maennchen

maennchen

De schéine Männchen

de Guy Rewenig

Plus d'information

(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Vun engem Dag op deen aneren ass op eemol alles ganz anescht, wéi et war: Zwou Fraen an e Mann, déi bis dohinner gemittlech a kammout an hirem smart home gelieft hunn, musse sech komplett nei organiséieren, fir net ënnerzegoen. Si geroden uneneen, maache sech Virwërf, bekriche sech, probéieren, d'Situatioun an de Grëff ze kréien, lamentéieren oder loossen hirer Roserei fräie Laf. Wie gewënnt? Deen narzissteschen, egozentresche Mann? Oder déi zwou energesch Fraen, déi matzen an der Katastroph eng praktesch Léisung fir d'Iwwerliewe fanne wëllen?
 
A senger turbulenter Farce voller clownesker Elementer erzielt de Guy Rewenig, wat geschitt, wann dee gewinnte Liewenskader onerwaart zesummebrécht. An deem groussen Duercherneen geet et just op den éischte Bléck drëm, wie méi clever ass: Mann oder Fra? D'Stéck De schéine Männchen parodéiert déi klassesch Rolle-klischeeën, déi um Enn net méi gräifen, well jidderee struewele muss, fir sech iwwer Waasser ze halen. D'Zesummeliewe gëtt ëmmer méi eng duerch an duerch lächerlech Geschicht.
 
D'Stéck kann een "tëscht den Zeilen" och als klengen Hommage un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Marcel Reuland gesinn, deen a sengem Spill vun der Bidden (1946) déi mëttelalterlech Farce du Cuvier neiverschafft huet. De Guy Rewenig geet a senger Versioun nach e Schratt méi wäit a weist e "modernen" Trio an enger Gesellschaft, déi sech selwer an e Fiasko dreift. 
 
De schéine Männchen ass dem Frank Hoffmann seng aacht Rewenig-Inszenéierung, no Matzen am Wanter brennt den Äisbierg (1983), Fräi Nuecht (1985), De Meeschter fällt vum Himmel (1987), Die Maikäfer überfallen ein Landhaus (1988), Eisefrësser (1994), Summerzauber (1997) a Schock la Muuss (2006).
 


Contacts pour cet événement

Téléphone (Billetterie): 003524708951
E-mail (Infos): info@tnl.lu
Internet: www.luxembourgticket.lu
Internet: www.tnl.lu


Organisations reliées

- Théâtre National du Luxembourg (Organisation), LUXEMBOURG - Luxembourg


Partager cette information

 
Adresse et carte

194 ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG
Luxembourg


Afficher sur la carte
Quand
Date(s) et horaire(s)

16/11/2016 - 18/12/2016

20h00 – 21h30
20/11/2016 17h00 – 18h30
18/12/2016 17h00 – 18h30
Mercredi, 16/11/2016
Jeudi, 17/11/2016
plus


Ajouter à mon calendrier
prix d'entrée

20€ (adulte)
1.5€ (Kulturpass)
8€ (jeune de moins de 26 ans)

Tickets

16/11/2016 20h00

Sélectionnez la recherche avancée:

événements / adresses

connect with culture