FuelBox

18 juil. 2025
FuelBox
D’Kollektivausstellung feiert hiren 10. Jubiläum!

Artikel op Lëtzebuergesch
Foto: © Laurent Henn

2016 gouf den Ausstellungsformat “FuelBox" fir d'éischt Kéier dem Public virgestallt. D'Konzept? Eng Kollektivausstellung, déi ee Mol am Joer presentéiert gëtt, all Kéiers an engem anere Gebai. Dacks gi Plaze viséiert, déi no der “FuelBox” entweder ofgerappt oder renovéiert ginn, wouduerch d’Kënschtler fräi sinn z’experimentéieren a sech an de Raimlechkeeten auszeliewen.

Déi éischt Editioun war deemools zu Stroossen organiséiert ginn. Zanterhier ass de Kollektiv hott an har duerch d'Land gereest - Hollerech, Stadbriedemes, Réimech, Stater Gare, fir e puer Plazen z'ernimmen - all Joer an engem aussergewéinleche Gebai a mat engem raffinéierten Ensembel un diverse Kënschtler. Vu klassescher Molerei iwwer Skulptur, "Street Art" a Fotografie bis hin zu Installatiounen - kee Medium koum dobäi ze kuerz. 

Dat gëllt och fir dës 10. Jubiläumseditioun, déi vum 17. Juli bis den 10. August zu Beetebuerg an de fréieren Ateliere vun der Gemeng an der rue d'Abweiler een Doheem fonnt huet.

Ee vun den Organisateuren a Matgrënner vun der “FuelBox” ass de Sculpteur Laurent Turping, dee mir virum grousse Vernissage am Interview haten.

© Laurent Henn

Wat ass dat fir e Gefill, esou eng Jubiläumseditioun kënnen z’organiséieren?

LT: Et huet ugefaange mat enger Kollektivausstellung, mat Betounung op “eng”. Et war ni geplangt eng Serie doraus ze maachen, mä et ass flott, dass mir et fäerdeg bruecht hunn an elo eng Jubiläumseditioun kënne maachen. Mir si keng Struktur a kee Club - mir maachen dat ënner Kolleegen, well mir Loscht hunn, dat z’organiséiere fir eis auszestellen, mä och fir anere Kënschtler eng Plattform ze ginn. An dass no 10 Joer nach ëmmer déi Energie an Dynamik do ass fir et weiderzeféieren, ass natierlech mega.

Wann Dir op déi 10 Editiounen zeréckkuckt, hutt Dir do eng Editioun, déi Iech besonnesch an Erënnerung bliwwen ass?

LT: All “FuelBox” hat hiren eegene Charme, well et ëmmer eng aner Plaz war. Déi zu Stroosse war flott - bei där war de Vernissage den Dag virun de Walen an dunn hate mir déi ganz Politik do (laacht). Déi zu Stadbriedemes war och immens, schonn einfach wéinst dem Gebai. Pol Wurth, Cloche d’Or… - se haten alleguer hir Particularitéiten, mä wann ech eng misst eraussichen, wier et déi um Houwald, well et zu Pandemieszäite war. Mir hate bal alles fäerdeg an du koum de COVID-19, a mir wossten net, ob mir eis Diere kënnen opmaachen. Schlussendlech huet awer alles geklappt an, obschonns alles mat Mask war, waren d’Leit esou frou fir kënnen erauszegoen an och fir d’Artiste war et ganz speziell, well jo sos all hir Ausstellungen annuléiert gi waren.

© Laurent Henn

Huet et iech ni zeréck op eng vun deene Plaze gezunn?

LT: Déi Konversatioun ass effektiv schonn emol opkomm, zum Beispill zu Stadbriedemes. D’Renovatioune vun deem Gebai kruten immense Retard, an d’Fro war dunn effektiv, ob mir nach eng Kéier sollen zeréckgoen. Mir waren eis awer séier eens, dass mir et net maachen. Et muss een en Enn hunn, fir dass een anzwuersch anescht erëm ufänke kann, sos geet iergendwann d’Loft eraus. An ech mengen, dass et och flott fir d’Leit ass ëmmer eng nei Adress ze hunn an en neit Gebai z’entdecken. Et kommen och ëmmer Leit laanscht, déi iergendwann emol an deem Gebai geschafft hunn, an och sos Leit aus där respektiver Gemeng, plus déi Konscht-Interesséiert, déi matreesen. Dat mécht fir eng flott Mëschung an ëmmer nei Erfarungen.

Wéi hutt dir iech d’Rollen ënnert den Organisateuren opgedeelt?

LT: Et ass wéi an all Organisatioun: du brauchs e puer “Zuchpäerd” an Anerer, déi mathëllefen. Mir sinn u sech zu 4: d’Yvette Rischette, de Rol Steimes, den André Depienne an ech. Dann hëllefen awer och de Raymond Colombo, de Michel Heisbourg an den Tino Camarda mat.

