Felix Adams - Vum Studium zum...

12 mai. 2021
Felix Adams - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Felix Adams, 23 Joer
  • Studium/Ausbildung? Diplomstudium Schaupill 
  • Héichschoul/Institutioun? Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschaft, Däitschland
  • Momentan? Läscht Semester vum Schauspillstudium
  • Lafend Projeten? Dréiaarbechten fir de Studium, Aktive Member vun Richtung22

Wéi ass et dozou komm dass du Schauspill zu dengem Beruff maache wollts?

Et huet alles op Quatrième am Ermesinde ugefaangen. An deem Lycée huet een nämlech dreistënneg Mëttegpausen an deenen een entweder Etüden oder Aktivitéite fir mindestens annerhallef Stonn maache muss. An vue datt ech Musek maache, gouf ech eigentlech just gefrot fir bei engem Theaterstéck als Museker matzewierken. Witzegerweis hat ech awer herno eng Roll, wat mir esou gutt gefall huet, datt ech dunn vu Quatrième bis ee Joer no der Première mam Theater weider gemaach hunn. Wärend dem Schouljoer huet een e Basistraining gemach, och mat Improe asw., fir dann um Enn vum Joer Stécker opzeféieren.

Wou ech dunn op Première war, wosst ech eigentlech schonn datt ech aus Schauspill mäi Beruff wollt maachen. Mee well et oft als “onsécheren” Wee ofgestempelt gëtt, hunn ech als éischte mol ee Gap Year gemaach, wärend deem ech schaffen, reesen a mat menger Band The Kooters op Tour war. Ech hunn mech schlussendlech awer esou sécher mam Schauspill gefillt, datt ech mech op der Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschaft gemellt hunn an ugeholl gouf.

Wéi huet den Opnameprozess fir d’Schauspillstudium ausgesinn?

Sou een Opnameprozess besteet normalerweis aus dräi verschidde Ronnen, an deenen een op der Héichschoul bei Virspriechen matmécht. Dofir sollte mindestens dräi verschidde Saache virbereet ginn: e klasseschen an e moderne Monolog an e Lidd, Danz, Monolog oder Performance déi och selwer geschriwwen  ka sinn. Ech selwer hat zum Beispill zwee Monologer an e Lidd op Franséisch präsentéiert. Wou ech dunn déi éischt zwou Ronne gepackt hat, misst ech dunn an der drëtter Ronn bei der ënnerschiddlech Improvisatioune matmaachen. Do gouf da gekuckt wéi een am Grupp funktionéiert a wéi een op verschidden Angabe reagéiert. No dëser Ronn, war ech schlussendlech ugeholl.

© Benjamin Westhoff

Wéi gesäit  däin Alldag als Schauspillstudent aus?

Fir bëssen eng Iddi ze vermëttelen, zitéieren ech de Saz deen ee Proff eis ufanks mat op de Wee ginn huet: “Dir wäert kee Privatliewe méi hunn”...an dat war dunn och tatsächlech de Fall. Als Schauspillstudent*in huet een effektiv net vill Zäit, am Fong verbréngt een de ganzen Dag an der Schoul. Den Alldag vu mir a mengen 10 Klassekomerod*innen gesäit dann esou aus datt mir moies mat deenen Haaptcoursen ufänken, déi sech op Beweegung an de Kierper fokusséieren. Dëst sinn zum Beispill Coursë wéi Danzen, Sport, Muskelopbau, Koordinatioun, Performance a Kontaktimprovisatiounen.

Nodeems een da gutt waakreg a fit ass, huet ee mëttes aner Haaptcoursen, wéi zum Beispill Duerstellung. Do kritt een dann Technike vu verschidde Schauspiltheoretiker*innen, wéi och Bausteng a Grondkenntnisser bäibruecht, mat deenen een seng Figuren an Zeene weiderentwéckele kann.

