Skuto

08 jan. 2026
Skuto

Artikel op Lëtzebuergesch
Photo: Anna Szalachy

2026 fänkt fir de Rapper Skuto direkt mat engem Meilesteen: den 9. Januar kënnt säi Museksvideo zu “Wéineg Schlof” eraus. D’Lidd ass am Mee d’lescht Joer als Deel vu sengem Debut-Album “Ze Spéid” erauskomm. “Den Album behandelt Themen a Problemer, déi mech a mengem Liewe vill beschäftegt hunn”, erkläert de Rapper wärend engem Telefonat. “Doduerch ass et een zimmlech perséinlechen Album.” Ee vun de Leitmotiver? Sucht - “sief dat nom Fëmmen, nom Handy oder no der Léift vun enger Persoun” - an déi perséinlech Evolutioun déi een duerchgeet no esou Ännerungen oder Situatiounen.

Am Ganzen huet de Skuto iwwer 2 Joer un dësem Album geschafft. En onbekannt Gesiicht ass hien awer definitiv net an der Lëtzebuerger Musekszeen. Säi Parcours huet, ewéi sou dacks, ugefaangen, wéi hie mat Kolleege fir de Spaass e puer Hooks a Bars geschriwwen a gerappt huet. Mat der Zäit huet hien doranner e richtege Ventil fonnt fir seng Emotiounen ze verschaffen a sech auszedrécken. 

2019 koum du seng éischt Single “Town” eraus. Zanterhier gouf et keen Zréck méi. A reegelméissegen Ëmstänn huet hie Singlen an EP’s erausbruecht, mat Artisten a ënnerschiddleche Produzente kollaboréiert a souguer säin eegene kollaborativen Espace “lautlos.haus” zesumme mat senge Kolleegen zu Wien, wou hie Physik studéiert, lancéiert. Gläichzäiteg gouf um Album geschafft. 

“Fir mech ass et wichteg, dass en Album ëmmer e kohärente Fuedem huet. Et ass méi déifgrënneg ewéi eng EP, dofir fält et mir méi einfach méi traureg a melancholesch Themen opzegräifen, well dat de Base scho méi Déift a Bedeitung huet wéi ee Party-Summer-Song, soen ech elo mol. Dat heescht, mir hu schonn an eng gewësse Richtung geschafft, mä d’Thema huet sech selwer dann iergendwann erauskristalliséiert.”

12 Lidder hunn et schlussendlech op den Disk gepackt - dorënner “Ze Spéit”, wat a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Museker a Produzent No.Ri entstanen ass an dem Album säin Titel ginn huet; “Wanter”, wat am Virfeld als éischt Single vum Album erauskomm ass, an natierlech “Wéineg Schlof” un deem de Produzent Pulmonal matgewierkt huet.

Ënnerstëtzt vum Lëtzebuerger Filmfond, huet et fir d’éischt emol geheescht eng Ekipp zesummenzestellen. Duerch e gemeinsame Kolleeg ass de Skuto mam Xavier Pawlowksi a Kontakt komm. De Lëtzebuerger mat Polnesche Wuerzele lieft, genau wéi de Skuto, den Ament zu Wien a studéiert Film. Am Bachelor huet hien awer Physik gemaach - eng Gemeinsamkeet déi hie mam Charel deelt. “Mir hunn eis direkt gutt verstanen an obwuel dat eng Museksrichtung ass, déi ech éischter wéineg lauschteren, huet dee Song mech immens ugeschwat. Ech wëll net onbedéngt Referenzen nennen, mä et huet mech bëssen un de Kid Cudi erënnert, wat een Artist ass deen ech immens gär lauschteren an dat, plus dee Rapport mat der Physik huet eis séier kloer gemaach, dass mir dee Projet géifen zesumme maachen”, zielt de Xavier.

Hir éischt Iddi fir de Museksdréi war un der Physik geankert - méi spezifesch um Konzept vun der sougenannter “Entropie”. “Reng physikalesch gesinn, gëtt et kee Grond, dass d’Zäit op engem mikroskopesche Level net kéint no hanne lafen”, erkläert de Xavier. “Wann ee sech dann dat Ganzt awer vun e bësse méi wäit ukuckt, da kënnt d’’Entropie’ an d’Spill. Ganz grob erkläert: dat ass d’Unzuel vun den Zoustänn, déi méiglech sinn. Fir de Museksvideo war d’Iddi, dass de Charel an där Zäit verluer ass, also dass hie souzesoen an der Zäit souwuel no vir wéi och no hanne reest a bëssen an engem ‘Loop’ vun Exzess, Party an Nuetsliewe gefaangen ass, aus deem hien net méi rauskënnt. Sou wollte mir u sech dee wëssenschaftlechen Aspekt vun eis 2 do rabréngen.” 

Mat der Zäit koumen awer ëmmer méi Iddie bäi an déi wëssenschaftlech Approche ass an den Hannergrond geréckelt. “Iergendwann hate mir esou vill verschidden Iddien tëschent dem Charel, dem 1. Kameramann, Chris, a mir, dass mir einfach gesot hunn, jidderee vun eis entwéckelt elo e méi komplett Konzept fir sech an dann huele mir déi bescht Aspekter aus all Konzept.”

