living

living

E Living an Amerika

Eng musikalesch Satir

Plus d'information

(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill aus Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert, datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert. 
Déi ganz Famill mecht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees. Mee wéi si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt. Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro... 
Eng ural Story? Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
En historesch korrekt erzielten Drama? Neen.
 
D’Geschicht widderhëlt sech, a Parallelen zu haut sinn net ze iwwer-sinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.
 
E Living an Amerika - eng Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer. Dësen original Lëtzebuerger Musical baséiert op enger Iddi vum Yves Bourgnon. De Roland Gelhausen huet den Text geschriwwen, d’Musek ass vum Georges Urwald, an ënnert der Regie vum Jacqueline Posing-Van Dyck spillen eng ganz Rei bekannt Lëtzebuerger Schauspiller a Sänger.

Text: Roland Gelhausen
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Musek: Georges Urwald
Bühnebild: Christoph Rasche
Kostümer: Christian Klein
Choregraphie: Michel Raphael Turpel
Mat: Al Ginter, Carlo Hartmann, Steven Klopp, Monique Melsen, Michel Raphael Turpel an engem Gemëschte Chouer
 
Live Orchester: Georges Urwald (Cembalo), Renata van der Veyver (Braatsch), Nataša Grujovi? (Akkordeon), Pol Dahm (Tenorsaxofon), François Ewen (Sousafon), Franck Hemmerlé (Perkussioun)
 
Eng Coproduktioun: Yves Bourgnon, Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond/ Centre Culturel Mamer


Contacts pour cet événement

Téléphone (Contact): 00352 26 72 39 500
E-mail (Réservation): caisse@trifolion.lu


Partager cette information

 
Adresse et carte

2 Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH
Luxembourg


Afficher sur la carte
Quand
Date(s) et horaire(s)

04/05/2017

20h00 – 22h00
Jeudi, 04/05/2017


Ajouter à mon calendrier
prix d'entrée

25€ (ermäßigt 15 / 11 )

Tickets

04/05/2017 20h00
Tel: 00352 26 72 39 500

Sélectionnez la recherche avancée:

événements / adresses

connect with culture