02 déc. 2025Maz Univerze
2018 huet den Thomas Faber, besser bekannt als Maz Univerze, mat sengem éischten Album Immortalisation héich Welle geschloen. Seng séier Flows an emotional Lyrics hunn him den Titel vum “Lëtzebuerger Eminem” abruecht an en iwwer déi lescht 10 Joer zu enger vun de Stëmme vun der Lëtzebuerger Musekszeen gemaach. Ma och am Ausland konnt hien op Festivaller wéi dem Reeperbahn, Sziget, Rock For People an ESNS iwwerzeegen. Am Mäerz 2025 huet hien säin 2. Album mam Titel “Little Prince” erausbruecht - en Ofschloss vun engem 10 Joer laange Kapitel wou hie mat verschiddene Museksstiler a Ästhetiken experimentéiert huet. Den Instagram gouf archivéiert a seng éischt Single “The Crows” weist den Ufank vum Wee deen de Maz an Zukunft wäert goen – e Wee deen a Richtung alternative Rock a Metal féiert, wat awer net heesche wëll, dass de jonken Artist sech elo ganz engem Museksstil widme wëll, wéi och seng Präsenz um “Taichung Jazz Festival” den Ament weist…

Hip Hop a Rap hunn e grousse Roll um Ufank vun denger Karriär gespillt - wisou hues du dech grad an deem Genre erëmfonnt?
Maz Univerze: Ech hu mat 15 Joer ugefaangen ze schreiwen. Dat war och déi Zäit wéi ech ugefaangen hunn, immens vill Rap ze lauschteren, virun allem UK Rap. Do virdru war ech méi am Metal an elektronescher Musek, wéi Dupstep an Drum’n’Bass, Doheem. Mat deem Ëmschwong huet sech eng ganz nei Welt fir mech opgemaach. Mäin Zil war ëmmer meng Gefiller a Wieder auszedrécken a Rap ass eng Form, déi einfach Sënn gemaach huet, éischtens well ech net sange konnt, zweetens well ech grad voll am Hip Hop dra war an drëttens well et engem erlaabt vill Gedanke beieneen erauszeloossen, virun allem wann ee séier rappt (*laacht*).
Wéi huet dee Prozess vum Schreiwen iwwer d’Joren evoluéiert?
Maz Univerze: Ech sinn eng Persoun, déi vill nodenkt, sief et iwwer meng Gefiller, Saachen, déi geschitt sinn, Erfarungen, déi ech gemaach hunn, Mënschen, déi ech kenne geléiert hunn, oder och einfach d’Welt a verschidde Perspektiven dorop. Mäin Zil war ëmmer Konzepter dovunner a mengen Texter festzehalen. Fréier hunn ech méi drop lassgeschriwwen an et ass drëms gaangen “Flows” ze schreiwen, déi mir Spaass maachen ze rappen. Iwwer d’Joren huet dat méi Struktur ugeholl. Ech schreiwen net méi nëmme fir ze schreiwen, mä well ech elo eng Karriär hunn, déi dorun hänkt, dass ech ëmmer weiderschreiwen, Musek maachen a produktiv bleiwen. Ech gesinn et net wéi eppes, wat ech aus mir rauszwénge muss, mä ech weess elo wéi eng Konzepter ech well festhalen. Doduerch ginn d’Iddien direkt méi wäit an d’Texter si méi déifgrënneg. Dat huet awer och domat ze dinn, dass ech dat elo iwwer 10 Joer maachen a méi al gi sinn.
Wat ass fir dech de Kär vun dir als Museker, deen dech ausmécht?
Maz Univerze: Ech mengen, déi Innovatioun an de Fakt, dass ech mech ëmmer erneieren - dat hält mech mega frësch a jonk an deem wat ech maachen, a mécht et interessant fir d’Leit. Sou Cliché wéi dat och kléngt, mä ech sichen an all Song eppes wat mech widderspigelt. Jo, ech kéint och ouni Häerz schreiwen, mä ech wëll déi Passioun fir d’Musek net verléieren an déi Verbonnenheet zu där Konscht déi ech maachen, ëmmer spieren.
Wéi all Konschtform, ass Musek eng Fäegkeet déi een, nieft Talent, och ëmmer muss weider trainéieren. Wéi schwéier ass dat ze maache mat enger Form, déi esou vu Kreativitéit an Emotiounen ofhänkt?
Maz Univerze: Ech ginn zimmlech oppe mat menge Gefiller ëm an dat mécht, dass déi Routine mir zimmlech einfach fält, well ech och kee Problem hunn, déi Gefiller a menge Wierker unzegoen. Et ass meng Aarbecht, mä gläichzäiteg beräichert et mech och perséinlech fir iwwer Saachen nozedenken, se ze verschaffen a se net, wéi mir dat als Mënschen ëmmer gäre maachen, ze verdrängen.
Dat huet een och op dengem leschten Album Little Prince bemierkt. Wéi eng Bedeitung huet deen Album fir dech?
