LÄIF A SÉIL

25 oct. 2023
LÄIF A SÉIL

Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps

LÄIF A SÉIL - Vum Wëlle Westen an de Wëllen Norden

Bis wäit erop an d‘Éislek ginn an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d’Schinne vun der éischter Eisebunn zu Lëtzebuerg geluecht. An dëser deemools ofgeleeëner Géigend stoussen d’Aarbechter vun der Bunn an d’Truppen aus der Stad, déi si begleeden, op eng autark Communautéit, déi hiren eegene Reegele follegt. Hei, am Wëllen Norden, sicht d‘Antiheldin vum Film, d‘Oona, gespillt vum Sophie Mousel, Vergeltung fir déi Verbriechen, déi 15 Joer virun der Haapthandlung a senger eemoleger Heemescht begaange gi sinn.

Läif a Séil ass den éischte lëtzebuergesche Western. An der Manéier vum Alpenwestern-Genre souwéi inspiréiert vun de Spaghetti-Western vum Leone a Corbucci bitt sech dem Spectateur/der Spectatrice ee visuell enorm staarken, maträissenden Drama duer an engem fir d‘Lëtzebuerger Leinwand nach gänzlech onverbrauchte Setting. De Film gehéiert zu den opwännegste Produktiounen an der Lëtzebuerger Filmgeschicht a representéiert de Grand-Duché ënnert anerem an der Virauswiel fir d‘96. Academy Awards am Joer 2024.

D’Regie féiert de Loïc Tanson. Hien ass Regisseur, Dréibuchauteur a Filmkritiker, virun allem awer Cinephil, wéi hie seet. „Dat geet alles Hand an Hand, mee et ass einfach déi Saach, Filmer wëllen ze kucken, quasi mussen ze kucken“ an eben och ze maachen, wéi sech weist.

Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps
Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps

D’Passioun zum Kino zitt sech wéi e roude Fuedem duerch dem Loïc Tanson seng Biographie. Am Alter vun nëmme fënnef Joer hëlt säi Papp hie mat an de Kino, Top Gun kucken. Et ass seng éischt Erënnerung aus dem Kino. „D‘Fligeren, déi ronderëm fléien, den Toun, dee vill ze haart ass… Haut geet dat jo neméi, mee fir mech war dat deemools guer keng Zoumuddung, ganz am Géigendeel: Dat war eppes, wat mech fundamental markéiert huet.“

Mat der Ouverture vum Utopolis 1996 fënnt hien als Jugendlechen am Kino eng zweet Heemecht. All Freidegowend fiert hien eleng mam Bus vu Bouneweg bis op de Kierchbierg fir sech déi neiste Sortie unzekucken. Nom Kolléisch war fir de Loïc dohier kloer: „Ech muss Kino maachen.“ No engem kuerzen Ëmwee iwwert d’SciencesPo, dee, wéi hie seet, sengem Sëcherheetsbedürfnis geschold war, schreift hien sech kuerzerhand fir e Studium am Institut Européen de Cinéma et d’Audiovisuel zu Nanzeg an. Dës méi theoretesch Formatioun ergänzt hie spéider mat der Participatioun un engem praxisorientéierte Workshop iwwert dräi Méint un der New York Film Academy zu Los Angeles.

Säi Retour op Lëtzebuerg féiert hien direkt an de Kino – wuertwiertlech, wann och anescht wéi geduecht. Als Programmateur fir d’Utopia SA, getrei dem Motto back to the roots, fënnt hien sech an engem Job erëm, wou hien de Film och vu senger Distributiounssäit kenneléiert. Doniewent ass hien ëmmer erëm als Journalist a Filmkritiker fir den RTL a verschiddensten Zeitungen täteg. „No zwee Joer hunn ech dunn awer geduecht, elo geet et lass, lo maache mer Filmer,“ sou de Loïc.

Ee Kuerzfilm nom aneren dréint hien, een Dokumentarfilm an eng Serie fir d’Televisioun. Iergendwann rabbelt den Telefon. Et ass de Claude Waringo, Produzent bei Samsa Film. Et geet ëm e Western, e Lëtzebuergeschen.

