Laura Gilson - Vum Studium zum...

03 juin. 2021
Laura Gilson - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du ? Laura Gilson, 20 Joer         
  • Studium/Ausbildung ? Kommunikationsdesign, Bachelor of Arts
  • Institutioun/Uni ? University of Applied Sciences of Europe (UE) zu Hamburg, Däitschland
  • Momentan ? Véiert Semester am Bachelor 
  • Lafend Projeten ? Ausstellung zu Déifferdeng fir d’Jugendkonschtwoch, Editorialprojet fir d’Uni, a villes méi

Kommunkatiounsdesign ass e Begrëff dee vläicht ëmmer méi gängeg gëtt, mee ënnert deem een sech munchmol nach wéineg virstelle kann. Kanns du eis als Kommunikationsdesignstudentin do een déiweren Abléck an däi Studium ginn? 

Jo natierlech! Vläicht besteet nach keng konkret Virstellung bei ville Leit, einfach aus deem Grond well Kommunikatiounsdesign relativ villfälteg ass. Dat sech zum Beispill op eiser Uni immens bemierkbar andeems mir vill verschidden Disziplinne vun anere Studiegäng mat studéiere kënnen. Do kann een zum Beispill tëscht Coursen aus Fotografie oder Illustratioun, Film, Motion a Game Design auswielen. Kommunikatiounsdesign ass jo usech déi visuell Duerstellung vu Gedanken oder Iddie mat Typographie, Bild a Faarwen. An dat kann eben oft ganz verschidden ëmgesat ginn.

Vun dëser Villfältegkeet hunn ech perséinlech gudde Gebrauch gemaach an deem ech Projeten aus de Richtunge vun Design, Siebdruck, Editorial wéi och Animatioun, Fotografie a Virtual Reality erausgesicht hunn. Ganz oft ass een do och an der Technik méi fräi sou datt ech ironescherweis fir e Filmcours kee Film produzéiert mee e grousst Bild gemoolt hunn, wat momentan zu Déifferdeng fir d’Jugendkonschtwoch ausgestallt ass.

Laura Gilson

© Laura Gilson

Fir mech ass dat nämlech och de sprangende Punkt bei Kommunikationsdesign: et ass net de Medium selwer, mee eng kreativ Iddi an e staarkt Konzept déi derhannert stiechen, déi ausschlaggebend sinn. Op déi Aart a Weis kann een nämlech seng Iddie mat deem bescht méigleche Medium ëmsetzen; wat mir eben och op eiser Uni esou geléiert ginn.

Do hëlleft et natierlech och immens datt eis Proffe selwer an de verschiddene Beräicher professionell täteg sinn. Esou kënnen d’Studierenden aus éischter Hand vu Leit léieren, déi selwer entweder eng Designagenur hunn oder Freelancer*innen sinn. Fir Projektwoche kommen och oft Dozenten ënnerriichten déi erfollegräich sinn, wat natierlech eng mega Erfarung ass.

Wéi huet dann däi Parcours bis heihinner ausgesinn? 

Am Fong hunn ech als Kand a lo nach ëmmer immens gäre gemoolt, gewierkelt, gepecht a gekroomt doheem a mengem Atelier. Ech wosst schonn ëmmer datt ech an de kreative Beräich wéilt goen a gouf och gutt vu menger Famill ënnerstëtzt. Wou ech dunn op d’E Sektioun am LCD komm sinn, hunn ech och gemierkt datt et mir immens vill Spaass mécht fir villsäiteg ze schaffen a verschidde Medien auszeprobéieren. Vue datt mir ganz villes ausprobéieren a léiere konnten, wollt ech mech tëscht Konscht a Design entscheeden. Ufanks hunn ech mech och op enger Konschtuni gemellt, wou ech onbedéngt wollt erakommen, mee gouf net ugeholl.

Dat war natierlech schued mee huet mir awer Dieren opgehale fir Design méi kennenzeléieren. Am Endeffekt mengen ech nämlech och dass et egal ass wéi ee Studium ee wielt, sou laang ee senger Passioun nogeet. Esou konnt ech zum Beispill meng Kreativitéit aneschters notzen an deem ech gewëssen Aufgabe léisen, déi den Design engem stellt. Ëfters sinn et nämlech mol Aufgabestellungen, déi engem net direkt eppes soen, wéi zum Beispill eng Houschtkamell ze verkafen. An do muss een halt de beschtméiglechste kreative Wee fanne fir dat ëmzesetzen. Fir mech ass dat ëmmer e klenge Challenge dee mir awer wierklech Spaass mécht.

Laura Gilson, Elttor Bjorg

© Laura Gison & Elttor Bjørg

Och wanns du bei der éischter Uni net ugeholl goufs, huet et awer op der University of Applied Sciences of Europe zu Hamburg geklappt. Wéi huet dës Opnamprozedür fir dech ausgesinn?

