Hannert de Kulisse vum Cube521

05 mai. 2021
Hannert de Kulisse vum Cube521

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Lis Hausemer

„Op der Héischt vum kulturelle Geschéien!

Op der Héischt vu 521 Meter!

Op der Héischt vun der Zäit!“

Säit senger Ouverture am Joer 2007 huet sech de Cube521 zu Maarnech zu engem essentielle Bestanddeel vum kulturellen a soziale Liewen am Éislek entwéckelt dee mëttlerweil schwéier aus der Regioun ewech ze denken ass. Als „maison régionale de la culture“ wëll de Cube521 mat enger villfälteger, nationaler an internationaler Programmatioun, di vu klassescher Musek bis hin zu Theater, Danz oder och Ausstellunge geet, der Regioun am Norde vum Land „Kultur op héijem Niveau“ bidden.

An engem Gespréich mat der Directrice vum Haus, dem Odile Simon, hat culture.lu d’Méiglechkeet e Bléck hannert d’Kulisse vum Cube521 ze werfen an iwwert dem Kulturhaus seng Missioun, seng Equipe an dee geplangte Programm fir di nächst Méint ze schwetzen.

Als e Kulturhaus an der Regioun a fir d’Regioun war et vun Ufank u kloer, dass d’Haaptiddi hannert dem Cube521 dodra besteet „en demokrateschen Zougang zu der Kultur a méi enger ruraler Géigend, also am héijen Norde vum Land“ ze erméiglechen. Wéi d’Odile Simon erkläert: „Wat geschitt ass, ass dass d’Leit sech wierklech identifizéiere mat deem Haus, dass et ee sozialen Treffpunkt ginn ass an ënner anerem och e wirtschaftleche Facteur fir d’Géigend well et eng touristesch Géigend ass.“ Mat senger direkter Proximitéit zu Däitschland an och der Belsch, zitt de Cube521 deemno och vill auslännesch Touristen un, déi fir en Jazz-Concert oder en Theaterstéck dann och gäre mol mi laang an der Géigend bleiwen a sou di lokal Ekonomie ënnerstëtzen.

Zesummenarbecht an der Regioun

Duerch de regionale Charakter vum Haus huet sech iwwert d’Zäit och eng grouss Zesummenaarbecht tëscht deene verschiddene Kulturinitiativen an der Regioun etabléiert: „Also mir hunn hei kulturell wierklech vill ze bidde mat der Family of Man an der Cité de l’image an d’Lorettokapell di mer bespillt hunn. Da gëtt et de liewege Musée Robbescheier an et huet ee Fünfbrunnen wou Concerte gemaach ginn. Do huet sech e grousst Netzwierk gebilt, wou déi Institutiounen zesumme schaffen“, sou d’Odile Simon.

Fir de leschte Summer war an deem Sënn dann och de „NIGHT, Light & more“ Festival geplangt ginn, eng Zesummenaarbecht tëscht dëse ville verschiddene kulturelle Partenairen aus der Regioun. Och wann de Festival huet missen op dësen August verluecht ginn, bleift d’Iddi dohannert bestoen: „Et soll eppes sinn dat sech ka widderhuelen, wou dann alleguerten di Institutiounen di a Klierf si gemeinsam eppes Gréisseres op d’Bee stelle kënnen“.

Eng engagéiert Equipe

Mat nëmme 5 Leit ass d’Equipe vum Cube521 eng kleng Equipe, déi wéi d’Directrice erkläert „nëmmen an enger wierklecher Teamaarbecht funktionéiert“. Di meescht vun hinnen si scho vun Ufank un dobäi, sou dass op „eng laangjäreg Zesummenaarbecht zréckzeblécken ass“, wou „jidderee weess wat seng Responsabilitéite sinn“. Nieft dëser fester Equipe sinn et awer och eng 40 Benevolle aus der Géigend déi reegelméisseg am Cube521 aushëllefen: „Dat si Jonker, Studenten, Hausfraen oder Leit di sech einfach wëllen engagéieren. Si hëllefen am Accueil, also hannert der Théik, bei den Ticketen oder am Sall Platzen ze weisen.“

Och hei weist sech rëm, dass de Cube521 eng aktiv Roll am lokalen Zesummeliewen an Zesummekomme vun der Regioun ageholl huet. Vill vun de Benevollen sinn deemno scho säit bal 14 Joer mat dobäi sou d‘Odile Simon: „Wéi ech hei ugefaangen hunn, do hate mer eppes mat Kanner aus der Regioun op der Bün gemaach, wou mer Kanner gesicht a natierlech och Kanner fonnt hunn, an déi si lo grouss an déi sti lo hannert der Théik an hëllefen do, an dat ass immens flott ze gesinn.“

Eng attraktiv Programmatioun

Wat de kulturelle Programm zu Maarnech ugeet, sou ass et virun allem d‘Museks- an  d‘Theater Abonnementer déi sech iwwert d’Zäit ganz gutt entwéckelt hunn, sou d‘Directrice. De „Cube-Jeune“, e Programm fir d’Schoulen an d’Familljen, huet sech als e feste Bestanddeel vun der Programmatioun erwisen, eng Aarbecht fir déi d’Haus 2011 och mam ASSITEJ-Präis ausgezeechent ginn ass. An de Cube521 ass och ausserhalb vu Maarnech ënnerwee: mam „Cube op Rieder“ bréngt d‘Kulturhaus z.B. Spektakelen oder Concerten a Schoulen an Altersheimer. D‘„Dimanches du chant grégorien“ an der Lorettokapell zu Klierf sinn e weideren Highlight extra muros.

Och des Saison fannen am Cube521 trotz Corona-Restriktiounen nach bis Enn Juni vill flott Evenementer statt. Wéi d’Odile Simon ënnersträicht, ass „et ganz wichteg, dass mer spillen, dass mer de Leit eppes kënne bidden an dat maache mer och. Wann elo ee Kënschtler net kënnt, dann ersetze mer deen direkt duerch en anere Kënschtler, deen d’Méiglechkeet huet ze kommen, sou dass ëmmer en Angebot do ass“. E puer Highlights fir de Mee an de Juni sinn dann de London Brass Quintet, den António Zambujo oder och nach d’Corinna Harfouch. A mat e bësse Chance klappt et dann och dëse Summer, hoffentlech net fir d’läscht, mam virdru schonn ernimmte „NIGHT, Light & more“ Festival. 

De komplette Programm vum Cube 521: https://www.cube521.lu/fr/agenda

ARTICLES