LEE HIPPERT: DIE GESCHICHTE VON WOLF UND SCHAF

25 juil. 2022
LEE HIPPERT: DIE GESCHICHTE VON WOLF UND SCHAF

Artikel op Lëtzebuergesch
Nicolas Calmes

Op der Gare virun de Rotondes klammen de Bob Reinert an de Philippe Schockweiler ënnert engem Zelt op d’Bün. Déi béid vum Géisskan Kollektiv presentéieren de Bad Taste Slam. Am Géigesaz zu de villen aneren Evenementer, déi dee Freide stattfannen, kréien d’Performer hei net geklappt, si ginn net vum Publikum ugefeiert, si ginn augebuht. Wien nämlech am meeschten ausgebuht gëtt, kënnt an d’Finall. Fir de Bad Taste Slam goufen d’Slammer gebieden, Texter aus dem schummvollsten Eck vun hirem déifste Tirang ze recycléieren oder direkt aus dem Pabeierkuerf ze fëschen.

De Cosimo Suglia widmet säin Text dem Fousspilz a spillt mat Vergläicher. D’Suna geet op Haastirade géint Kanner an de Lee Hippert géing och een Androck hannerloossen, wann hien näischt soen géing. Iwwert sengem Snoopy-Outfit dréit hien eng Adidas-Jackett. D’Kaputz ass iwwerzunn, de Sonnebrëll steet op der Nues. Hien fuerdert d’Publikum op, mat him ‘fuck you’ géint de Virus, Diskriminatioun, Police, Politiker an Hater ze jäizen. Ënnert weideren enthusiastesche ‘fuck yous’ vum Publikum, gëtt hien an déi zweet Ronn gewielt.

Fir d’Finall bieden de Bob an de Philippe véier zoufälleg gewielt Leit aus dem Publikum op d’Bün. Wann se net laachen, gewannen si ee Bong fir e Béier. Ee verléiert direkt. Dat zweet grinst, wann de Bob mierkt, dass hatt kee Lëtzebuergesch versteet. Déi zwee Läscht packen et duerch dem Lee seng Kritik vu moderner Literatur. Hien erkläert, dass béis Wierder Metaphere sinn. Hien benotzt vill Metapheren. D’Suna gewënnt mat enger Haastirade géint Mammen, déi hatt an der Paus tëschent der éischter Ronn an der Finall geschriwwen huet. De Bob an de Philippe annoncéieren de Schluss vum Owend a d'Publikum ënnerhält sech weider madeneen iwwert e puer läscht Pätt. 

De Lee verkeeft säi Buch “Die Geschichte von Wolf und Schaf”. Seng Geschicht stellt déi klassesch Figur vum Wollef am Schofspelz op d’Kopp. No äonelaanger Verfolgung bréngt ee Schof ee Wollef ëm a leet sech aus Stolz säi Pelz ëm. Et ass den éischte vu ville Loutons, déi mat Zäit u Bluttrünstegkeet gewënnt an och Schof ëmbréngt. D’Schof ginn eng onsécher Allianz mat de Wëllef a fir géint dëse Problem unzegoen. Trotz grammateschen Holpregkeeten a vill Bad Taste ass Die Geschichte von Wolf und Schaf een ënnerhalend an eklektescht Wierk. Et schéngt wéi aus engem Goss geschriwwen, och wann d’Eisen net laang genuch ofgekillt gouf.

Ech approchéieren de Prix Laurence Finalist mat a puer Froen.

"..."

Prix Laurence ©Sandy Heep

Mir missten eisen Interview verleeë well s du Noexamen has.

Jo, Mathé.

Wéi ass et gaangen?

Ech hunn net geléiert. 35. Trente-cinq, Diddeleng. It’s in the blood.

Bass de zefridde mat deem wéi et haut um Bad Taste Slam gaangen ass?

Komplett! Mir geet et bei dësen Evenementer am Fong méi drëms, dass ech déi zwee Texter och virstelle kann, wéi elo ze gewannen. A mäin éischten Text war een zimmleche Succès. Et war plus ou moins wéi ech mer et virgestallt hunn, an dat huet mech déck frou gemaach well ech eppes aneres ausprobéiert hunn. Ech mengen no der Buchcarrière kënnt Rapcarrière.