Ech këmmere mech u sech ëm alles wat Logistik ass, also d’Invitatiounen, Flyeren, Affichen a Kommunikatioun, awer och ëm d’Gedrénks beim Vernissage, an ech kucken, dass mir Ënnerstëtzung kréien. D’Yvette (Rischette) an de Rol (Steimes) si fir d’Artisten zoustänneg. Si empfänken se an uerdnen hinnen hir Plazen am Gebai zou, respektiv kucken, wie wéi eng Plaz wëll. Den André (Depienne) mécht alles wat d’Technik betrëfft. Hie suergt dofir, dass mir Waasser an Elektresch an de Raimlechkeeten hunn. Dës Kéier kréie mir eng grouss Ënnerstëtzung vun der Gemeng Beetebuerg, och vun hiren Techniker, mä den André ass awer deen, deen och emol den Artisten ënnert d’Äerm gräift, wann si zum Beispill nach ee Luucht-Spot oder eng Steckdous anzwousch wëllen.

© Laurent Henn

Wat hutt dir iech fir dës Jubiläumseditioun Spezielles iwwerluecht?

LT: U sech bleiwe mir eisem Konzept trei an organiséieren och, wéi ëmmer, een “Dîner des Artistes”, fir dee kollegialen Aspekt um Liewen ze halen. Wat dës Kéier awer effektiv speziell ass, ass dass mir net nëmmen d’Kënschtler vun dëser Editioun invitéiert hunn, mä och all d’Artisten déi iwwer déi lescht 10 Joer een oder puer Mol matgemaach hunn, also ronn 250 verschiddene Kënschtler.

Wéi sicht dir d’Kënschtler eraus, déi am Endeffekt ausstellen?

LT: De Choix vun de Artiste maache mir kollegial zu 8. Dës Kéier konnt jiddereen 9 Kënschtler proposéieren. Dann hu mir déi rausgeholl, déi e puer Mol an de Propose virkomm sinn, an esou hu mir dann eis Invitatioune gemaach.

© Laurent Henn

FuelBox ass jo schonn e Begrëff fir jiddereen, deen hei am Land Kultur-begeeschtert ass. Do sinn awer och bestëmmt ëmmer méi Artisten déi sech vum Selwe bei iech mellen, oder?

LT: Absolutt! D’Demande ass méi grouss, wéi d’Plazen, déi mir ze verginn hunn. Dofir hu mir eis e puer Krittäre gesat. Fir dass esou ee Konzept ka weider bestoen, muss et interessant bleiwen a sech weiderentwéckelen. Dofir ass ee vun eise Krittären, dass d’Hallschecht vun de Kënschtler der sinn, déi bei den 3 viregen Editiounen net matgemaach hunn, well wa mir ëmmer just d’Kolleegen an déi nämmlecht Gesiichter mat an d’Boot huelen, verléiere mir den Iwwerraschungseffekt a stagnéieren. An da probéiere mir natierlech och jonk Kënschtler mat anzebanne fir dass een ëmmer eppes Neies entdecke kann.

Wéi vill Kënschtler sinn am Endeffekt bei dëser 10. Editioun dobäi?

LT: Bei viregen Editiounen hate mir der schonn emol iwwer 100. Do ware mir eis awer duerno eens, dass dat e bëssen ze vill ass, engersäits fir eis - probéier emol 100 Kënschtler ze geréieren (laacht) - mä och fir d’Visiteuren, well et einfach iergendwann ze grouss ass. Dës Kéier si mir zu 58 an dat kann ee gutt an zwou bis dräi Stonne kucken. Et ass wéi ëmmer ganz divers: all d’Medie si vertrueden, ob dat elo klassescht Molen ass, Fotoen oder och Skulpturen aus Eisen, Glas oder Holz. Bausse fënnt een och vill “Urban Art”, also Graffiti virum a ronderëm d’Gebai.

© Laurent Henn

Da komm mir schwätzen emol iwwer d’Gebai: wat huet dës Plaz esou passend fir d’FuelBox gemaach?

LT: Et ass net sou, wéi wa mir ëmmer dräi oder véier Gebaier zur Auswiel hätten. Mir siche konstant a bis elo huet et och all Joer nach geklappt. Dëst Joer si mir an engem Gebai wou fréier d’Gemeng Beetebuerg hir Atelieren hat, also hei gouf am Eise geschweesst an am Holz geschafft. Duerch deen industrielle Charakter passt dat natierlech gutt bei eis. Dobäi kënnt, dass et sech iwwer 2 Stäck erstreckt an e gewësse Volume do ass. An et ass nees e Gebai wat an Zukunft soll ofgerappt ginn. Dat heescht, dass d’Kënschtler komplett fräi sinn sech auszedrécken, wéi si wëllen. A wann dat heescht, dass ee wëll op d’Mauer Molen, eppes an d’Mauer schrauwen oder d’Dier aus sengem Raum eraushuelen, da kann deen dat ouni Problem maachen. Dat ass fir d’Kënschtler immens flott a passt gutt an eist Konzept. Mir schreiwe jo kengem vir, wat en ze maachen oder ze weisen huet. Fir eis als Organisateuren ass et natierlech och gutt, well mir net mussen déi ganzen Zäit op vill Saachen oppassen.