Genau. Ech hunn e Portfolio vun ongeféier 20-30 Aarbechte gemaach. Dat héiert sech net esou schwéier un well wann een op der E Sektioun ass a wann ee vill a senger Fräizäit mécht, dann huet ee schonn eng Jett Saachen. Mee vue dass et och net ëmmer esou sécher  iergendwéi ugeholl ze ginn, hunn ech deemools 3 Portfolioe gemaach fir mech kënnen op 3 verschidden Unien ze mellen an esou meng Chancen e bëssen ze erhéijen. Och wann dat vill Aarbecht war fir am Endeffekt ëm déi 60 Aarbechte bal zäitgläich fäerdeg ze kréien, war dat eng hëllefräich Erfarung well ee léiert wéi een sech a seng Aarbecht am beschten ze präsentéieren huet.

Nom Aschécke vum Portfolio hat ech ee Bewerbungsgespréich an deem iwwert meng Aarbechte gekuckt a geschwat gouf. Do ass et immens wichteg datt een sech net schlecht schwätzt an datt een sech ze erkläre weess; datt een ëmmer genau weess firwat ee gewësse Saachen esou oder esou gemaach huet. Déi Gespréicher mat de verschiddene Dozente waren awer och wierklech cool a léierräich.

Wat steet dann alles fir dech un wann dat véiert Semester fäerdeg ass? 

Nächst Semester wäert ech mäin Praktikum an enger Designagentur zu Rotterdam an Holland maachen. Dorop freeën ech mech och schonn immens, well een op déi Aart a Weis dat richtegt Schaffliewen an d’Agenturliewen kenneléiert. Duerno schreiwen ech dann meng Bachelorthesis.

Fir de Master géing ech gäre rëm an een anert Land goen, ech weess awer nach net genau wou. Vläicht spezialiséieren ech mech dann nach méi an der Richtung vum Grafiksdesign an der Illustratioun. Wou mech de Wand duerno wäert bréngen ass nach onsécher...entweder weider an enger Agentur schaffen oder selbststänneg ginn.

Laura Gilson

© Laura Gilson

An dat weiderhin am Ausland oder zréck doheem zu Lëtzebuerg?

Ech menge fir den Ufank wéilt ech no mengem Studium nach gäre bëssen duerch d’Welt tierkelen. Esou huet een nämlech d’Méiglechkeet fir a verschidden Agenturen ze schaffen, souvill Wësse wéi méiglech opzehuelen a vill verschidden Usiichte kennenzeléieren. Aleng nëmme wéi aneschters Design an anere Groussstied ugesinn an ëmgesat gëtt ass interessant ze wëssen. Duerno kann ech mir awer scho gutt virstelle rëm zréck op Lëtzebuerg ze kommen...wann ech dann net schonn sou wäit fort gedrift vun eiser Mentalitéit sinn.

Vun wéi enger Mentalitéit schwätze mir hei?

Ech weess net op dat lo nëmmen e lëtzebuergesche Stigma ass, mee et ass oft de Fall datt d’Kultur- a d’Konschtzeen ze kuerz kommen an net als wichteg ugesi ginn. Et gouf jo zum Beispill och schonn driwwer geschwat fir déi puer E an F Sektioune ganz ofzeschafen. Esou Iwwerleeunge weisen einfach dass dëse Beräich net genuch Plaz an eisem Land huet. Kultur a Konscht sinn awer esou e wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft datt et schéi wier deem méi Wäert a Dankbarkeet entgéint ze bréngen.  

Mee op der anerer Säit deet sech de Moment awer och immens vill. Lëtzebuerg huet villes an der musikalescher Branche wéi och an der Konschtzeen ze bidden, op dat elo wéi de Jazz & Blues oder de Konschtfestival zu Lellgen sinn. Oder wéi zum Beispill Jugendkonschtwoch zu Déifferdeng wou och ganz Rei Jonker de Moment ausstellen.

Wat géings du dann enger Persoun mat op de Wee ginn déi och e kënschtlereche Wee aschloe wëllen?

Éischtens datt een sech einfach traue soll. Wann ee wéint enger Passioun esou strahlt an een nëmmen dovunner schwätze kéint, datt een deem och soll nogoen an sech dofir ganz soll hierginn. Meng Mamm bréngt dëst zimmlech gutt op de Punkt an deems si ëmmer seet: “Laura maach wats de wëlls, mee brenn dofir!”

Zweetens sollt een awer och realistesch bleiwen a wëssen datt net ëmmer alles klappen wäert. Och wann een seng skills ëmmer besser beherrscht, heescht dat nach laang net datt all Zeechnung muss topp sinn. Och wann dat oft mol Leit mengen, dat ass net esou; dat ass bei kengem esou. Déi Leit, déi een zum Beispill op Social Media oder op enger Ausstellung bewonnnert produzéieren och Saachen déi net gutt sinn. Mee dat gehéiert awer zum Prozess dozou; nëmmen esou ginn déi gutt Saachen och gutt!

Méi Informatiounen:

ARTICLES