DANY LE LOUP & FUZA

23 fév. 2023
DANY LE LOUP & FUZA

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

De Rapper Dany Le Loup zitt de Col vu sengem Pullover erof: saudade steet ënnert senger Strass tätowéiert. D’Wuert saudade resistéiert Iwwersetzung op aner Sproochen. Originell fir d’deels séisslecht, deels battert Gefill dat Portugise fir hir Prochen déi a Richtung Nei Welt gezu si verspiert hunn a Wierder ze faassen, hunn sech d’Bedeitunge mat der Zäit diversifiéiert. Fir den Dany zielt et vu sengen Erënnerunge vun Tondela a senger Erfarung als Deel vun der portugisescher Diaspora zu Lëtzebuerg. Méi spéit weist hie mer säin Handgelenk fir dass ech den Numm vu senger éischter Punkband richteg opschreiwen.

Nieft dem Dany setzt den Danny, deen net grad sou, wéi een op Englesch seet, seng Gefiller on his sleeve dréit. De méi zréckhalende Produzent glänzt méi hannert Mëschpult an Drummachine.

Mir setzen am Mr Dixon, ee Café an der rue des bains. D’Mauere sinn mat Papiermâché aus verschiddensten Zäitschrëften aus der Mëtt vum leschte Joerhonnert tapezéiert, Girlanden hänken vun der Mauer an de Bob Marley séngt duerch d’Boxen. D’Atmosphär ass festlech, wann och kulturell ondefinéiert – iergendeppes tëschent Liichtmëssdag a Cinco de Mayo. ‘De 25sten Februar, just hei d’Strooss erof am Rocas,’ seet den Dany, ‘ass eis Release.’

DANY LE LOUP & FUZA

Mir schwätzen iwwert hiren neien Album La Tête Qui Explose: zéng Beats vum BTM, Headmasta an Fuza (den Danny) iwwert deenen den Dany säin ennere Wollef erausléisst.

Wéi hutt dir iech kennegeléiert?

Dany: Ech hat fréier eng Punkband, Insumisioa, duerno Spell 125. Ech hu Bass gespillt a gebläert. Ech hu mam Danny sengem – ass Wagi däi Stéifbrudder?

Danny: Nee, eigentlech net.

Dany: Dir sidd iergendwéi Famill mateneen. Mir hu bei him an der Garage geprouft. Dem Wagi seng Mamm ass mam klengen Danny erofkomm fir ze weise wat mer do maachen. Do hunn ech hie fir d’éischt gesinn. Ech hat dräizéng, véierzéng Joer.

Danny: Ech war zéng oder eelef. Mir waren och an der Schoul beienee mee hie war besser mat menge Bridder wéi mat mir.

Dany: Eis Weeër hu sech ëmmer rëm gekräizt. Hie war eeben och an der Punkzeen. Hien hat seng Bands, ech hat meng Bands. Mir hunn oft zesumme gespillt. Wou ech an d’Hip Hop Zeen komm si war hien och do, méi mat organisatoresche Saachen awer och Beats. Mir waren ëmmer rëm beieneen.

Dir sidd bei Wäitem net déi eenzeg Hip Hopper déi aus der Punk Zeen kommen. Wat hu Punk an Hip Hop gemeinsam a wou gi se auserneen?

Dany: Punk an Hip Hop sinn black sheep Museken. Rebel music fir Leit déi sech der Gesellschaft net upassen. Musek déi Leit maachen, déi sech an der Strooss zesummefannen an sech mateneen identifizéieren. Punk ass méi rosen. Rap ass méi poetesch.

Danny: Du gees an d’Schoul, du wiiss zu Lëtzebuerg op, et wierkt alles ëmmer schéin a bont bis de eraus op d’Strooss gees a Punk oder Hip Hop der weisen dass et aner Säite vum Liewen ginn. Du fënns dech an enger Grupp erëm, dir deelt sozial Usiichten a dréckt se soit op Pabeier, soit duerch eng Gittar aus. Ech muss zouginn, ganz am Ufank war ech net pro-Hip Hop. “Déi drécken dach just Knäppercher” oder “déi maache jo keng Musek” mee du léiers méi déif do eranzekommen an ze verstoen. D’Punkzeen war mer iergendwann ze puristesch, ze vill “dat ass net Punk an dat ass Punk” an dat war fir mech géint d’Iddi vun deem wat Punk sollt reflektéieren. Et ass fir mech den Esprit vu “stéi zu deem wat s de wëlls ausdrécken, wat s de fills.” One(8)seven war déi éischt Band déi Punk an Hip Hop äiskal verbonnen hunn. De Gringo koum mat senge Nike Air Max op eng Punkprouf a bläert dann an de Mic. Dat war fir mech, ok, et gëtt ee Wee fir dass dat dote geet, dass net Punk muss Punk sinn an hei Hip Hop muss Hip Hop sinn.