Loïc Tanson, Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps
Loïc Tanson, Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps

Zesumme mam Zeenarist Frédéric Zeimet, strecken de Loïc an de Claude d’Käpp beieneen a ginn sech séier eens. Vun der Iddi bis zum fäerdegen Dréibuch vergi knapp véier Joer. De Schreifprozess beweegt sech, sou de Loïc, ëmmerhin an engem stännege Spannungsfeld tëschent den Ambitiounen ze ënnerhalen, historesch méiglechst akkurat ze sinn, thematesch a narrativ net vum Wee ofzekommen a gläichzäiteg och finanzéierbar ze bleiwen.

Am Oktober 2021 starten dann d’Preparatioune fir den Tournage. Schauspiller*innen gi gecast, Kostümer gebitzt an Dekoren gebaut; souguer ee quasi historescht Lëtzebuergesch gëtt an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg aschafft. Am Abrëll 2022 fält schliisslech d‘Klapp – déi éischt! Gedréint gëtt op der molerescher Eyneburg an der Belsch, bei Kelmis no un der däitscher Grenz.

Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps
Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps

Am Film si mir am Éislek, enger deemools ofgeleeëner, vun Hongersnéit an Aarmut gezeechenter Géigend vum Land. Mir schreiwen d’Joer 1838. Op 16 mm Schwaarz-Wäiss-Film entféiert de Loïc Tanson d’Spectatricen an d‘Spectateuren aus der këndlecher Perspektive vum Helene an eng Welt, déi vun der Famill Graff – mam Jules Werner als sougenannte Papp un der Spëtzt – mat brutaler Hand gefouert gëtt a vun Testosteron nëmmen esou dréift, wéi de Loïc erzielt. Hei regéiert d’Recht vum méi Stareken - wéi et sou oft am Film heescht - an d’Legitimatioun fir d’Tyrannie liwwert d’Relioun a Vertriedung vum Paschtouer Meyers. Fräi ass hei deemno weder de Läif nach d’Séil an een Entkommen schéngt onméiglech.

Trotzdeem geléngt dem Helene ënnert trageschen Ëmstänn d’Flucht aus dem Duerf an domat sengem anerwäerts virbestëmmte Liewenswee als Fra um Enn vun der patriarchaler Nahrungsketten, déi an där Duerfgemeinschaft existéiert. Eng Flucht aus der klaustrophobescher Beklommenheet, déi de quadratesche Format am éischten Deel vum Film vermëttelt, bitt sech an der Suite och de Spectatricen a Spectateuren am Kino, wann d’Bild op der Leinwand am zweeten Deel op eemol aus der Rumm erausbrécht an déi voll Breet vun der Wand bespillt.

15 Joer méi spéit ass Lëtzebuerg onofhängeg, d’Stolindustrie am Minett entwéckelt sech an d’Eisebunn gëtt gebaut. Ënnert enger neier Identitéit zitt et d’Helene, wat sech elo Oona nennt, zeréck a déi al Heemecht, déi well laang keng méi ass, a sicht d‘Revanche.

Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps
Läif a Séil, © Samsa Film / Artémis Productions, 2023, Anna Krieps

Läif a Séil erzielt eng Emanzipatiounsgeschicht op ville Niveauen. Et geet ëm Mënschen, déi sech fräi maachen, fräi vu struktureller Ënnerdréckung, sief et d’Gewaltherrschaft vum Papp oder d‘moralescht Korsett vun der Kierch, a fräi vun hirer Vergaangenheet an den Däiwel, déi se joen – oder awer doru scheiteren.

An engem kontrasträiche Wiesselspill vu Luucht a Schiet manifestéiert sech net nëmmen d‘visuell Sprooch aus der Fieder vum Nikos Welter, déi eng enorm düster a gritty Atmosphär evoquéiert, mee och beweegen sech d’Personnagë kontinuéierlech tëschent den Extremer a verbleiwen letztendlech iergendwou dotëscht.

Mat engem Bléck fir den historeschen Detail, engem stareken Cast an enger emotional brutaler wéi maträissender Geschicht iwwersetzt de Loïc Tanson de villäicht uramerikaneschste Filmgenre an d’Lëtzebuergescht a leet domat de Grondstee fir de grand-ducale Western.


Läif a Séil leeft ab dem 25. Oktober 2023 an de Lëtzebuerger Kinoen.