C019 mir ginn an den Zoo

C019 mir ginn an den Zoo

Les Enseignants du Conservatoire d'Esch-sur-Alzette en Concert

Plus d'information

(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Mir ginn an den Zoo!

Wéi kléngt eng Spann mat 7 Been, eng rout
russesch Rat, een opgedréinte klenge wäissen
Ieselchen, eng iwwerbeschäftegt wibbeleg
Bei …?

Déi 3 Komponisten Jacques Ibert, Pierre-
Max Dubois a Colin Cowles hu sech des
Fro och gestallt an dobäi si ganz lieweg an
uspriechend Kompositiounen fir Saxophon a
Piano entstanen.

Och de Francis Poulenc huet sech
musikalesch mat engem Déier ausenaner
gesat, dem Babar, deem klengen Elefant, deen
sech an déi grouss Stad rett, nodeems e Jeeër
seng Mamma erschoss huet.

Des Geschicht gehéiert wuel zu de Klassiker
vun der franséischer Kannerliteratur. De Jean
de Brunhoff huet dem Babar seng Aventuren
1931 geschriwwen. Em 1940 huet de Francis
Poulenc des Geschicht fir Piano Solo vertount.

D’Nadine Kauffmann huet den Text op
Lëtzebuergesch iwwersat. Mam Annie Kraus
um Piano presentéieren si des schéi Geschicht
am Duo, wou sech Erzielung an usprochsvoll
Pianoskläng ofwiesselen.

Um Programm Stécker vun den Komponisten
Jacques Ibert, Pierre-Max Dubois, Colin
Cowles an Francis Poulenc.

D’Geschicht vum Babar, dem klengen Elefant
Text: Jean de Brunhoff
Musek: Francis Poulenc

Annie Kraus :
Piano
Nadine Kauffmann :
Saxophon, Erzieler


Partager cette information

 
Adresse et carte

50 RUE D'AUDUN
L-4018 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg


Afficher sur la carte
Quand
Date(s) et horaire(s)

25/03/2017

11h00
Samedi, 25/03/2017


Ajouter à mon calendrier
prix d'entrée

17€ (adulte)
9€ (jeune)

Tickets

25/03/2017 11h00
Vente Internet à partir du 1 septembre 2016
Réservation seulement par carte commande le mois d'août 2016
Kulturpass € 1,50 réservation en caisse

Sélectionnez la recherche avancée:

événements / adresses

connect with culture