Régis Moes - D'Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg

19 avr. 2023
Régis Moes - D'Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg

Régis Moes, © MNAHA / Eric Chenal
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

„Cette colonie qui nous appartient un peu“, de Belsche Kongo. Dëse provokanten Titel huet de Régis Moes senger Masteraarbescht ginn, déi 2010 vun der Fondatioun Robert Krieps mat engem Präis ausgezeechent an 2012 am Verlag Éditions d’Lëtzebuerger Land publizéiert ginn ass. Säitdeem widmet hie sech ëmmer rëm dësem laang vernoléissegten Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht.

Als Conservateur fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht an d’Arts décoratifs et populaires am Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art huet en sou och 2022 eng grouss Ausstellung iwwert d‘kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg op d’Been gestallt, déi dës hei zu Land fir d’éischte Kéier engem méi breede Public zougänglech gemaach huet.

Ausstellung „Le passé colonial du Luxembourg“, MNAHA, 2022
Ausstellung „Le passé colonial du Luxembourg“, MNAHA, 2022,  © MNAHA / Tom Lucas

Als Expert fir d’Lëtzebuerger Kolonialgeschicht hëlt hien zesumme mam Bénédicte Savoy den 20. Abrëll um 19 Auer un engem Talk an der Bibliothèque Nationale deel. D’Mme Savoy, eng franséisch Konschthistorikerin, ass eng vun den Haaptactricen am Debat ronderëm d’Restitutioun vu Kulturgidder, déi an der Kolonialzäit op illegitim Aart a Weis de Wee an europäesch Sammlunge fonnt hunn.

Vu wéi enger Kolonialgeschicht mir fir Lëtzebuerg schwätze kënnen, wéi eng Verantwortung mir haut am Ëmgang mat dëser droen a wéi eng Roll dobäi d’Fro vun der Restitutioun spillt, dat erzielt eis de Régis Moes an dësem Interview.

Den 28. November 2017 stellt den Emmanuel Macron a senger Ried op der Universitéit Ouaga I zu Ougadougou am Burkina Faso fest: « Je suis d’une génération de Français pour qui les crimes de la colonisation européenne sont incontestables et font partie de notre histoire. » Gëlt dëst och fir d’Lëtzebuerger an d‘Lëtzebuergerinnen? Gëtt et eng Lëtzebuerger Kolonialgeschicht?

Also fir mech gëtt et ganz kloer eng Lëtzebuerger Kolonialgeschicht. Et ass natierlech e bëssen anescht wéi fir d’Fransousen oder d’Belsch, well et ass net de Lëtzebuerger Staat, deen Territoiren an Iwwerséi erobert huet. Mee Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinne waren awer bei Villem mat dobäi.

Se wëssen, datt graff gesot bis zum 1. Weltkrich an Europa d’Grenze relativ oppe waren. Dat heescht, et fënnt ee Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert an der hollännescher kolonialer Arméi am haitegen Indonesien kämpfen an et goufe sécher och e puer honnert Lëtzebuerger, déi virun 1914 an der franséischer Friemelegioun aktiv sinn. Tëschent 1883 an 1908 fënnt een Dosende Lëtzebuerger, dorënner virun allem Ingenieuren, déi bei der Eisebunn am Belsche Kongo schaffen. E ganz bekannten Numm ass de Nicolas Cito vu Nidderkäerjeng, e Cousin vum Sculpteur Claus Cito, deen d‘Gëlle Fra gemaach huet. Hee war Ingenieur an Direkter vun der Éischter Eisebunn am Kongo 1898 an ass sou steeräich ginn.

Eng grouss Verännerung bréngt fir Lëtzebuerg dann den 1. Weltkrich. Et gëtt ab deem Moment vill méi national geduecht an d’Possibilitéite sinn net méi sou ginn. An do geschitt dann eppes, wou een net ganz genau weess, wien lo wien gefrot huet, mee am Juli 1922 decidéiert d’Belsch, dass d‘Lëtzebuerger de Belsch an deem, wat deemools de Belsche Kongo war, gläichgestallt solle ginn. Dat heescht, datt ee Lëtzebuerger Staatsbierger ab 1922 zum Beispill Staatsbeamten am Belsche Kongo konnt ginn ouni seng Lëtzebuerger Nationalitéit missten opzeginn. Dat goung net zu Léck oder Bréissel, ma et goung awer zu Léopoldville oder Élisabethville.

Ab 1922 gëtt dann och hei zu Lëtzebuerg aktiv ugeworben. Dat heescht, wann ee jonke Mann an den 1930er an 1950er Joren seng Première zu Lëtzebuerg mëscht, dann ass d’Chance grouss, datt een an d’Klass kënnt, a seet: Hei du wëlls eng Karriär maachen, du wëlls gutt verdéngen, eng Aventure erliewen? Dann géi an de Belsche Kongo.

Och am Alldag war de Kolonialismus extrem present, eben duerch déi Leit, déi zeréckkommen, déi Bréiwer schreiwen, awer och duerch déi reell Propaganda, déi och zu Lëtzebuerg gemaach gouf. Donieft ginn, fir un allem op der Schueberfouer, tëschent 1836 an 1936 och Sue gemaach mat Leit aus Afrika an anere Géigenden, déi a Käfeger gewise ginn.