Maz Univerze: Fir mech ass et en Ofschloss vun engem Rise-Kapitel, wat 2017 ugefaangen huet. Ech hat 2018 jo mäin éischten Album erausbruecht, suivéiert vun e puer EPs, an ech hu mech mënschlech, awer och op engem musikaleschen a stilistesche Level ganz vill gesicht an där Zäit. Ech hunn ëmmer Musek gemaach, déi ech deen Ament gefillt hunn, an et war mir e bëssen egal ob dat en drasteschen Ënnerscheed zu deem war, wat ech do virdrun erausbruecht hunn oder net.
Little Prince war u sech d’Resultat vun där jorelaanger Recherche an ech wollt all déi Stiler, déi ech bis elo gemaach a getest hunn, ob deem Album festhalen. Doduerch fënnt een um Album och Elementer vun der “Emo Season” an der “Upside Down” EP erëm, vun de Singles, déi dotëschent erauskomm sinn, a souguer vum 1. Album, “Immortalisation”. Et war fir mech e Wee fir dat ganzt Kapitel ofzeschléissen an, an Engems, och meng Kandheet ofzeschléissen.
Kanns de eng Kéier op den Titel agoen?
Maz Univerze: Den Titel ass inspiréiert vun där Geschicht Le Petit Prince vum Antoine de Saint-Exupéry. Ech hat dat Buch als Kand mega gär a mäi Papp och, a mir hunn et a verschiddene Sproochen Heiheem - souguer op Ungaresch.
Déi Iddi den Album dono ze benennen ass dovunner komm, dass ech mäi Schreiwen a meng Musek am Fong als e “Refuge” vun der Welt benotzen. An der Geschicht besicht de klenge Prënz jo déi verschidde Planéiten. Ech wollt do eng Parallel zéien, dass ech mat mengem Raumschëff all d’Planéiten a Leit revisitéieren, déi ech bis elo a mengem Liewe getraff hunn a Saachen, déi ech erlieft hunn, an esou meng Kandheet resuméieren.
Wéi huet de Prozess ausgesinn?
Maz Univerze: Mir ware laang amgaangen (*laacht*). Ech hat déi Grondiddi, wosst awer laang net wéi ech de Projet sollt ugoen. Dunn hunn ech dat Lidd “Little Prince” geschriwwen, du koum “Pass Me The Crown”, an et huet alles ugefaange Sënn z’erginn, och vum Konzept hir. Du koumen sou Lidder bäi wéi “Alien Blood”, an dee ganze kosmeschen Aspekt an déi Metapher huet mir mega gefall, also si mir an déi Richtung weidergaangen.
Dat Kapitel ass elo zou - wéi geet et elo weider?
Maz Univerze: Déi “nei” Richtung ass u sech och schonn um Album dropgewiescht, mä ech wëll an Zukunft nach méi a Richtung alternative Rock goen an och Metal-Elementer mat afléisse loossen. Meng lescht 2 Single weisen dat scho gutt an ech hunn nach eng ganz Partie Singles, déi elo nokomme wäerten.
D’Konzept ass lo nach net ganz a Stee gemeesselt, mä fir den Ament ass d’Iddi eng Trilogie un EP’en ze maachen, déi manner an enger stilistescher Kategorie, mä méi Deel vun engem Universum sinn, dee méi räif ass, wéi dat wat ech bis elo gemaach hunn. Ech wëll och weiderhin alles weise wat ech kann, inklusiv technesch ze rappen - dat ass eppes wat ech ëmmer wäert maachen - mä ech si scho laang net méi “just” e Rapper. Ech fänken un, ëmmer méi propper ze sangen; ech beherrschen ëmmer méi Scream-Techniken; an ech wëll all déi Saachen a menger Musek zesummebréngen.
Ech kommen u sech aus där alternativer Rock- a Metal-Zeen an dat ass och dat, wat mir live erëmspigelen. Ech sinn der Meenung, dass déi Communautéit och eng Plaz fir mäi Projet huet. Mir schwätzen déi Leit un, déi Metal gären hunn, awer och déi, déi Rap gären hunn a villäicht eng Entrée an déi alternativ Rock a Metal-Welt brauchen.
Du sees, du bass scho laang net méi “just” e Rapper - ma vill Leit, déi sech net esou mat der Lëtzebuerger Zeen ausenee setzen, géifen dee Stempel awer nach ëmmer benotzen. Wéi stees du dozou?
Maz Univerze: Den Ufank vu menger Karriär war mega markant an deen éischten Album prägend. Dat war zu enger Zäit wou eng ganz nei Well u Museker op de Lëtzebuerger Marché komm sinn an ech sinn als Rapper bekannt ginn - dofir mécht et Sënn, dass ech dee Label nach ëmmer matschleefen. Et ass net schlëmm, mä et wonnert mech awer heiansdo wa Leit elo nach bei mech kommen a soen, “Oh, du hues däi Stil awer schonn e bësse geännert” (*laacht*).
