Casse-Dalle

11 juil. 2025
Casse-Dalle
Un petit repas artistique sans chichis

Casse-Dalle © Schëfflenger Konschthaus
Artikel op Lëtzebuergesch

Am Häerze vu Schëffleng, um Site vum ronn 200 Joer ale Claus’en Haf, entsteet 2019 d’Schëfflenger Konschthaus – eng Galerie, déi d’Konscht als Engagement versteet. „D'Iddi vum Konschthaus ass eng Plaz ze bidden, wou d‘Kënschtler sech kënnen entfalen a wou d‘Visiteuren d'Chance kréien eng aner Welt ze entdecken“, erkläert d’Galeristin Pia Pistrino. 

Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus
Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus

„De Mënsch huet en Honger fir Ästhetik […]“

Fir d’Pia Pistrino ass Konscht eng Necessitéit: „De Mënsch huet en Honger fir Ästhetik, fir Wourecht, fir eppes ze fillen an natierlech och fir eppes ze erschafen. […] D’Konscht ass eppes, wat den Dag méi schéi mécht.“ Dat Konscht net just gefält, mee och emol wéi deet, schockéiert, finalement awer beréiert, gehéiert fir déi studéiert Philosophin selbstverständlech dozou. 

Oft hätten d’Leit awer Hemmunge Fouss an eng Galerie ze setzen. Dat wier jo näischt fir mech, géing et dann oft heeschen. Dëse Gedanke leent d’Schëfflenger Konschthaus ASBL kategoresch of: „Hei ass jidderee wëllkomm.“ Esou offréiert d’Haus e Programm, dee fir jiddereen accessibel soll sinn, „où chacun en ressort enrichi de découvertes et de nouvelles expériences.“ Wien och ëmmer de Wee an d’Galerie fënnt, kritt vun der passionéierter Chefin dohier d‘office eng guidéiert Visite offréiert.

„Ech wier deemools als Kand léiwer Wëllef kucke gaangen.“

Doriwwer eraus bitt d’Schëfflenger Konschthaus am Kader vun all Ausstellung och Workshops, Féierungen a Liesungen un, déi sech virun allem un de jonke Public riichten. Grad un dësem Bildungsoptrag, deen sech d’Schëfflenger Konschthaus selwer gëtt, weist sech den Ënnerscheed zu enger gewéinlecher Galerië besonnesch däitlech.

Vernissage de "Casse-dalle", Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus
Vernissage de "Casse-dalle", Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus

An den Interessi bei de Kanner a Jugendleche wier grouss, och am Zäitalter vun TikTok an Instagram. Virun enger Zäit – sou erzielt d’Pia Pistrino – wier zum Beispill eng Schoulklass vun Esch vum Léierpersonal virun de Choix gestallt ginn: Beetebuerger Park oder Schëfflenger Konschthaus. „Ech wier deemools als Kand léiwer Wëllef kucke gaangen“, schmunzelt d’Pia Pistrino. Den Escher Nowuess awer hätt sech fir d’Konscht entscheet. „Dee Moment huet mir gewisen, dass dat, wat ech hei maachen, eppes erreecht, an zumools bei de Kanner.“

„Vum Häerz op den Teller“

Dëse Weekend presentéiert d’Schëfflenger Konschthaus seng nei Ausstellung, déi ganz am Zeeche vun der Gesellegkeet steet. Fir de Vernissage kommen den 12. Juli vun 16 bis 20 Auer zwielef Kënschtlerinnen a Kënschtler bei engem Casse-Dalle zesummen, engem gemittleche Picknick ouni vill Schnickschnack, fir ze schwätzen an ze schneeken, an de Public ass häerzlech agelueden. 

Casse-Dalle, Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus
Casse-Dalle, Schëfflenger Konschthaus © Schëfflenger Konschthaus

Dësen direkten Austausch tëschent den Artistinnen an Artisten an dem Public wier dem Pia Pistrino enorm wichteg: „Ech kann [d‘Wierker] konschttheoretesch zwar gutt verpaken an d‘Anekdote weiderginn, déi de Kënschtler mir erzielt, mee d'Erfarung ass ëmmer méi wäertvoll, wann een déi Saache vum Kënschtler selwer gewuer gëtt.“

D’Panoplie un Ausdrocksformen, déi an der neier Expo Plaz fannen, léisst sech kaum zesummenzefaassen. Vu Collagë bis Graffiti iwwer Linogravure bis hin zu gestréckte Wollkonstruktiounen ass bal alles dobäi. Net d’Technik verbënnt déi jonk Artistinnen an Artiste vum Casse-Dalle, mee de frësche Wand, deen se der Galeristin no an d’Lëtzebuerger Konschtwelt bréngen. 

Wien déi nei Expo an engem gemittleche Kader bei engem Glas Wäin oder Jus zesumme mat de Kënschtlerinnen a Kënschtler erliewe wëll, ass dëse Weekend zu Schëffleng deemno op der richteger Plaz.

Auteurs

Ben Kraemer

Artistes

Lascar
Sascha di Giambattista
Alain Welter
Charlie Holper
Anne-Sophie Loos
Thierry Harpes
Thomas Lloyd
Florence Everling
Nelly Mendoça
Gauthier Salvi
Ave Cleesen
Marie Welter

Institutions

Schëfflenger Konschthaus ASBL

ARTICLES