The Horse Blinders - Raufaser
Blues Stage
Musique
Autres
gratuit

„Raufaser“ heescht no „… an nach ee schéinen Dag“ vun 2023 deen neien CD vun den Horse Blinders a versteet sech als déif Verbeugung virun all deene Museker a Musekerinnen, all deene Gruppen a virun allem Fans, déi d’Rock- a Bluesmusik hei zu Lëtzebuerg grouss gemaach hunn. 


From ECHO.lu

„Raufaser“ sinn 10 fonkelnei Lidder fir 10 Lëtzebuerger Stied. No der éischter Präsentatioun zu Ettelbréck am CAPE mat der Hymn „Ettelbréck – Sylvester an der Däichhal“ kënnt dir elo gespaant sinn, wat den Horse Blinders an deenen anere Stied agefall ass. Loosst iech iwwerraschen! 

De Roland Meyer spillt d’Gittar an huet d’Stécker komponéiert a getext, de Roger Melcher séngt se op seng eemoleg Aart a Weis, de Mulles Scholtes wierzt dat Ganzt mat delikaten Akkorden a suergt fir de gudden Toun. Den Jake Bock op der Batterie gëtt den Tempo un an hält de Buttek zesummen an de Ron Mullenders leet d’Fëllement mat Wuppes a Fangerspëtzegefill um Bass. 


Op der Tournée gëtt d’Equipe vun den “Horse Blinders” ëmmer nees duerch d’Noémie Leer, d’Candy Windeshausen an och den Daniel Eischen ënnerstëtzt.


“Mir lauschteren d’Horse Blinders, well et ee Stéck Lëtzebuerger Kultur ass.” 

 

.
Emplacement
Environnement
Plein air
Public
Pour tous publics
Langues
Luxembourgeois