living

living

E Living an Amerika

vum Roland Gelhausen/Georges Urwald/Jacqueline Posing-Van Dyck

Résumé

(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill aus Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert, datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert.
 


Plus d'information

(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Di ganz Famille mëcht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees. – Mee wéi si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt. Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro...
Eng ural Story? Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen.
D’Geschicht widderhëlt sech, a Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.
E Living an Amerika - eng witzeg Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer. Dësen original Lëtzebuerger Musical baséiert op enger Iddi vum Yves Bourgnon. De Roland Gelhausen huet den Text geschriwwen, d’Musek ass vum Georges Urwald, an ënnert der Regie vum Jacqueline Posing-Van Dyck spillen eng ganz Rei bekannt Lëtzebuerger Schauspiller a Sänger.
Text: Roland Gelhausen
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Musek: Georges Urwald
Bühnebild: Christoph Rasche
Kostümer: Christian Klein
Choregraphie: Michel Raphael Turpel
 
Mat: Eugénie Anselin, Al Ginter, Carlo Hartmann, Steven Klopp, Monique Melsen, Michel Raphael Turpel an engem Gemëschte Chouer
 
Live Orchester: Georges Urwald (Cembalo), Renata van der Veyver (Braatsch), Nataša Grujovi? (Akkordeon), Pol Dahm (Tenorsaxofon), François Ewen (Sousafon), Franck Hemmerlé (Perkussioun)
 


Contacts pour cet événement

Téléphone (Billetterie): 003524708951
E-mail (Infos): info@tnl.lu
Internet: www.tnl.lu
Internet: www.luxembourgticket.lu


Organisations reliées

- Théâtre National du Luxembourg (Organisation), LUXEMBOURG - Luxembourg


Partager cette information

 
Adresse et carte

194 ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG
Luxembourg


Afficher sur la carte
Quand
Date(s) et horaire(s)

04/02/2017 - 16/02/2017

20h00 – 21h30
05/02/2017 17h00 – 18h30
12/02/2017 17h00 – 18h30
Samedi, 04/02/2017
Dimanche, 05/02/2017
plus


Ajouter à mon calendrier
prix d'entrée

30€ (adulte)
15€ (jeune de moins de 26 ans)
1.5€ (Kulturpass)

Tickets

04/02/2017 20h00

Sélectionnez la recherche avancée:

événements / adresses

connect with culture