Iwwer d’Joren huet d’”FuelBox” sech weiderentwéckelt, och wann dir ärem Konzept trei bliwwe sidd. Wéi huet d’Audienz am Géigenzuch evoluéiert?

LT: Et kéint ee scho soen, dass mir eis een Numm gemaach hunn. D’Leit wëssen, dass se eppes gebuede kréien, wann se kommen, an de Krees ass doduerch och méi grouss ginn. De Public ass breet gefächert: d’Leit kommen aus dem ganze Land an der Groussregioun, an net nëmme fir de Vernissage. Natierlech ass dat een Event wou ëmmer vill Leit kommen, fir ee sympatheschen Owend ze verbréngen, mä de Stroum bleift och no deem éischten Owend bestoen, sief dat Freides, Samschdes oder Sonndes. Déi eng komme mat hiren Elteren, anerer mat Kanner, Hond a Poussette. Dat weist och einfach, dass et zougänglech fir jiddereen ass, an dat, net nëmme wéinst der gratis Entrée. Déi "Hemmschwell", déi d’Leit villäicht hu fir an eng Galerie oder e Musée eranzegoen, hunn se bei eis net, well d’Konscht u sech zougänglech ass. Et ass kaum een Artist do, dee konzeptuell schafft oder wou ee muss eragefouert gi fir dass een net denkt, “wat ass dat Doen dann elo?”. D’Kënschtler, déi bei der “FuelBox” matmaachen, si Leit, déi mat hiren Hänn oder mat hirem Fotoapparat e Wierk kreéieren. An dat wëssen d’Visiteuren, dofir kommen se och, egal wéi Konscht-bewandert se sinn.

© Laurent Henn© Laurent Henn

Bei all Editioun sammelt dir jo och Geld fir eng ausgewielten Organisatioun andeems d’Kënschtler ee Wierk fir de gudden Zweck verkafen. D’lescht Joer hat dir all Kënschtler e Bidon ginn, deen se zu engem Konschtwierk verschafft hunn. Wéi gesäit de Plang fir dëst Joer aus?

LT: D’lescht Joer war effektiv déi éischt Kéier, dass mir de Kënschtler e Format virginn hunn. Vue dass mir nach e puer Bidonen iwwreg haten, konnten si dës Kéier entweder e Bidon huelen oder eng hëlze Plack, an doraus dann eppes maachen.

Den éischte Weekend ginn déi Wierker fir 250 Euro verkaf an duerno sinn da souzesoe “Solden” an d’Wierker gi fir 200 Euro verkaf, well et jo drëms geet, dass mir e soziale Präis hunn, mä och, dass awer e gewësse Montant zesumme kënnt fir d’Associatioun un déi mir spenden. 

Den Erléis geet dës Kéier un “Îles aux Clowns”, déi hei zu Lëtzebuerg an d’Klinicken, Altersheemer a souguer bei d’Leit Heem ginn, fir hinnen eng Freed ze maachen a si ënnerstëtzen a motivéieren. Dat ass elo fir d’Zweet, dass si matmaachen, wouriwwer mir eis immens freeën, well et eis wichteg ass, dass déi ausgesichten Associatioun lokal eppes mécht.

Nieft Ärer Roll als Mat-Organisateur, sidd Dir jo och ee vun de Kënschtler déi ausstellen. Wat kënne mir eis vun Ärer Selektioun erwaarden?

LT: Ech maache jo ëmmer meng Personnagen aus Holz an dës Kéier sinn se bal alleguer mat Faarf, wat och mol eppes Neies ass.

Wat géif dir iech wënschen an deenen nächsten 10 Joer nach z’erreechen oder ze maachen?

LT: Mir hu keng Ambitioun fir méi grouss, méi héich, méi wäit ze goen, mä et wier flott, nei a jonk Leit mat an d’Organisatioun eranzehuelen an, dass duerno eng Relève do wier, well nach 10 Joer packe mir, déi et elo organiséieren, net méi. Et ass awer e gewëssen Engagement an dann si mir ze al. Dofir kucke mir lues a lues, wie kéint bei eis passen, well d’FuelBox och weiderhin soll e Format bleiwen, wat mir kollegial kënnen organiséieren.

Auteurs

Valeria Wiwinius

Artistes

Laurent Turping
Yvette Rischette
Rol Steimes
André Depienne
Raymond Colombo
Michel Heisbourg
Tino Camarda

Institutions

Commune de Bettembourg

ARTICLES