Wat dobäi och flagrant ass, ass datt déi Zäit d‘Lëtzbuerger Politiker, wann se eppes iwwer Lëtzebuerg am Kongo soen, dat relativ luewen, getrei dem Motto: Mir si frou, datt mer dobäi sinn. Eppes wat an dem Kontext ganz oft erëm kënnt, ass d’Ried vun enger haute mission civilitrice, un där sech d‘Lëtzebuerger géife bedeelegen.

Wéi eng Verantwortung droen déi heitëg Generatiounen am Ëmgang mat dësem Deel vun eiser Geschicht a wéi kënnen se dëser gerecht ginn?

D‘Kanner an d‘Enkelkanner kënnen ni dofir, wat hier Elteren a Grousseltere gemaach hunn. D‘Verantwortung gëtt ëmmer vum haitege Point de vue gekuckt. Et ass an éischter Linn en Devoir de Memoire, fir doriwwer ze schwätzen, dat och opzeschaffen. An dat gëtt och lo gemaach.

D’Zivilgesellschaft huet sech zu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngte staark verännert. Mir hunn haut eng vill méi kosmopolitesch Gesellschaft an doduercher Leit, déi aner Revendicatioune stellen an déi bewosst de Fanger an d’Wonn leen a soen: Wéi gi mir hei zu Lëtzebuerg mam Rassismus ëm? Mir wëllen dat opschaffen, mir wëllen de Leit ze verstoe ginn, wou de Problem läit. An do spillt d’Kolonialgeschicht eng ganz grouss Roll.

Dräi bis véier Generatioune sinn eduquéiert gi mat Clichéen a Stereotyppen, déi am 19. Joerhonnert erfonnt gi sinn, fir ze justifizéieren, firwat d‘Europäer an Afrika an Asien ginn an d’Lokalbevëlkerung ënnerwerfen. „Eleng ginn si net eens“ a „si brauchen eis“ huet et deemools an der Propaganda geheescht.

Do sinn also ganz komplex Gesellschaften, ganz komplex Kulturen duerch de Kolonialismus zerstéiert ginn an déi Stereotyppen a Virurteeler ginn et haut nach ëmmer. Dat ass déi Verantwortung, déi mir mat Bléck op dës Geschicht hunn.

Fir d’Muséeë spillt ënnert anerem de richtëgen Ëmgang mat onrechtméisseg acqueréierte Kulturgidder aus eemolege Kolonien eng wichteg Roll. Dobäi schwieft d‘Fro vun der Restitutioun vun de betraffenen Objeten ëmmer am Raum. Och a Lëtzebuerger Sammlunge leien nämlech Stécker mat zweiwelhafter oder op mannst ongekläerter Provenienz. Wéi eng Beméiunge ginn et hei zu Land a speziell am MNHA bei der Restitutioun vun dubiéise Kulturgidder?

A mengen Ae spillt d‘Fro vun der Restitutioun fir Lëtzebuerg, vun deem wat ech haut weess, wat hei am Land vun Objeten ass, eng ënnergeuerdent Roll. Mir hunn hei keng Benin-Bronzen.

Et ass effektiv sou, dat mir am MNAHA eng Sammlung hunn, déi mir ganz kloer als problematesch ugesinn. Zwar ass et heiansdo schwéier d‘Provenienz rauszefannen. An deem doe Fall war et awer relativ kloer, datt dat Saache waren, déi am 19. Joerhonnert op enger Strofexpeditioun am deemolegen Deutsch-Ostafrika, dem haitegen Tansania, vun dem däitsche Kapitän Albert Spring geklaut ginn an iwwert en Ëmwee op Lëtzebuerg komm sinn. De Musée krut 1898 dës Waffesammlung mat e puer problemateschen Objete geschenkt.

En Deel vun der Sammlung vum Kapitän Albert Spring, déi 1898 dem Lëtzebuerger Staat geschenkt gouf
En Deel vun der Sammlung vum Kapitän Albert Spring, déi 1898 dem Lëtzebuerger Staat geschenkt gouf, © MNAHA / Tom Lucas

Mir hunn en Inventaire dovu gemaach an op Englesch iwwersat. Och si mer lo am gaangen, déi ganz Kollektioun ze fotographéieren an online ze setzen. Den Inventaire vun den Objeten hu mer eise Kolleege vum Nationalmusée zu Daressalam an Tansania geschéckt. De Kulturministère an den MNAHA sinn der Meenung, dass mir ganz oppe musse mat deenen Objeten ëmgoen an och, am Fall wou esou eng Demande géing kommen, déi Objete restituéieren.

Eise But ass et, all eis aussereuropäesche Sammlungen no an no op dës Aart a Weis public ze maachen, fir datt do och Restitutiounsdemande kënne kommen. Eis Positioun als Musée ass nämlech déi, dass mir en Cas de Demande de restitution a priori gewëllt sinn, där Saach positiv ze äntweren.