Net béis gemengt, mee ech war erstaunt, wou s de mir sos dass du e Buch geschriwwen hues. Wéi ass et dozou komm?

Ganz éierlech, ech war selwer erstaunt vue datt ech eréischt virun ongeféier engem Joer ugefaangen hunn mat schreiwen. Ech hunn beim Prix Laurence een Text erageschéckt. Dunn wollt ech e bëssche méi experimentéieren a hunn wärend zwou Woche Vakanz wou mir  langweileg war eng Intro geschriwwen. Nodeems ech domadder fäerdeg war, hunn ech eng méi konkret Iddi am Kapp gehat, déi ech realiséiere wollt an hunn mir soumadder geduecht: "this could be a book"! 

"..."

©Nicolas Calmes

Wéi war däi Schreifprozess?

Fir Inspiratioun ze kréien éier ech geschriwwen hunn, sinn ech op de Flughafen an de Starbucks gaangen. Ech hu mech do e puer Stonne gesat an e roude Fuedem gezunn. Ech hunn do déi ganz Geschicht opgebaut; zuguer déi, déi elo zur d’Fortsetzung wäert ginn. Beim zweete Kapitel hunn ech nämlech gemierkt datt meng Intro ze laang wäert daueren. Hätt ech déi elo gekierzt, wier et net esou ginn, wéi ech wollt. Dowéinst hunn ech decidéiert zwee Bicher ze schreiwen. Déi verschidde Personnage, wéi zum Beispill den Ariestoteles, louche mer déck um Häerzen. "Aries" steet fir Steebock, an dat passt zu sengem Charakter, dee philosophesch ass. Ech kann seng ganz Charakterentwécklung net einfach ewechloossen, virun allem well am zweete Buch e Sprong an der Zäit virkënnt.

Den Ariestoteles war mäi Liblingspersonnage. Hien geet an der Hallschent vum Buch an den Exil an et kritt een net méi vill vun him ze héieren. Ech wollt dech froe wéi et mat him weidergeet, mee dat ass da wuel fir d’nächst Buch geplangt?

Jo, ech hunn mir virgeholl d'Fortsetzung vum Ariestoteles senger Erzielung komplett op d'Kopp ze geheien. Ech soen emol sou: am éischte Buch kennt e Bam vir, op deen ech net weider aginn... dee wäert säi Moment am nächste Buch kréien, wou den Ariestoteles op sengem Wee duerch de Bësch op de Bam stéisst. 

Die "Geschichte von Wolf und Schaf" ass een interdisziplinäert Wierk. Et ass zu Deel e Roman, e Theaterstéck, Musical an huet eng grouss grafesch Ënnerstëtzung. Wéi definéiers du Die Geschichte von Wolf und Schaf?

Ech loossen dat aner Leit definéieren. Ech hunn keng Literatur studéiert oder sou. Menger Meenung no ass et eng Fabel mee wann een et ganz streng kuckt, kann een et als Ballad definéiere well Lidder virkommen an alles matenee kombinéiert gëtt. D’Dialoger sinn vum Theater inspiréiert. Vue datt bei mir Dialoger alt mol tëschent véier oder méi Leit stattfannen hunn ech mech dozou entscheet d’Dialogform aus dem Theater ze huelen. Fir ervirzebréngen datt Schof kulturell ugeluecht sinn, kommen och e puer Gedichter dra fir. Dat heescht de Musical Deel war elo net esou geplangt, mee elo wou s du dat sees, kéint een dat maachen. Wir nehmen de Loutons den Hut ab. Mee jo, et ass ee Buch.

"..."

©Nicolas Calmes

Dech kritt een och a kee Tirang gestach. Bass du ee Wollef, ee Schof, ee Wollef am Schofsfell oder ee Louton?

