15 juil. 2025Benoît Martiny Band um Blues’n’JazzNo London zréck op d’Bün an der Stad
Bild: © Claire Barthelemy
D’Benoît Martiny Band war Mëtt Juni mat op hirer éischter Tour a Groussbritannien, wou si a klenge Clubs zu Lincoln, London, Manchester, Colchester an Newcastle gespillt hunn. Wei si mëttes den 9. Juni zu Hackney am Oste vu London gewäert hunn, dass de Concerts‘Sall seng Dieren opmécht, huet culture.lu mam Benoît Martiny, dem Batteur vun der Band, geschwat.
Mat dëser Tour feiert d‘Benoît Martiny Band hiren 20. Gebuertsdag. Wei fillt sech dat un?
BM: Jo et fillt een sech bëssen al. Mir sinn lo eng Band mat middle aged men! Nee, et ass cool dass een et nach ëmmer mécht. Vill Bands halen net onbedéngt soulaang. Bon, mir hunn och lo net 20 Joer laang full-on Tonne Concerte gespillt. Mir sinn op engem gudde Punkt, et ass e gudde Gebuertsdagskaddo fir an England ze kommen. Mir denken och drun den nächsten Album opzehuelen, en Studio Album rëm.
Dir sidd also lo op ärer éischter Tour a Groussbritannien. Wei hutt der déi éischt puer Deeg erlieft.
BM: „Fir t‘éischt si mer um Wee op Lincoln an de Sherwood Forest gaang. Do si mer do d‘Kierch [St Mary’s Church, note vun der Redaktioun] kucke gaange wou de Robin Hood anscheinend soll d‘Marian bestuet hunn. An mir sinn och bei d‘Major Oak gaangen, dat war dem Robin Hood säin Hideout. An du si mer op Lincoln gefuer, et war just e klengen Jazzclub, mee et war sold out. Et waren awer sou eng 30 bis 40 leit do an di waren immens begeeschtert. Den éischte Concert ass wierklech immens gutt verlaf. D‘Leit hu gesot ‚kommt rëm, anytime.‘ Also d‘Leit schéinen hei wierklech z‘engagéieren. Wann et hinne gefält da soen se dat och. Mer hunn och scho puer Placke verkaaft.“
D‘Benoît Martiny Band spillt jo eng Mëschung aus Rock an Jazz. Wéi kennt dëse Mix hei a Groussbritannien un?
Dat ass ee vun deene Grënn, dass mer hei sinn. Eis Musek ass esou inspiréiert vun englesche Rock a Psychedeleschen an och Jazz Rock Bands aus de 70er Joren, esou wei Soft Machine, Gong, awer och Pink Floyd, Led Zeppelin, King Crimson - dat sinn alles englesch Bands. Mir sinn immens inspiréiert dovun, d‘Musek ass immens influenzéiert dovun an dat ass ee vun de Grënn datt mir hei sinn - fir mol ze kucke wéi eis Musek dann hei géif ukommen. Also gëschter huet et ganz gutt funktionéiert.
An dëst ass dann och är éischt richteg Tour hei op der Insel?
Jo et ass déi éischt brittesch Tour. Eng Kéier hate mer um Manchester Jazz Festival gespillt virun 12 Joer, do si mer och immens gutt ukomm. Wärend dem Concert hate mer bëssen Angscht datt d‘Leit soen, ‚oh dat do, mir kennen dat alles, se kopéiere just ons Musek, oder wat och ëmmer. Mee nee, se haten et immens gutt fonnt. Säitdeem wollte mir et ëmmer eng Kéier maachen, mee ech hunn et ni wierklech ugegraff.
Et ass natierlech vill Aarbecht fir et hinzekréien, an et si souvill Detailer. Wéi lo zum Beispill mam Parking – mer mussen op der richteger Plaz parken a musse Low Emission Zone bezuelen zu London, a lauter sou Saachen. Finanziell lount et sech och net onbedéngt, mee et ass mol den Ufank. Wéi gesot, et geet drëm fir ze kucken op mer d‘Leit kenne mat eiser Musek begeeschteren.
Du hues vun de Finanzen geschwat. Ass dat hei eng Tour wou’s de awer waers kennen deng Käschten decken?