Den 20. Abrëll 2023 fënnt an der BNL een Debat tëschent Eech an der franséischer Konschthistorikerin Bénédicte Savoy statt. D’Mme Savoy huet duerch hier Bedeelegung um 2018 verëffentlechten Rapport sur la restitution du patrimoine culturel africain en hëtzegen Debat lancéiert, deen international héich Welle geschloen huet a bis haut gefouert gëtt. Firwat ass d‘Thema Restitutioun Ärer Meenung no sou polariséirend a wéi eng Entwécklunge kënnt Dir am Debat feststellen?

Déi Demanden de restitution, déi sinn et ëmmer ginn, déi sinn et an der kolonialer Zäit selwer ginn an déi si virun allem an de 1960er an 1970er Jore schonn eng Kéier opgeflaamt. Et gëtt eng Resolutioun vun der UNO aus dem Joer 1973, déi d’Länner dozou oprifft, déi Saachen, déi an der Kolonialzäit onrechtméisseg geholl gi sinn, zréckzeginn. Deemools gouf et dunn eng ganz Strategie an europäesche Muséeë fir dat net ze maachen. Dat ass d'Haaptthese vun der Mme Savoy hirem Buch, dat si aktuell promote.

Haut gesäit d’Lag anescht aus. De Rapport sur la restitution du patrimoine culturel africain vun 2018 huet engem Debat, dee bis elo méi ënnerschwelleg war an a méi limitéierte Milieue gefouert ginn ass, eng vill méi grouss Medienwierksamkeet verschaaft. En huet nämlech speziell a Frankräich zum Opbrieche vun dem Mythos vum ‚universelle Musée‘ gefouert, deen d’ganz Welt representéiert. Oft heescht et, et kéint jo all Mënsch an de Louvre goen oder an de British Museum. Jo, fir Persoune mat engem Lëtzebuerger Pass, engem vun de stäerkste Päss iwwerhaapt, stëmmt dat. Leit mat engem Pass aus der Demokratescher Republik Kongo kommen ënner Ëmstänn awer mol net dohinner.

D’Mme Savoy schwätzt an hiren Interviewe gäre vun den „Olympesche Spiller vun der Restitutioun“ an dovun, datt „all Mënsch wëll den éischte sinn“. Dëst dierft ënnert anerem och duerch gesellschaftlech Phenomener wéi d’Black Lives Matter-Beweegung viru gedriwwe gi sinn, déi der Debatt eng méi grouss Ëffentlechkeet, eng Presenz verschaaft hunn, déi se, wann se zwee Joer virdrun oder dono gewiescht wier, net krut hätt. Eng wichteg Roll spillt fir d‘eemoleg Kolonialmiecht an dësem Kontext awer och, datt d’Restitutioun e relativ symbolträchtege Wee duerstellt, fir eng Aart Wiedergutmaachung ze leeschten, ouni onbedéngt misse Milliounen dofir ze bezuelen, wann mer éierlech sinn.

Wat an der Restitutionsdebatt oft gesot gëtt ass: Dir maacht eis Muséeën an Europa jo eidel. Mir am MNAHA stellen tëschent 3 a 4 % vun deem aus, wat mir hunn. Souguer wann mir alles raushuelen, ass nach genuch do fir d‘Haus ze fëllen. Bei den anere Muséeën ass et genau dat nämmlecht. Déi Verkrampfung, datt een op kee Fall soll restituéieren, wat an de 1970er/80er Joren an de Muséeën de Mainstream war, ass haut awer extrem marginal.

Wat kënnen sech d’Visiteure vun Ärem Talk mam Bénédicte Savoy erwäerden?

D’Mme Savoy ass am Moment op enger Tournée de promotion fir hiert neit Buch „Le long combat de l’Afrique pour son art“, dat virun zwee Joer an Däitschland rauskomm ass a lo op Franséisch iwwersat ginn ass. An der Bibliothèque Nationale wäert d’Mme Savoy deemno op d’Geschicht vun der Restitutioun agoen. Dono wäerte mir zu zweet doriwwer schwätzen an am Uschloss doru kann de Public och intervenéieren.

Et muss ee wëssen, datt d’Bénédicte Savoy eng extrem mediewierksam an impressionant Perséinlechkeet ass an déi Expertin, déi am eloquentsten an am beschten iwwert déi Problematik vun der Restitutioun ka schwätzen. Sie huet zesumme mam Felwine Sarr 2018 dee Rapport un den Emmanuel Macron gemaach an sech op d‘Froe vu de Restitutiounen am koloniale Kontext spezialiséiert. Donieft huet si sech och un enger Rei kontroversen Debatte ronderëm den Humboldt Forum zu Berlin bedeelegt, wou si aus Protest, wéi do gewësse Saache gehandhaabt gi sinn, aus dem wëssenschaftleche Bäirot demissionéiert huet.

Voilà, et gëtt also ee Speech, bei dem et vill ëm Politik a vill ëm Geschicht wäert goen an domat och ëm d’Fro, wéi mer haut mat dem Thema Restitutioun ëmginn.


Weider Informatiounen zum Event fann dir op echo.lu.

ARTICLES