Marie Weis - Vum Studium zum...

10 mai. 2021
Marie Weis - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Marie Weis, 22 Joer
  • Studium/Ausbildung? Bachelor am Jazzgesang
  • Institutioun/Uni? Conservatoire zu Maastricht, Holland
  • Momentan? Lescht Joer Bachelor
  • Lafend Projeten? “mata“ Ensembel, “D.A.F“ Band an eege Kompositiounen

Du schéngs jo ganz beschäftegt ze sinn nieft dengem Studium. Kann ee bësse méi iwwert deng momentan Projete gewuer ginn?

Jo stëmmt. Och wann ech grad Jazz studéieren, maachen ech och immens vill Pop oder Fusion, wéi Funk Saachen. Ech hunn och een A cappella Projet well ech als Kand quasi an der Chouermusek grouss gi sinn. Dat heescht ech hunn hei an Holland een Ensembel mat 4-5 Fraestëmmen deen sech “mata” nennt.

Zu Lëtzebuerg hunn ech nach eng Band déi “D.A.F“ heescht a fir déi mir och éischter Kompositiounen an d’Richtung Funk/Fusion maachen. Donieft hunn ech nach vir mäin Ofschlossexamen een neie Projet mat eegener Kompositioun a Richtung melo-dramatesche Pop/Jazz ugefaangen. Nieft deenen 3 musikaleschen Tätegkeete leeden ech awer och nach Chéier wa grad kee Corona ass.

Wéi kritt een dat dann alles parallel zu engem Studium ënnert een Hutt? Wéi gesäit esou däin Alldag als Jazzgesang Studentin aus?

Majo de Studium usech huet net vill Stonnen, dat heescht de Stonneplang ass elo net vergläichbar mat engem Joffersdiplom zu Bréissel zum Beispill. De wichtegste Cours ass d’Haaptfach “Gesang"; dat huet een nëmmen eng Stonn an der Woch, wou een dann awer selwer andeele muss wéi vill een dofir übe wëll. Ech perséinlech probéieren all Dag 3 Stonnen nëmme Gesang ze prouwe wou dann awer nach villes derbäi kënnt, wéi Projete plangen, Stécker fir Chéier arrangéieren oder Noute fir déi nächst Bandprouf opschreiwen.

Dann huet een awer och nach Theorie, Jazzgeschicht, Gehéierbildung an och e Cours fir Marketing well een dat jo awer lo och ëmmer méi als Museker brauch. Mäin Alldag besteet am Idealfall dorausser fir ëm déi 2-3 Stonne ze prouwen, a fir de Rescht dann einfach ze kucken wat soss nach usteet; dat variéiert ganz staark.

Dat heescht vill op eegen Hand plangen a schaffen?

Jo genau. An deenen éischten zwee Joer huet een zwar zimlech vill theoretesch Fächer fir datt een eben op ee gewëssene Level kënnt, mee duerno kann een seng Moduler, wéi zum Beispill Filmmusek selwer wielen. Dofir ass een dann am 3ten a 4ten Joer vum Bachelor zimmlech fräi fir sech op seng professionell Musekskarriär virzebereeden, andeems een ufänkt Projete selwer ze maachen, ze arrangéieren, ze organiséieren, asw.

Mata © Frank Hirschhausen   

Wat sinn dann déi verschidden Etappen an dengem Liewe gewiescht, déi dech zu dësem Studium bruecht hunn?

Vue datt meng Mamm och Musek mécht an zu Klierf ee Kannerchouer an der Museksschoul opgaangen ass, louch et hier um Häerz datt mäin Brudder an ech och bësse Musek géife maachen. Witzegerweis hat ech awer iergendwéi ufanks mat 5-6 Joer guer keng Loscht fir an dee Chouer ze goe mee hunn dunn awer no e puer Erfollegserliefnisser am Solfège an am Piano vill Gefalen dru fonnt. Lues a lues hunn ech ëmmer méi Stonnen zu Klierf oder a mengem Duerf Aasselbuer am Chouer verbruecht.

