zoom

zoom

Performance - E Monolog

Slideshow
zoom
zoom

Plus d'information

De Benoît Pleimer schafft op der Bank.

De Benoît Pleimer ass an enger gutt beduchter Famill opgewuess. Do krut en alles wat e wollt, just net dat, wat e gebraucht huet.

Haut den Owend erklärt en, firwat en do steet, wou en elo steet - ass et wéinst senger Mamm? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen? der Relioun? oder well e, wéi e kleng war kee "Fernseh" huet dierfe kucken, well "Fernseh" ass fir déi, di op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen: "d'Locatairen", d'Aarbechter, d'Auslänner...

Wéi gesot, de Benoît Pleimer schafft op der Bank.

An haut den Owend ass e mi laang bliwwen. E wäert och bis muer de Moien do net fortgoen. A wann en da geet, da fir richteg, a mat him nach e puer anerer. Esou wéi et ausgesäit och seng Mamm.

Mee vläit ass dat, wat de Benoît virhuet, jo « just », wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand
Spill: Jules Werner
Text: Guy Helminger
Inszenéierung: Anne Simon
Bühn: Anouk Schiltz
Produktioun: Théâtre du Centaure, KHN
Opféierungen am Théâtre du Centaure: 18.-30.11., 1.-4.12.2016 (www.theatrecentaure.lu)
Opféierung am CAPE: 15.12.2016 (www.cape.lu)


Organisations reliées

- Kulturhaus Niederanven asbl., NIEDERANVEN - Luxembourg


Partager cette information

 
Adresse et carte

145 ROUTE DE TREVES
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg


Afficher sur la carte
Quand
Date(s) et horaire(s)

09/12/2016 - 10/12/2016

20h00


Ajouter à mon calendrier
prix d'entrée

gratuit

Tickets

09/12/2016 20h00

Sélectionnez la recherche avancée:

événements / adresses

connect with culture