Bro, ech sinn de Schéifer. Mir ass et dorëms gaangen, Stereotyppen op d’Kopp ze setzen. Dowéinst hunn ech et mega attraktiv fonnt, Wëllef a Schof als Charakter ze benotzen. An eiser Gesellschaft ass et oft esou dass d’Leit op frëndlech maachen an am Fong A*schlächer sinn. Dat heescht esou vill wéi datt si sech als Schof ginn, déi sech schlecht behuelen. Als Kontrast huet een dann an der klassescher Definitioun de Wollef, deen als "bad guy" do steet. Ech spille gären e bëssche mat dëser Roll vum Béisewiicht ronderëm. Et trefft een zum Beispill op d’Loutons, wat e bësschen een Zwiispalt mëscht. Et gëtt och e klasseschen "bad guy", mee wann een d'Geschicht vu méi no kuckt, fënnt een "bad guys" bei de Wëllef wéi och bei de Schof erëm. Et ass mer dorëms gaangen, Chaos ze maachen, fir géint dee Stereotyp entgéintzewierken. Ech well domadder weisen datt d’Saachen net ëmmer esou sinn, wéi se schéngen. Et kuckt een sech de Chaos un an et gëtt ëmmer méi schwéier, d’Charakteren ze jugéieren. Well och wann meng Wëllef a Schof déi verschidde Gruppe vun Denkweise representéieren, huet all eenzele Personnage a mengem Buch och säin eegene Mindset. Dat heescht, et gi siwe Schof an all Schof ass souzesoen säin eegent Schof, wéi et och bei de Mënschen ass. Du hues jo ni siwe mol de nämmlechte Mënsch.

Zum Schluss kann een sech bëssen seng eege Meenung maachen, mee esouguer da bleiwen nach vill Fragezeichen iwwreg. De Message vun "et-ass-net-ëmmer-wéi-et-schéngt" stécht an der Fortsetzung nach méi eraus, an op eng méi kreativ Aart a Weis. D’Verbindung ass déi, datt de Charakter Helios zum Schluss dat Buch wat hie grad gelies huet, Die Geschichte von Wolf und Schaf, zeréck an d’Bibliothéik stellt. C’est à dire, dass et dat Buch och an hirer Welt gëtt.

Du hues "Die Geschichte von Wolf und Schaf" selwer editéiert. Et kritt een et a verschidde Butteker, ënnert anerem beim Ernster an der Stad. Wéi ass et dozou komm?

Vue datt ech nach e komplette "Nobody" sinn an trotzdeem esou fréi e Buch publizéieren, duecht ech mir datt et dowéinst warscheinlech laang géif dauere mat enger Maison d'édition zesummenzeschaffen. En plus wollt ech selwer een Abléck an déi Welt kréien a verstoen ewéi dat alles funktionéiert. Dat heescht, wou ech bal fäerdeg war mat schreiwen, sinn ech bei eng Imprimerie gaangen. Ech hunn mat hinne geschwat a si waren immens frëndlech. Och wann ech bësse misst spueren, war et awer machbar an esou hunn ech mech hannendrun gesat fir et direkt ëmzesetzen an net nach laang Stëbs fänken ze loossen.  Dass et am Ernster ze kréien ass huet sech esou erginn datt de Monsieur vun der Libraire Ernster och beim Prix Laurence dobäi war. 

Ech sinn also froe gaangen, op ech kéint een Depot maachen an si sote jo. Si kucken, op et sech verkeeft, a falls jo, dann géife si der nach eng Kéier huelen. Am Moment kritt een et och am Diderich zu Esch, an der Librairie Fieldgen, an zu Diddeleng an deem een oder anere Buttek. Ech kucken nach e puer Platzen ze fannen, mee momentan sinn ech als Newcomer an deem Ganze grad déck zefridden.

Dat heescht, du bass iwwerall tocke gaangen an du hues gefrot?

Jo...et muss een eben probéieren. Et kann ee mech och uschreiwen an da bréngen ech et et engem laanscht. Et gëtt och eng E-Book Versioun ouni Biller op Amazon ze kafen.

Merci fir den Interview.

Merci fir d’Gespréich.

Die Geschichte von Wolf und Schaf op Amazon

ARTICLES