Dofir war et fir mech ëmsou méi symbolesch wéi ech um Trounwiessel “Pass Me The Crown” dierft performen, well ech vum Rap kommen an do e moderne Rock-Song op där Bün gesongen hunn, wou sos just Gesang war. Dat war sou ee “Full Circle” Moment. Also, ’t ass net schlëmm - sou Saache brauchen heiansdo e bëssen an ech kréie jo och net ëmmer alles vu jidderengem mat, mä ech géif scho gären iergendwann dovu fortkommen.
Wat sinn d’Virdeeler an d’Nodeeler dovunner, wann een als Museker capabel ass esou tëschent Genren hin- an hierzewiesselen?
Maz Univerze: D’Virdeeler sinn definitiv, dass ee vill léiert, breet opgestallt ass an och mega doduerch evoluéiert. Ech hu schonn sou vill Stiler ausprobéiert a sinn och ëmmer oppe fir nei Stiler auszeprobéieren. Dat beräichert mech als Performer, Lyriker a Sänger, an et mécht och immens Spaass.
Nodeeler ginn et der net sou vill, ausser dass et Business-weis d’Saachen net ëmmer vereinfacht. Wéi a villen Hisiichten, ass et och an der Museksindustrie sou, dass ee Stempel et méi einfach mécht fir an deem Business virunzekommen, well een dann déi richteg Leit ka fannen, deenen déi Museksrichtung gefält an déi se da bei hire Kontakter an op hire Plattforme recommandéieren. An deem Sënn ass et schwéier e Projet ufanks als e Rap-Projet ze verkafen, dann als een alternativ-Iergendeppes ze verkafen an da méi an d’Metal-Richtung ze goen. Mä dat ass alles Deel vun engem Prozess an ech denken, dass dat elo alles ufänkt Sënn ze maachen an och scho mécht.
Wa mir scho bei Stil-Wiessel sinn, du bass den Ament am Taiwan fir ee Jazz-Festival?
Maz Univerze: Jo, dat ass e bësse “random” (*laacht*). Ufanks des Joers huet sech eng Band bei mir via Instagram gemellt, déi sech “Dock in Absolute” nennt. Dat ass een Trio, deen aus dem Jean-Philippe Koch um Piano, David Kintziger um Bass an dem Victor Kraus op der Batterie besteet. Si maachen nëmmen instrumental Musek, déi tëschent Jazz an Neo-Klassik ass. Si hate schonn dës Ëftere vu mir héieren an hinne schéngt dat gefall ze hunn, well hiren éischte Message war eppes à la “Salut Maz, mir sinn Dock in Absolute a mir spillen am Oktober am Taiwan um ‘Taichung Jazz Festival’. Mir brauchen ee Vocalist an hunn do un dech geduecht”. Vue dass si kee klassesche Jazz-Sänger wollten, hunn si geduecht, dass ech villäicht dee Richtege wier fir eppes Neies do ranzebréngen, a fir mech war direkt kloer dass ech do matginn.
Wat waren deng Referenzen an Unhaltspunkte fir dëse Projet?
Maz Univerze: Mäi Prozess war net vill anescht wéi sos. Mir hunn eng Kéier telefonéiert a si soten, dass si wëllen, dass ech dat maachen, wat ech sos och maachen, just op hir Musek halt. Also war dat mäin Unhaltspunkt. Ech hu mir hir ganz Diskographie duerch gelauschtert a gekuckt, mat wat ech mech am Meeschten identifizéieren. Schlussendlech hunn si dunn 2 vun hire Songs recommandéiert ob déi ech geschriwwen hunn. Dann hunn ech nach eng Demo, déi si grad amgaange ware fäerdeg ze maachen, erausgesicht. Am Ganze spillen ech also gutt 20 Minutten, opgedeelt op 3 Songs, mat hinnen. Ech hunn deelweis Texter recycléiert - well et awer extrem vill Aarbecht ass - deelweis nei Saache geschriwwen. An deem Sënn ass de Museksstil zwar ganz anescht, mä ech drécke mech awer op meng Aart a Weis aus. Et ass e bësse Spriechgesang, puere Gesang an deen een oder anere Scream dran, wat zimmlech ontypesch fir dee Museksstil ass (*laacht*), mä dat ass wat si gesicht hunn a mir mécht mega Spaass.
Hues du nach Land, eng Stad oder eng Bün, déi um Wonschziedel steet?
Maz Univerze: Sou krass dat Land ëmmer méi rofrutscht op menger Prioritéitelëscht, muss ech awer soen: Amerika ass nach ëmmer een Dram. Do kënnen op engem gäile Festival ze spillen oder iergendswann kënnen
Auteurs
Artistes
Les plus populaires
- 12 nov. 2025
- 20 juil. 2023
- 09 déc. 2025
- 27 nov. 2025
ARTICLES
Articles
12 déc. 2025Independent Little Lies at 30
The Collective Heartbeat of Luxembourg Theatre
Articles
11 déc. 2025Reinis Kalnaellis
Thelma's Perfect Birthday
Articles
09 déc. 2025