Dany: Fir mech war et e bësschen aneschtes. Ech war an der Punkzeen mee ech hu parallel vill Hip Hop gelauschtert an e bëssche meng Raps geschriwwen awer dat war méi perséinlech, fir mech, dat war méi Selbsttherapie. Sou Saachen op de Pabeier bréngen déi ech mech de Leit net ka soen, dat war e bëssche méi dat. An duerno, wou ech aus der Punkzeen erauskomm sinn hunn ech méi dorop konzentréiert.

Stéchwuert One(8)seven, La Tête Qui Explose ass no Window To Another World an Sick Little World 2 den drëtten Projet op deem der zesummen geschafft hutt deen an de leschten dräi Méint erauskoum. Wat hutt der wärend den Aarbechten zu dëse Placken iwwert iech géigesäiteg geléiert?

Dany: Dass den Danny vill Gedold huet. (Laacht) Dass sou ee Projet op d’Been ze stelle vill Zäit brauch. Et geet een net einfach an de Studio, et hellt een dat op an dann ass et fäerdeg. Et dauert Méint, heiansdo Joren, bis de Projet erauskënnt. D’Leit lauschteren ee Lidd, mengen et ass schnell gemaach mee et gi souvill Saachen déi hannendrun stiechen. Et geet net vun haut op muer.

Danny: One(8)seven wat éischter, de Moment huet misste setzen. Dat huet jo lo awer fënnef, sechs Joer gedauert. Fir La Tête Qui Explose sinn et am Juli dräi Joer. Elo si mer un engem Punkt wou mer eis net méi sou vill iwwerraschen. Iwwert dee Bierg si mer.

Dat heescht et geet elo biergof ?

Dany: (Laacht)

Danny: Nö, et geet näischt ëmmer riicht, et ass mol biergop, biergof, mee et ass ee stabele Flow. E puer Wellen, e puer Speedbumps ab und zu mee dat gehéiert dozou. Soss wier et jo net flott.

Dany, op La Tête Qui Explose sees de: ‘les gens comme moi ne jurent pas sur l’aspirine, on fait de la musique, ça soulage plus que la morphine’ an op Audioj’v’ai t’en donner, d’la qualité, tu peux pas la sniffer mais tu peux l’écouter.’ Du vergläichs Musek oft mat Drogen. Bass du süchteg no Musek?

Dany: Ech well net soen “ech si süchteg.” Ech well just soen dass Musek een änlechen Effekt huet wéi eng Drog. Du kanns och Sport maache mee du muss drësseg Minutte lafen an da kenns de villäicht erop. Mat der Drog geet et méi schnell. Dat huet Musek och u sech. Du kanns an den Auto klammen, ee Lidd umaachen an deemno wéi wat fir ee Lidd dat ass hues de een direkten Effekt. Dofir vergläichen ech Musek mat enger Drog.

Vill Lidder sinn eng Hommage un d’Nuetsliewen, mee een anert Nuetsliewe wéi elo Club Lidder. Wat bréngt d’Nuecht aus iech eraus, an ëmgedréint, wat gefält iech um Dag manner?

Dany: Ech soen och de Saz: “tu sais pourquoi je vis la nuit? C’est là où les étoiles brillent.” Ech mengen nuets kennt een iergendwéi méi aus sech eraus. Ech weess net u wat et läit mee ech schreiwen ëmmer nuets. Ech hunn d’Gefill dass dann di ganz Welt schléift an ech sinn deen eenzegen dee grad waakreg gett. Stell der ee Gebai an der Nuecht fir an et schéngt Luucht just duerch eng Fënster. Sou fillen ech mech oft. A mat all deene Leit mat deenen ech am Beschte sinn hänken ech ni am Dag. Mir sinn Nuetseilen. An ech sinn ni vill a Clube gaange ausser fir Concerten ze kucken oder ze maachen. Ech sinn a kleng Bare gaange oder hunn owes einfach dobausse gesquat, gebeatboxt, gefreestylt, egal op et kal oder waarm war.

Danny: Ech sinn och kee Clubgänger. Ech sinn och iwwerhaapt net esouvill Erausgänger. Ech hat a menger Studentenzäit oft dass ech net viru véier an der Nuecht an d’Bett goung well nuets op eemol d’creative juices ufänken ze flowen. Ech hat ugefaangen um zéng Auer ee Beat ze maachen an da goung dat bis an d’Nuecht era well do ass alles roueg, do nervt keen, den Handy schellt net méi. D’Welt pennt well si an hirem normale Rhythmus do sinn an dann trauen sech kreativ Leit méi à l’aise mat deem ze si wat se maachen ouni stänneg un den Stress vun engem programméierten Alldag erennert ze ginn.

