D'Prinzessin op der Ierbes
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Spectacle vivant
Théâtre
Luxembourgticket à partir de 8.00 €
LuxembourgTicket

Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn!

From ECHO.lu

 

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.

Et huet awer eng richteg misse sinn.

De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen.

Mee ëmmer war eppes verkéiert…

.

 

D’Kënschtler·innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

 

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Emplacement

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Um Kinneksbond
L-8210 Mamer
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Luxembourgeois