Lauschtergeschichte fir Kanner vun 3 bis 4 Joer

Lauschtergeschichte fir Kanner vun 3 bis 4 Joer

Kannerkëscht 100,7

De Média de service public 100,7 lancéiert en neien Appel à projets fir Podcaste fir seng “Kannerkëscht”, d’on-demand Plattform vum Radio 100,7 mat Geschichten an Informatioune fir Kanner tëscht 3 an 12 Joer. Bei dësem Projet geet et dem MSP 100,7 drëm, seng Offer fir Kanner weider auszebauen, mat innovativen, héichwäertegen, neien an exklusiven Inhalter – a Lëtzebuerger Sprooch an ugepasst un de Lëtzebuerger Kontext. 

Den Appel à projets viséiert d’Produktioun vu mindestens 12 Episode vun 6-12 Minutten. Den Appel adresséiert sech u Produzenten, déi déi komplett Produktioun ofsécheren an dofir déi néideg Ekipp vun Auteur(en), Regisseur, Touningenieur, Schauspiller, Illustratoren, etc. zesummestellen.

Déi gesichte Lauschterspiller solle sech u Kanner am Alter vun 3 bis 4 Joer adresséiere, also u Kanner aus der Education précoce. D’Lauschterspiller solle fir d’Kanner eng amusant a léierräich Ënnerhalung sinn, déi ouni Biller oder Ecran hier Fantasie ureegt an hier Sprooch beräichert. 

Mat der Finanzéierung vun der kompletter Produktioun akzeptéieren d’Produzenten an d’Auteuren, dem Média de service public 100,7 eng exklusiv Notzungslizenz fir d’ganz Dauer vun de Droits d’auteur op de Projet ofzetrieden. 

Dëst ass den drëtten Appel, deen den MSP 100,7 zënter Januar 2025 lancéiert. D’Produktioun aus dem éischten Appel, “Dräi luusseg, muusseg Monsteren”, kann an der Zwëschenzäit op kannerkëscht.lu gelauschtert ginn. 

ARTICLES