DANY LE LOUP & FUZA

Lâche Le Micro benotzt Interview Snippets vum 50 Cent a vum Snoop Dogg. Firwat si?

Dany: Si sinn net direkt viséiert, et ass méi wat si soten huet bei d’Lidd gepasst. Wann een aneren déi Saache gesot hätt, hätt ech dee gewielt. Ech misst net onbedéngt de Snoop oder de 50 dran hu mee grad esou gutt dass si et sinn. De Snoop war ëmmer eng grouss Influenz.

Dany, du hues am September 2020 op Facebook eng Aart Freestyle erausbruecht, deen s de einfach 16 Bars genannt hues, deen thematesch perfekt an La Tête Qui Explose géing passen. Firwat hues du déi Lyrics net weiderverwäert?

Dany: Wéi ee Freestyle war dat elo? (Laacht) Weess de ee Saz, deen dran ass?

“Dans ma tête c’est tous les jours l’hiver, même en été j’ai des frissons.”

Dany: Jo. Ech weess net, et ware Freestyles déi ech net méi wollt verwende well ech - villäicht verwenden ech se nach eng Kéier, ech weess et net. Ech hunn ni driwwer nogeduecht. Ech benotzen net gäre Saachen déi ech scho verëffentlecht hunn. Wann ech eppes schreiwen ass dat normalerweis nei. Fir mech ass dat kee Lidd, et ass einfach ee Freestyle.

Wat hat dech dozou bruecht, déi Zeil ze schreiwen?

Dany: Dee Saz beschreift Depressioun. Am Summer fills de dech wéi awer am Reen. Kal Séil. Ech sinn oft duerch Depressioune gaangen an da komme sou Sätz eraus. Wann ech frou si maachen ech kee Rap. 2022 war ee Joer wou ech entscheet hat no mir ze kucken. Do hunn ech vill Sport gemaach, ech hunn ugefaangen ze molen, ech hu meng Musek e bëssche roue gelooss. Dass wann ech da rëm ufänken alles méi fresh ass. A fir Kraaft ze sammele fir den Album endlech erauszebréngen a fir no deem Album villäicht eemol an eng aner Richtung ze goen. Villäicht e bëssche méi moderne Sound ze maachen. Mol kucken. Ech si selwer gespaant wat als Nächst kennt.

Souwuel beim Sound wéi bei de Lyrics héiert een bei La Tête Qui Explose eng gewëssen Nostalgie eraus. Bei de Lyrics och vill Regreten. Kenne Regreten eng Form vun Nostalgie sinn?

Dany: Ech si vill am fado. Am Portugal hu mer fado. Fado schwätzt nëmme vun saudade. Saudade ass eng Aart Nostalgie. Ech sinn een zimmlech nostalgeschen an melancholesche Mënsch. Dofir schwätzen ech oft vun al Zäiten oder Leit, déi net méi do sinn oder Saachen, déi een anescht hätt kéinte maachen. Saachen, déi net méi do sinn, Saachen iwwert déi een oft nach ze vill nodenkt, Plazen, Zäiten, Mënschen déi een net méi huet an net méi wäert zréckkréie mee net vergësst.

Wat géingt dir de 15-järegen Dan(n)ye soen, wann der kéint?

Dany: Dass näischt onméiglech ass. Dass de Kapp hänke loosse kee Wäert huet. An dass et no engem biergof ëmmer rëm biergop geet. An dass alles säi Grond huet. Wat ech oft geléiert hunn ass dass, heiansdo geet een duerch eng schäiss Zäit, an duerno ass een awer an enger gudder Phase an déi ass just wéinst der schlechter Phase komm. Dat heescht, hautdesdaags soen ech mer, mais bon, dat do huet sécher säin Zweck. Alles huet säi Grond. Ech soen net dass et virausbestëmmt ass. Ech soe just dass eppes Schlechtes eppes Guddes ka matzéien. Dat ass dat wat ech soen. Ech soe just, jidderee geet duerch schlecht Zäiten an heiansdo ass et just déi schlecht Zäit déi dech wäert dohinner brénge wou s de solls oder wëlls.

Danny: Du muss heiansdo den Déifpunkt erreeche fir rëm ze wëssen dass et muss no uewe goen. Iergendwann muss de op d’Panz fale fir wierklech ze checken, fuck, ech hätt dat dote sollen agesinn. Mee sou léiert een.

Dany Le Loup - Lâches le micro

Dany Le Loup - Où va le monde (clip officiel)

Rocas, 25. Februar : La Tête Qui Explose Release Show