Isaiah Wilson - Vum Studium zum...

30 avr. 2021
Isaiah Wilson - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Isaiah Wilson, 23 Joer
  • Studium? Bachelor of Arts - Dance
  • Uni/Institutioun? Codarts Rotterdam - University of the Arts, Holland
  • Momentan? Interdisziplinären Artist bei Foqus zu Déifferdeng
  • Lafend Projeten? Zoom Optrëtt mam Trois C-L, Kreatioun vun engem Shortfilm, Schreiwen vun engem Danzstéck a villes méi.

Och d’Pandemie kann dech net dovunner ofhalen ze kreéieren. Wéi gesinn deng momentan Projeten sou aus?

Jo genau, nach am Februar hat ech e Zoom-Optrëtt fir den Trois C-L. Déi Emissioun huet 1+1=3 geheescht a gouf vun doheem aus menger Garage gestreamt. Dobäi suz ech am Auto wärend sech am Hannergrond eng ganz Installatioun beweegt huet, sou datt et am Fong gewierkt huet wéi wann ee fuere géif. Bei deem Projet konnt ech meng Kenntnisser vu Film zesumme mat der Musek déi ech dofir komponéiert hunn kombinéieren. Sou gëtt Danz an engem Vehicule, also an engem confinéierten Espace exploréiert wat natierlech d’Parallel ze eiser haiteger Situatioun zitt.

Dann sinn ech nach grad am Gaang un engem Shortfilm ze schaffen deen iwwert den Alter an och iwwert d’Isolatioun an der Gesellschaft schwätzt; mee deen ass momentan nach op Pabeier. Zousätzlech schreiwen ech och grad een Danzstéck, wat an nächster Zukunft opgefouert sollt ginn.

Wéi huet däi Wee zum interdisziplinäre Kënschtler ausgesinn?

Och wann ech an enger Famill opgewuess sinn an där am Fong all Mënsch, inklusiv mir selwer, Basket gespillt huet, hunn ech mech awer ni ganz wuel doranner gefillt. Ech war éischter ëmmer dobaussen ze fannen; ganz oft am Bësch, wou ech meng comfort zone hat an nach ëmmer hunn. Als kléngt Kand hunn ech och vill mam Lego gespillt an dësen Drang fir kreativ ze sinn an eppes wëllen ze kreéieren ëmmer bäibehalen.

Iergendwéi hat ech ni een anere Wee am Kapp, also sinn ech 4 Joer laang am Arts et Métiers an de Lycée gaangen, wou ech och zeechne geléiert a meng Zäit an d’Konscht investéiert hunn. Parallel dozou wollt ech mengen Elteren och weisen datt et ee Wee gëtt fir Danzen ze professionaliséieren an hunn dofir mat ongeféier 12 Joer am Conservatoire Danzcourse gemaach. Och wann ech ëmmer Danzen zu London studéiere wollt sinn ech schlussendlech awer an enger mega gudder Schoul zu Rotterdam opgeholl ginn, wou ech dunn déi nächst 4 Joer am mengem Liewen an d’Danzen investéiert hunn. An elo, wou ech mat der Uni fäerdeg sinn, schaffen ech mat der Multimedia Company Foqus zesummen. Hei hunn ech d’Méiglechkeet nach weider de Medium Film ze exploréiere vue datt ech nach net esou vill Zäit virdrunner doran investéiere konnt.

Film still "Passenger" fir d'Emissioun 1+1=3, Zoom Optrëtt fir den Trois C-L © Isaiah Wilson

Et leeft een net all Dag enger Persoun iwwer de Wee, déi Danz studéiert huet. Kanns du eis e bësse méi doriwwer erzielen?

Jo natierlech. Dat éischt Joer ass mega technesch well do zum Beispill vill op technesche Ballet gepocht gëtt an een déi basic Technike wéi Graham a Laban léiert. Am zweete Joer fänkt een da schonn un bësse méi ze exploréieren, aner Projeten ze maache mee et bléift awer nach ëmmer technesch well een wärend dësen zwee éischte Joer “formatéiert” gëtt.

Dunn am drëtte Joer hate mir eng Tournée déi am Programm integréiert war. Mat där si mir duerch ganz Holland gereest an haaten ëm déi 40 Optrëtter. Do ass et vill ëm dat Performativt gaangen, dat heescht wéi een sech presentéiert, seng CV’en schreift a wou am Fong méi op engem seng Identitéit gekuckt gëtt. Et kann een also soen datt ech wierklech zwee Joer waarde misst fir datt meng Identitéit gesinn an appreciéiert konnt ginn. Nieft de ville Performancen am drëtte Joer, mécht een och bei Auditioune mat well ee vir d’véiert Joer ee Stage fanne muss. Ech hunn dunn am leschte Joer vu mengem Bachelor ee Stage zu Amsterdam bei ICK mam Emio Greco a Pieter C. Scholtes gemaach. Dat war fir mech och eng flott Erfarung, well ech nach ni virdrunner gesinn hunn wéi krass si schaffen an op Iddie kommen; dat huet mech mega inspiréiert.

