddi war ëmmer, ee festival itinérant ze maachen, och fir déi verschidde Venues ze showcasen. Gläichzäiteg wëlle mir dräi, respektiv véier verschidde Stëmmunge kreéieren. Am Gudde Wëllen gëtt et ee méi cozy Owend, an de méi alternative Rotonden gëtt et wesentlech méi danzbar Musek. Samschdes profitéiere mir vun der Philharmonie hirem imposante Kader fir eng immersiv audiovisuell Show ze weisen. An dann hale mir de Festival am Gudde Wëllen mat enger Hip Hop Soirée op.
DG: Wanns du d’Wuert “Festival” héiers, denks du als éischt un ee Feld oder un ee Parking, un Agencen an Infrastrukturen. Mir wollten realistesch ufänken. Mir wëssen nach net, wou et an Zukunft higeet. Mir proposéieren der Lëtzebuerger Museskszeen eppes Neits. Mir haten nach eng Venue méi am Viséier, mee dat ass aus Renovatiounsgrënn leider näischt ginn.

Wéi sidd dir op d’DJ Kollektiv grrrr4u opmierksam ginn?
BS: Si sinn zu Lëtzebuerg iwwerall présent. Si hunn sech een Numm gemaach, wat méi alternativ Club Nuechte am spezielle Kader ugeet. Et ass och interessant mat hinnen ze schaffe well si eng aner Generatioun uschwätzen. Sou wëlle mir Zilgruppen erreechen, déi soss net onbedéngt op eise Festival géinge kommen.

DG: Ech hat de fréiere Projet vu grrrr4u, Lagerkultur, scho suivéiert. Ech kennen d’Leit scho säit e puer Joer. Ech hu wat d’Jungs op d’Bee stellen ëmmer spannend fonnt. Wéi mir bis iwwert de ZEP Booking eng zweete Kéier nogeduecht hunn, duechte mir eis, et wier ganz interessant, ee jonke Public mat u Bord ze huelen.

Egal wéi vill a wéi gutt een ee Festival organiséiert, bis ee Festival tatsächlech stattfënnt, ass een sech ni sécher, op alles opgeet. Wat sinn d’Fakteuren, déi elo nach doe kéinten, dass nu:notes net sou stattfënnt, wéi dir et iech erhofft?
BS: Wann Artisten elo nach spontan géingen ofsprangen. (Laacht) Mir hunn eis bewosst fir Mäerz entscheet, fir net tëschent Mee a Juli wärend all den anere Festivallen ënnerzegoen. D’Wierder spillt och eng Roll. An et ass och wichteg als Festival, deen aus Benevole besteet, seng Käschten ze decken. Allgemeng bestinn d’Schwieregkeeten doraus, ëffentlech Gelder a privat Sponsoren ze fannen.
DG: Et ginn ëmmer Inconnuen. Wéi vill Leit interesséiert wat mir bidden? Kommen déi all? Hu mir genuch Promo gemaach? Du stells dir ganz vill Froen. Wann s du dat Schëff bis mol un d’Ruddere bruecht hues, weess de méi wou s du dru bass. Mee fir eis ass dat doten eng ganz nei Aventure. Et muss een oppe bleiwen, fir dat wat kennt.
Ee Festival z’organiséieren ass also näischt fir schwaach Nerven?
BS: Du kanns sou gutt plange wéi s du wëlls, am Endeffekt hues du awer déi eng oder aner Surprise.
DG: Du brauchs Ausdauer, Gedold, an du muss flexibel bleiwen, wann eng Imprevue kennt. Et däerf ee keng schwaach Nerven hunn, do ginn ech dir Recht.
Preparéiert dir schonn eng Editioun fir nächst Joer?
BS: D’Iddi ass et, sech iwwert déi nächst puer Joer an der lëtzebuergescher Festivalkultur z’etabléieren an sech een Numm ze maachen.
DG: Mir sinn elo schonn am Gaangen, Saachen z’analyséieren, déi mer d’nächst Joer besser kenne maachen. Mir wäerten egal wéi net no dëser Editioun ophalen. Sou vill ass kloer. Ech fänken net gäre Projeten u fir no engem one shot opzehalen.
Artistes
Auteurs
Institutions
Les plus populaires
- 08 avr. 2022
- 03 mar. 2025
- 20 juil. 2023
- 11 déc. 2024
ARTICLES
Articles
18 mar. 2025Entretien avec Nathalie Lesure
Articles
17 mar. 2025Hana Sofia Lopes
Articles
14 mar. 2025