Also mir decken eis Käschten dank dem Support vu Kultur:LX. Zum Gléck hu mer zu Lëtzebuerg sou kulturell Institutioune wou den tourenden Bands kennen hëllefen. An anere Länner ass dat vill méi limitéiert. Eng Band di wierklech eng Tour mécht fir Suen ze verdenken? Dat hei wier net déi Tour. Ech kommen op 0 wann ech bësse Merch verkafen, Ech bezuele meng Band, ech selwer wärt näischt maachen. Ech muss och nach sécherlech eppes bäileeën, och mat Subsiden.
Et ass well mir dat ëmmer eng Kéier wollte maache fir ze kucken, wéi ass et wa mir an England spillen. Intresséiert dat iergendeen? An wa mir dann elo den Androck hunn dat intresséiert een da wëlle mir natierlech kucken an Zukunft zeréck ze kommen an awer villäicht e puer besser Dealer fannen, villäicht ee Festival an esou Saachen. Mee jo, fir Suen ze verdéngen si mir definitiv net hei.”
Wei huet sech de Lineup vun der Benoît Martiny Band iwwert d‘Jore verännert?
Et ass säit 15 Joer déi nämmlecht Formatioun. Mir haten iwwert di lescht Jore vill Gaascht-Museker op eisen Alben. Mam Michel Pilz hu mer vill gespillt, e legendäre Bass Klarinettist. Deen huet eis awer leider verlooss virun 2 Joer. Mir hu vill verschidde Projet‘e gemaach mat der Band, et war also net ëmmer de Quintett. An lo komme mer bëssen zréck back to the roots op de Quintett. Déi éischt 5 Joer ware méi Wiesselen am Lineup, just de Sandor, eise Bassist deen ass dobäi säit der éischter Stonn.
Dir spillt den 19. Juli um Blues’n‘Jazz Rallye. Wat ënnerscheet den Englesche Public vun deem um Rallye zu Lëtzebuerg, wou der jo vill méi bekannt sidd?
Blues’n‘Jazz ass natierlech bëssen e Volleksfest, do kommen Tonne leit déi net onbedéngt Museksfan sinn. Déi ginn einfach well et eng Party an der Stat ass. Um Blues’n‘Jazz Rallye maache mer och Geld, zu Lëtzebuerg ass ëmmer gutt bezuelt. An wa mer zu Lëtzebuerg spillen, och wa mer ee Concert hunn dee mer eleng droen, do kréie mer ëmmer eis Leit. Do hu mer effektiv mëttlerweil puer Leit. Mee et huet och laang gebraucht dat opzebauen. Um Blues’n‘Jazz erwaarden ech mer dass puer Leit do sinn déi wéinst eis do sinn, a puer Stracko‘en a puer Leit di eng gutt Party maachen. Mir spillen um 11 Auer nuets, dat heescht da missten d‘Leit jo u si bis dohinner.
Riskéiert een do net d‘Gefill ze hunn, dass d’Musek op do bëssen an de Background réckelt?
Hm, nee am Fong net. Ech hunn d‘Lescht Joer mat De Läb [https://www.facebook.com/delabassamhaus/] gespillt, dat war super, do waren d‘Leit total do fir de Concert. An mir hu virun 10 Joer fir d‘éischt um Blues’n‘Jazz Rallye gespillt, fir eis 10 Joer de feieren,do waren d‘Leit och do. Ech mengen do war et souguer bal eng Kläpperei gi virun der Bün, ganz Rock‘n Roll also.
D‘Benoît Martiny Band sinn de Sandor Kem um Bass, de Jasper van Damme an de Joao Driessen un de Saxohponen, de Frank Jonas op der Guitar an de Benoit Martiny op der Batterie.
Si spillen den 18. Juli am Terminus zu Saarbrécken an den Dag drop um Blues’n‘Jazz an der Stat.
Auteurs
Artistes
Institutions
Les plus populaires
- 20 juil. 2023
- 02 jan. 2026
- 09 déc. 2025
- 20 déc. 2021
ARTICLES
Articles
15 jan. 2026Valérie Reding
Articles
13 jan. 2026Young Luxembourgish Artists
Articles
08 jan. 2026Skuto
Tëschent Rap, Physik a Libeskummer