LUXCON 2025

10 avr. 2025
LUXCON 2025
Den Treffpunkt fir Nerds vun alle Konfessiounen

Artikel op Lëtzebuergesch
Image : © Gérard Kraus/ SFFS

 

Cosplayer, Computerspillfrënn, Brietspillenthusisaten, Sammelkaarte-Fans, kommt zesummen! D’Luxcon ass den Treffpunkt fir Nerds vun alle Konfessiounen. Dës Editioun vun der Convention ass déi zéngt, vu dass et 2020 wéinst kollektiv verdrängte Grënn keng gouf. Ee ronne Gebuertsdag, also; dat selwecht gëllt fir d’Leit hannert de Kulissen: Déi lëtzebuergesch SFFS - Science Fiction and Fantasy Society - koum aus der “Magic Association Luxembourg” ervir, déi 1995 aus der Begeeschterung fir dat warscheinlech weltwäit beléiftst Sammelkaartespill kreéiert gouf: Magic The Gathering. Dat si ganz 30 Joer hier.

© Gérard Kraus/ SFFS

Mee genuch iwwert d’Vergaangenheet. Wat gëtt et dëst Joer um Forum Geesseknäppchen ze gesinn? Dat Gewinnt fir d’éischt: Reien a Reien u Stänn, wou ee Fantasiebijouen, Plüschdéieren, Computerspiller oder Séissegkeete kritt; Anime Kënschtler zeechnen engem säi Portrait, et dierf een an engem Workshop säin eegent Laserschwert bauen, an sech duerno domat zerklappen. Dem SFFS Präsident Gérard Kraus no zielen zu de gewinnten Highlights: “de spektakuläre Cosplay Concours, de Samschdes Owes Programm matt Quiz a Karaoke, déi vill flott Spillronnen déi ugebuede ginn an de grousse Spektrum u Konscht, Hobbies an Aktivitéiten aus dem Fansecteur.”

© Gérard Kraus/ SFFS

Dat Ongewinnt elo: eng Rei un internationale Gäscht kommen an ziele vun hiren Erfarungen. De Robert Corvus - Auteur vun der Fantasy Serie “Die Vagabunden” ass bei villen Diskussiounsronnen um Programm. Dat gëllt och fir d’Auteurin Ursula Vernon, och bekannt als T. Kingfisher, där ee bei Panels iwwert “How to break into the writing industry?” an “Horrible Horror That Horrifies” dierf nolauschteren. Bei dësem zweete Panel ass och de Voiceactor Alasdair Stuart dobäi. Ee gewësse Robert Vogel zielt vu sengen Aarbechten un der Stargate Serie. Déi ganz Lescht geet nach laang weider, an ass op luxcon.lu ze fannen.

An éischter Linn ass d’Luxcon weiderhin déi perfekt Geleeënheet, gläichgesënnt Leit ze treffen, Frënn ze fannen, an Deel vun enger Kultur ze sinn, déi ze oft just iwwert Bildschiermer diskutéiert gëtt.

D’Luxcon ass dëse Samschden a Sonnden, 12. an 13. Abrëll, um Forum Geesseknäppchen.

© Gérard Kraus/ SFFS

Artistes

Gérard Kraus

Auteurs

Nicolas Calmes

Institutions

LuxCon

ARTICLES