Wou ech dunn am Dikrecher Lycée d’Sektioun F gewielt hat, hunn ech gemierkt,datt dat de perfekte Choix war. Och wann ganz vill klassesch Musek gemaach gouf, hu mir déi dräi Joer vill bruecht. Virun allem wéi een als Museker zesumme schaffe soll, wéi een e Chouer leed an wéi present een virun engem Ensembel stoe soll.

Gläichzäiteg war ech natierlech weider an der Clierfer Museksschoul an hunn do zum Beispill och mam Jazzgesang ugefaangen. Wou ech op Deuxième war hunn ech och entscheet, datt ech gären den Opnamexamen zu Bréissel géif maachen, wou ech dunn awer net ugeholl gouf.

Nodeems ech dunn zu Maastricht akzeptéiert gouf, hunn ech och néirens méi probéiert well sech dann do eng ganz nei Welt fir mech opgemaach huet.

Wéi kann een sech déi Opnameprozedur an dëser “neier Welt” virstellen?

Normalerweis ass et fir ee Bachelor esou, datt ee 4 Stécker aus verschiddene Stilrichtungen aus engem Pool vun 12 eraussicht an doheem preparéiere muss. Am Jazzgesang sinn d’Stiler normalerweis Blues, Swing, ee bësse méi an d’Richtung Latin an dann nach eng Ballade.

Fir gewéinlech fënnt den Opnamexame sur place statt wou ee vun enger Band vun der Uni begleet gëtt an duerno nach e puer Froe gestallt kritt. Nieft dëser praktescher Prüfung huet een awer och nach eng kleng Theorieprüfung wou een a sengem Solfège a Gehéiertraining getest gëtt. Dës Prozedur ass vun Uni zu Uni anescht. Am beschten et informéiert een sech op der Internetsäit vun der jeeweilegen Uni.  

OnStéitsch © Marie Weis  

Hues du schonn eng Iddi wats du spéider no dengem Bachelor maache wéilts?

Ech géif gären hei an Holland nach ee Master am Jazzgesang an der Richtung Jazz/Pop maachen. Idealerweis géif ech dann och wärenddeem schonn ufänke selwer Gesangscoursen ze ginn. Mäin Bild vu mir an der Zukunft besteet weiderhin aus ënnerriichten, vläicht souguer privat wann d’Museksschoule mir net genuch Fräiheeten an hirem Curriculum gi fir mat de Schüler verschidde Stiler auszeprobéieren. An natierlech u mengen eegene Saachen a Projete weiderschaffen.

An domadder gesäis du dech zu Lëtzebuerg oder am Ausland?

Ech géif gäre béides maachen. Also finanziell gesi kritt een natierlech ëmmer gerode fir Coursen zu Lëtzebuerg ze gi mee mir ass dat eigentlech egal, soulaang ech lo net fir länger Zäit op engem anere Kontinent landen. Ech mengen ech kucken do einfach wat op mech duer kënnt an halen am Hannerkapp datt et vir mech als Musekerin vläicht besser wier net grad rëm zréck an den Norden vum Land ze goen. Et ass nämlech leider nach ëmmer sou datt an der Stad oder prinzipiell am Süde vum Land einfach vill méi leeft wéi vun do wou ech kommen. Mee am Generelle fannen ech awer datt Lëtzebuerg immens schéi Concertshaiser a kléng flott Caféen huet, déi alleguerten oppe si vir veschidden Aarte vu Projeten. Meeschtens stinn engem Dieren zu Lëtzebuerg schonn op, et muss een et just wëllen an ech mengen do läit et dann och vläicht um Museker fir selwer ze sichen an sech richteg ze ëmfroen.

Wéi engem Artist oder wéi enger Band kanns du selwer als Sängerin einfach net midd ginn?

Eppes wat ëmmer geet a wat ech scho vu mengem Papp an d’Wéi geluecht kritt hunn dat sinn d’Red Hot Chili Peppers. Och wann ech gäre vill verschidde Stilrichtunge wéi zum Beispill och klassesch Saache lauschteren, sinn si awer déi déi ech ouni Probleem all Dag lauschtere kéint.

Weider Informatiounen:

ARTICLES