Ass et fir dech elo mol schoulesch gedoen oder hues du nach aner Pläng?

Ech hunn mir scho geduecht ee Master ze maache mee vläicht net am Danze well ech do scho meng Basen hunn an dat weiderhin nach ëmmer all Dag ernäre kann. Wann ech dann ee Master géif maache wier dat eppes komplett aneres wat mir dann awer duerno, am ganze Kontext, hëllefe wäert. Wéi gesot, ech hunn mech jo 4 Joer op Konscht konzentréiert, dunn 4 Joer op Danz an elo si mir mol bei 4 Joer Film. Dat heescht ech ka mech esou andeelen datt ech genuch Zäit hunn fir dee Medium kënne ze exploréieren a gutt genuch kënne ze gi fir mech dann mat Confiance een Dänzer oder een Artiste kënnen ze nennen.

KUK Art Room © KUK2020

Däi Wee gëtt vläicht vu munchen als onkonventionell gesinn. Hues du doduercher och selwer Barrièrë begéint?

Definitiv, et ware vill Barrièren do. Zumools de Konflikt datt ech ufanks derfir “kämpfen” misst fir net Basket ze spillen huet vill Froen ausgeléist, och a mir selwer wéi: “Firwat maachen ech dat?”. Och wann et am Ufank schwéier war an et net direkt akzeptéiert gouf, hunn ech mech au fur et à mesure menger Famill a mir selwer bewisen. An ech mengen et war och genau dësen Drive a Wëllen dee mech ëmmer weider begleet huet an de Grond ass firwat ech dat esou intensiv an mat esou vill Passioun maachen. Ech probéieren eben och ëmmer richteg objektiv an net ze vill béis oder léif mat mir ze sinn, fir datt ech déi Balance behalen an och wësse kann un wat ech nach méi schaffe muss. Ech hat déi Objektivitéit, also déi Self-awareness, scho relativ frei an hunn dofir och meng Eltere gebiede mir Zäit ze ginn. An elo kann ech mëttlerweil mat Confiance soen datt ech Projeten hunn an datt et klappt. An mengen do sinn si ganz stolz drop.

Elo wous du och am Ausland aktiv an der Kulturzeen matgewierkt hues wier et interessant ze wësse wéis du dann d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg als jonke Kënschtler gesäis?

Also ech fanne Lëtzebuerg mécht mega vill richteg. Mir si grad an enger interessanter Zäit well vill mat gudder Qualitéit produzéiert gëtt an een ëmmer méi Accès zu technologeschem Material wéi Mikroen a Kameraen huet, wat viru vläicht 10 Joer nach guer net de Fall war. Ech hunn mir ëmmer geduecht datt Lëtzebuerg jo am Fong Budget huet, am generelle gekuckt, an dowéinst misst een hei dach déi “fousten” Artiste vun der ganzer Welt hunn! Well wann eppes schifgoe géif kéint een ëmmer rëm op dës Stabilitéit zréckfalen.

Ech mengen och datt Lëtzebuerg versteet fir jonk Kënschtler opzehuelen an ze pushen, an dat fannen ech mega gutt. Natierlech verstoppen sech vläicht déi eng oder aner nach bëssen; mee wat méi Leit et maachen, wat et anere Leit och déi Confiance gëtt fir ze soen: “Ok let’s do this, ech hunn och eppes ze soen”; dat fannen ech immens wichteg. Dofir wëll ech net soen datt Lëtzebuerg perfekt ass mee datt d’Artiste awer och selwer wëlleg sollten si fir eppes ze änneren.

Wouranner fënns du gären deng Rou? 

Also ech gi mega oft an de Bësch spadséieren, dat ass nach ëmmer mäin Confort. An an der Konscht, ech menge do huet sech net vill fir mech geännert wou d'Pandemie ugefaange huet. Well als Kënschtler mécht ee ganz vill eleng an engem Raum wou ee vill nodenkt an ausprobéiert. An wéi krass et och vläicht kléngt, mee ech mengen déi Pandemie war mäin Confort well et ass genau déi comfort zone déi ech schonn ëmmer hat fir a menger “Bubble” ze schaffen. An lo mierken ech eben datt ech dat bësse méi expandéieren an nach méi Leit a meng Welt mat ranzéie wëll.

Ech mengen nämlech datt vill Leit Angscht hunn si wieren net gutt genuch mee dat ass guer net esou. Mir kréien zum Beispill ëmmer gesot mir musse maachen, maachen a maachen mee ech selwer denken anescht. Ech soe mir datt ech mech manner vun esou villen Saachen oflenken loossen soll an deem nogoen soll, wat ech gutt kann. Well wat ee méi Oflenkungen minimiséiert a méi vun deem weist ween ee selwer ass, desto besser kann een seng authentesch Wourecht ausschwätzen.

Méi Informatiounen:

 

ARTICLES