Wat effektiv vun där éischter Iddi behale gouf, war, dass si dat Gefill sech a ënnerschiddlechen Zäiten a Sphären ze beweegen, visuell duergestallt hunn. Dem Skuto no, wollten si deen Trance-aartegen Zoustand an deem een sech befënnt, wann een ze wéineg geschlof huet, weisen. “Dofir si mir dann iergendwann ob déi Iddi komm, dass jiddereen deen am Hannergrond vum Video ze gesinn ass, verschwommen ass, a just ech an eng aner wichteg Persoun, där ech am Laf vum Video iwwert de Wee lafen, sinn däitlech ze gesinn. Doduerch bemierkt een dann deen ofgeschotten, Trance-aartegen Zoustand vun den Haaptpersonnagen.” 

Erreecht gouf deen Effekt duerch déi sougenannte “Slow-Shutter” Technik, bei där all Bild dat d’Kamera ophellt, ganz laang beliicht gëtt, sou dass, wann een sech beweegt, een direkt verwëscht ass. 

Gedréit gouf dunn enges Nuets Mëtt Abrëll uechter Lëtzebuerg. Jo, dir hutt dat richteg gelies, Nuets. “Mir haten een extrem motivéiert Team vu ronn 15 Leit, wat schonn net wéineg ass fir esou ee Museksdréi”, sou de Xavier. “Anescht wier et och net méiglech gewiescht - net bei engem Nuetsdréi - bei deem et och nach gereent huet - a mat deem Konzept wat mir haten, och net méiglech gewiescht. En Plus hate mir immens vill Extras um Set, wat eng Risenerausfuerderung fir d’Regie-Assistenz ass. Zousätzlech hu mir och nach an engem Auto gedréit, dat heescht do hu mir nach musse Sécherheetsmesurë consideréieren.”

Nieft den techneschen Aspekter hunn och d’Locations et a sech gehat. Lassgaangen ass et am fréien Owend am “Lenox Club” bei der Lëtzebuerger Gare, wou d’Party-Zeene gedréit goufen. En aneren Deel war Nuets op der Stroossbuerger Strooss gedréit ginn. “Dat hat och fir e puer Diskussioune gesuergt, wéi virsichteg mir do musse sinn a wat mir eis kënnen erlaben ze dréien,  mä am Endeffekt ass awer alles gutt Verlaf.”

Och fir de Skuto war et eng nei Erfarung. “Et war mega cool, esou ee Video iwwerhaapt kënnen ze dréien an ze gesinn, wéi professionell Leit dat alles maachen - grad, wann ee sos ëmmer mat 3 Kolleegen, 2 Handyluuchten an engem Handy gefilmt huet. Dat war definitiv ee Step-up an zanterhier hunn ech och een anere Bléck op, a Respekt fir Museksvideoen a Film allgemeng. Wat et ëmsou méi speziell gemaach huet, war, dass mir fir een nach relativ klenge Budget een technesch immens opwännegt Konzept ëmgesat hunn. Et war eng Erausfuerderung op alle Fall fir dat ganzt Team, mä ech mengen, mir sinn all wierklech zefridde mam Resultat.”

E Fazit deem och den Direkter vum Museksvideo, Xavier Pawlowski, zoustëmmt. “Esou e Museksvideo ass eng lieweg Saach, déi sech am Laf vun der Zäit ëmmer weider verännert. Et huet een eng éischt Iddi, déi duerch Konversatiounen evoluéiert. Duerno kënnt d’Realitéit vum Film-maachen dobäi an natierlech de Schnëtt, wou mir och verschidden Zeenen nach hu mussen eraushuele fir de Rhythmus bäizebehalen, mä déi Ännerunge maachen et jo och interessant”, erkläert hien. “Et ass een immens ambitiéise Projet, dee vun all Departement hire Maximum gefrot huet. Och an der Post-Produktioun war nach vill VFX-Aarbecht gefrot. Wat fir mech awer ganz besonnesch war, war, dass d’Konzept esou kollaborativ entstanen ass a mir wierklech et als Team ausgeschafft a gemaach hunn - keng grouss Hierarchie, mä wierklech een Zesummeschaffen.”

Den 9. Januar kann een d’Resultat vun dëser Kollaboratioun dann op YouTube entdecken. A wéi geet et elo fir de jonke Rapper weider? “Dat ass eng Fro déi ech mir och den Ament vill stellen”, laacht de Skuto. “Den Album war op alle Fall net dee Leschten, dee vu mir wäert kommen, mä ech fannen, dass een no esou engem grousse Projet, wou een an eng konkret Direktioun schafft, ëmmer sou eng Phas huet wou een ënnerschiddlech Saache wëll testen. Ech wëll elo emol an nächster Zäit op alle Fall erëm Musek maachen, ouni mech elo op iergendeppes Konkretes festzeleeën - dat gëllt och fir d’Sprooch. Vue dass ech zu Wien vill mat däitsch-sproochege Leit zesummeschaffen, wéilt ech domat och e bëssen experimentéieren a gesinn, wéi meng Musek bei enger méi grousser Audienz ukënnt. Lëtzebuerg ass jo leider awer ee klengt Land, wou d’Méiglechkeeten e bësse begrenzt sinn, mä ech wäert awer trotzdeem net ophalen och Musek op Lëtzebuergesch weiderzeschreiwen - villäicht och mat deem engen oder anere Feature, mä méi dozou an Zukunft.”

ARTICLES