Am drëtten Haaptcours “Sprechen” entwéckelt een e Bewosstsinn fir säi “Sprechorgan”, schafft un senger Textverständnis an un der héichdäitscher Aussprooch a senger Betounung. Dëst andeems ee Phonetik léiert an zum Beispill Gedichter, Balladen an aner Texter opseet. Dëse Kuer gëtt et entweder am Grupp oder eenzel. “Mikrofonsprechen” gehéiert z.B. och zu dësem Haaptcours.

Dann hunn mir awer natierlech och nach eng Rëtsch Niewefächer. Dat geet vu méi theoretesche Coursë wéi Dramaturgie a Berufvorbereitung bis hin zu méi flotte Saache wéi Bühnenkampf an Bühnenfechten, Akrobatik an Sangen (an der Grupp oder eenzel). Och un Eegeproduktioune kënne mir scho wärend eisem Studium schaffen, sou datt et heiansdo mol virkënnt datt een de ganzen Dag prouft a keng Dagesluucht gesäit...mee dat huet awer och säi Charme!

Wou gesäis du dech  nom Ofschloss vun dësem Diplomstudium?

Ech si momentan selwer nach am Gaang ze iwwerleeë wat ech herno maache wäert; hunn awer schonn e puer Optiounen opstoen. Fir gewéinlech ass een nämlech mam staatlechen Diplom an Däitschland automatesch an enger Agence, der ZAV Künstlervermittlung, ageschriwwen. Entweder et bleift ee bei där an et kritt ee Jobs vun hinnen zougedeelt oder et sicht een sech eng privat Agence. Déi läscht Optioun ass an deem Sënn menger Meenung no besser, well déi privat Agenturen oft méi e groussen Interêt hunn en Job fir hier Schauspiller*innen/Client*innen ze fannen.

Eng aner Méiglechkeet besteet nach doran mam Kënschtlerkollektiv Richtung22 eppes ze maachen. Well mir nämlech am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 d’Chance hunn eis ze professionaliséieren, kéint ech vläicht als Scriptwriter an/oder Schauspiller fir si schaffen. Falls dëse grousse Projet awer Vollzäit net klappe sollt, kann ech mir och virstelle fir gläichzäiteg nach e Master an Theaterpedagogik op der Uni.lu ze maachen. Et läit mir nämlech um Häerzen an et géif mir vill Freed bréngen, mäi Wësse spéider un anerer weider kënnen ze ginn. Mee fir d’éischt wëll ech mol einfach spillen, et ass nämlech dat wat mech wierklech undreift.

© René Harder

Dat kléngt  no e puer flotten Optiounen! Wéilts du déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland verwierklechen?

Op alle Fall wëll ech mir déi Dier ophale fir an d’Ausland ze goen. Mee wann ech elo wäit viraus kucken an un eng Famill denken, da wéilt ech scho gären zu Lëtzebuerg meng Kanner grouss zéien. Et ass net nëmmen ee schéint Land, ech fanne mir hunn och einfach eng immens Chance mat eisem Schoulsystem. Ausserdeem gesinn ech och Potenzial fir zu Lëtzebuerg méi wéi “nëmmen” e Bürosjob oder de Staatsexamen ze maachen; entweder mat Richtung22 weiderzefueren oder och mol mat Kolleegen aus anere Beräicher, wéi d’Musekszeen eppes op d’Been ze stellen.

Wanns du iergendeng Figuren aus dem Theater oder Film kéints spillen, wéi eng wier dat?

Also momentan sinn ech mega um “the Office” Flipp...dofir géif ech wierklech gären de Michael Scott spillen. Déi kannereg Aart, gemëscht mat enger liicht iwwerschratter Grenz vu politescher Onkorrektheet an awer léif bannendra sinn, dat wier tatsächlech eppes wat mir ganz vill Spaass géif maachen. Ech wäert mech jiddefalls staark dorunner inspiréiere loosse fir meng nächst Figur fir Richtung22. Oder och de Béise spillen, dat ass och eppes wat ech gäre géif maachen.

Méi Informatiounen:

ARTICLES